Search

You may also like

Brasilien gëtt zur Gefor fir d‘Weltgemeinschaft
International Neiegkeeten

Brasilien gëtt zur Gefor fir d‘Weltgemeinschaft

Gesondheetsminister a Brasilien sinn, heescht ee prekäre Job unhuelen a

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell
International Neiegkeeten

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell

D‘Friddensfuerschungsinstitut SIPRI, huet haut säi Bericht iwwert d‘Waffenexporter fir den

FSPL: Hoffnung fir Syrien
International Neiegkeeten

FSPL: Hoffnung fir Syrien

Viru kuerzem hat d‘Fridden- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) an Zesummenaarbecht

Déi Lëtzebuerger EU-Deputéiert zum Finanzsommet

Déi Lëtzebuerger EU-Deputéiert zum Finanzsommet

Nom EU-Finanzsommet ass virum groussen Debat an der Ofstëmmung am EU-Parlament. Véier vun eise sechs Europadeputéierten, hunn sech zu de Verhandlunge Gedanke gemaach a wäerten esouwuel de Konjunkturpak wéi och de Budget an hire Fraktioune beroden. Et ass net dovunner auszegoen, datt si sech deem wäerte widdersetzen, mee eng e4ege Meenung dozou hu se awer.

Esou de Marc Angel (LSAP) deen an dësem Accord näischt „Historesches“ erkenne kann. Him gefält et net, datt de Volet „Rechtsstaatlech“ hei ënnert d‘Rieder komm ass, besonnesch wou déi Länner (Polen an Ungarn), wou sech mat Hänn a Féiss géint dëse Passus gewiert hunn, selwer stänneg a Verfare verwéckelt sinn, an sech och vun den EuGH-Urteeler net beandrocke loossen.

Beim pluriannuelle Budget dogéint, gesäit de Marc Angel Fortschrëtter: eng Tax fir de Plastik an den digitale Business, wéi och op d‘Finanztransaktiounen, wieren eng gutt Saach. Datt et elo awer scho Beschneidunge bei de Programmer fir Klima, Fuerschung a Gesondheet gëtt, mëssfällt him. Och d‘Rabatter déi den Nettozueler zougestane goufen, entspriechen net sengem Verständnis.

Beim Charel Goerens (DP) dréint et sech erwaardungsgeméiss ëm d‘Geld. Hien ass net wierklech iwwerzeegt, datt een hei ee gudden Accord an Hänn hält. Fir de liberalen EU-Deputéierten ass et d‘EU-Parlament, datt bei dëse Verhandlunge geschwächt ginn ass. Dëst géint d‘Opsiicht iwwer gutt 40% vun den Ausgabe verléieren, wat béi 1,8 Billiounen Euro richteg vill Geld ass.

Och fir hie sinn d‘Beschneidunge vun de Programmer: Klima, Fuerschung a Gesondheet, de falsche Wee. Dat wier de Rabatter geschëlt, déi den Nettozueler zougeschoustert goufen. Zudeem wier et falsch gewiescht bei de Konditiounen zur Rechtsstaatlechkeet anzeknécken. Hei wier den Ungar Viktor Orban de klore Beneficiaire an dat kéint anerer op droleg Gedanke bréngen.

Fir d‘Tilly Metz (déi gréng) ass den Ausgang vum EU-Finanzsommet net am Sënn vun der Bierger an dem Wonsch no Klimaschutz. Nieft der sanitärer Kris, déi d‘Welt an der Gitt huet, géif et nach ëmmer eng Klimakris, an déi wier esou net ze iwwerwannen. Och dem Tilly Metz stéisst et batter op, datt een d‘Budgete fir Fuerschung a Gesondheet stramm gekierzt hätt. Eng falsch Decisioun?

An den Ae vu der engagéierter Politikerin schonn, och wann et wahrscheinlech de Präis ass, deen de Konsens gefuerdert huet. Si hätt sech ee wäitaus méi ambitionéierte Konjunkturpak vun dësem Finanzsommet erwaart, an ass entspriechend enttäuscht. Op d‘EU-Parlament dann elo wäert op d‘Barrikade goen? Dat wuel éischter net, mee et dierften eng Rei Amendementer proposéiert ginn.

Fir déi europäesch CSV-Deputéiert Isabel Wiseler-Lima, war et laang d‘Angscht, datt et net géif zum Accord kommen, déi virgeherrscht huet. Si ass dann elo och frou, datt et gelongen ass, an déi 27 der Welt bewisen hunn, datt een an der Unioun och mat ënnerschiddleche Meenungen den Zesummenhalt net a Fro gestallt hätt. Mir brauchen d‘EU, an dat wier de Memberen och bewosst.

Si huet déi gutt Aarbecht vun der däitscher Bundeskanzlerin an dem franséische President gelueft, bedauert awer – wéi wuel déi allermeeschten – datt ee bei de Subventiounen, déi vu 500 op 390 Milliarde gekierzt goufen, net déi gewënschte Solidaritéit gewisen huet. Déi drastesch Kierzungen an de scho genannte Programmer, sinn och fir d‘Isabel Wiseler-Lima, eng schlecht Entscheedung.

Related topics Covid19, EU-Budget, EU-Sommet, Finanzhëllefen, Finanzsommet, Reformen, Wirtschaftskris
Next post Previous post