Search

You may also like

Et ass sech op héijem Niveau ausenanergesat ginn
International Neiegkeeten

Et ass sech op héijem Niveau ausenanergesat ginn

Fir déi jonk Lëtzebuerger Pilotin Zoe Knebler, war de leschte

Problem-Quartiere Gar a Bouneweg
International Neiegkeeten

Problem-Quartiere Gar a Bouneweg

Wéi d‘Stad Lëtzebuerg matgedeelt huet, hunn sech leschten Donneschdeg d‘Buergermeeschtesch

EU-Parlament viru konstituéirender Sëtzung
International Neiegkeeten

EU-Parlament viru konstituéirender Sëtzung

Während gëschter den ganzen Dag iwwer a bis an d‘Nuecht

EU-Finanzsommet geet an d‘Verlängerung

Dank engem iwwerschaffte Verhandlungsvirschlag huet de Charles Michel eppes Beweegung an déi festgefueren Diskussioune bruecht, mee vun engem Duerchbroch sinn déi 27 „Partner“ nach ganz wäit ewech. Op hinnen de Kompromëss um haitege Sonndeg geléngt?

EU-Finanzsommet geet an d‘Verlängerung

Via Twitter huet de Spriecher vum EU-Rotspresident Charles Michel kuerz viru Mëtternuecht der Welt matgedeelt, datt déi 27 Staats- a Regierungscheffen de gemeinsamen Nenner nach net fonnt hunn a haut am Nomëtteg fir déi drëtt Ronn an de Ring klammen. Well een am grousse Grupp net weiderkomm ass, hat den EU-Rotspresident déi weider Schrëtt a „klenge Kreesser“ beroden.

EU

Den EU-Rotspresident huet mat de gréissten Demandeuren, dem italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte an dem spuenesche Premierminister Pedro Sanchez, a Begleedung vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen, der Bundeskanzlerin Angela Merkel an dem franséische President Emmanuel Macron no Kompromëssbereetschaft gesicht © EUCO

Säi Job huet sech gëschter – virsiichteg ausgedréckt – virun allem op d‘Sich no Usätz beschränkt, unhand deenen sech nei Propose ausschaffe loossen. Den italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte huet per Videomessage wësse gelooss, datt d‘Verhandlungen haart an zéi sinn. Bei den zentrale Froe bleiwen d‘Staats- a Regierungscheffe zerstridden, och wann dat relativiséiert gëtt.

Esou huet den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz sengersäits gemengt, datt een um richtege Wee wier. Hie gehéiert zum Club vun de „spuersame véier“ (Dänemark, Éisträich, Holland a Schweden) a vun deenen ass gewosst, datt si net d‘Noutwennegkeet vun enger séierer Léisung gesinn. De Charles Michel huet sech dann och primär mat dären hire Fuerderunge beschäftegt.

EU

Den EU-Rotspresident Charles Michel am „Tête-à-tête“ mam hollännesche Ministerpresident Mark Rutte. Den Hollänner ass stramm dergéint den Italiener an de Spuenier Geld ze schenken, besonnesch well déi sech géint Reforme wieren an net mat Geld ëmgoe kënnen. Mee och d‘Dänen an d‘Schweden wëlle keng „Kaddoen“ ouni Konditioune maachen. © EUCO

Den EU-Rotspresident konnt um globale Montant vu 750 Milliarden Euro fir de Konjunkturplang festhalen, mee et sollen elo nëmmen nach 450 Milliarden als Zouschoss, dofir 300 Milliarden als Kreditter opgewannt ginn. Déi „spuersam véier“ hunn awer grondsätzlech eppes dergéint Geld ze verschenken an hinne sinn och 450 Milliarden, déi net mussen zréckbezuelt ginn, nach ze vill.

Woubäi dem EU-Rotspresident seng Propos am Detail nach eng Rei aner Changementer enthält. Aus Diplomatekreesser heescht et, datt alles roueg a konstruktiv diskutéiert gi wier, mee leider nach vill ongekläerte Punkten opstinn. Beim Owesiesse konnt de Charles Michel dann nach emol déi verschidde Kompromësslinne vu sengem Standpunkt aus beliichten. Op et eppes bruecht huet?

EU

Géint eng gutt Portioun Fritten – ëmmerhi fënnt den EU-Finanzsommet zu Bréissel statt – huet och de Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel näischt anzewennen. An eng Aluedung vun der belscher Premierministesch Sophie Wilmès, besonnesch wann d‘Fritte vun der „Maison Antoine“ kommen, war tëscht zwou Aarbechtssëtzungen duerchaus wëllkomm. © Sophie Wilmès (via Twitter)

D‘Äntwert kéint et méiglecherweis schonn haut ginn, woubäi net auszeschléissen ass, datt och de Méindeg als Verhandlungsrallonge muss hierhalen. Mee et soll jo nach Wonner ginn, an vläicht geléngt de 27 um haitegen Nomëtteg jo awer den Duerchbroch. D‘Verhandlunge sinn an dësem Kontext och dowéinst esou schwéier, wëll et ausser dem Konjunkturplang och ëm de Budget geet.

mat indymedia/bru

Foto: Trotz enger eeschthaft ugespaanter diplomatescher Situatioun, bleift nach Zäit fir eppes gutt Laun. © EUCO

Related topics Covid19, EU-Budget, EU-Sommet, Finanzhëllefen, Finanzsommet, Reformen, Wirtschaftskris
Next post Previous post