Search

You may also like

Stade de Luxembourg – Éischt Matcher fir Mäerz 2021 virgesinn
International Neiegkeeten

Stade de Luxembourg – Éischt Matcher fir Mäerz 2021 virgesinn

Den neie Lëtzebuerger Stadion, oder och offiziell, kloer an einfach

money
Tourismus: Et ginn der ëmmer méi
International Neiegkeeten

Tourismus: Et ginn der ëmmer méi

Eigentlech wier domadder dee vum Wirtschaftsministère virgestallte Bilan zum éischte

Sea-Watch: 3 Froen un un d’Bord-Schräinerin Insa
International Neiegkeeten

Sea-Watch: 3 Froen un un d’Bord-Schräinerin Insa

D’Insa ass Schräinerin u Bord vun der Sea-Watch 3. D’Noutsituatioun

EU-Sommet: Staats- a Regierungscheffe fir de Klima

Bis 2050 wëllen all d‘Memberlänner Klimaneutral ginn, Tschechien hält sech un der Atomkraaft fest

EU-Sommet: Staats- a Regierungscheffe fir de Klima

Bis spéit an d‘Nuecht eran hunn d‘Staats- a Regierungscheffe vun der europäescher Unioun iwwert dee vun der EU-Kommissiounspresidentin virgestallte Klimaplang verhandelt. Zil ass et, datt d‘EU bis 2050 Klimaneutral gëtt. Erauskomm ass ee Kompromëss mat „Ausnahmen“.

Klima

Den EU-Rotspresident Charles Michel huet seng Freed via Twitter verkënnt, mee wouriwwer huet ee sech eigentlech ze freeën? Polen, Tschechien an Ungarn hunn laang mat zwee Féiss op der Brems gestanen, well si emol fir unzefänke konkret Zousoen zu Finanzhëllefe wollten, dat et hinne soll erméiglechen hir Wirtschaft nei opzestellen. Si hunn hire Wëlle kritt…

Fir Polen ass eng Ausnam zréckbehale ginn, nodeems eng länger Iwwergangsphas fir d‘Transitioun am Energiesecteur gefuerdert gi war. Et ass dann och dat eenzegt Land, datt sech nach net zur Ëmsetzung vun den Ziler bekannt huet. Déi Entscheedung fält fréistens am Summer 2020, falls et zu enger Eenegung mat der Kommissioun kënnt, wat d‘Finanzhëllef betrëfft.

D‘Tschechen hirersäits wëllen, datt festgeschriwwe gëtt, datt si Atomkraaftwierker notzen dierfen. Allgemeng awer, esou zumindest d‘Siicht vun der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel, gëtt et keng Spaltung bannent der EU, just e Memberland dat eppes méi Zäit brauch, fir d‘Ëmstellung als eng Noutwennegkeet ze erkennen, dem Klimawandel eppes entgéintzestellen.

Klimaneutral bis 2050

Wann Europa awer säin ambitiéist Zil erreeche wëll, bedeit dat näischt anescht, wéi datt bis 2050 all Zäregasen entweder verhënnert oder gespäichert musse ginn. Polen, Tschechien an Ungarn wieren awer nach ëmmer „ofhängeg“ vum wéineg klimafrëndlechen Energieträger Kuel. Dat trëfft ganz besonnesch op Polen zou, déi 77% vum Stroum mat Kuelekraaftwierker produzéieren.

KlimaDe polnesche Ministerpresident Mateusz Morawiecki verlaangt, datt sengem Land en aneren Zäitplang zougestane gëtt an huet ervirgehuewen, datt Polen eng Ausnameregelung zougesprach krut. Am Juni 2020 wëll een sech dann nach emol iwwert de Sujet ënnerhalen. Eigentlech wollt d‘Regierung vu Polen duerchsetzen, eréischt 2070 d‘Klimaneutralitéit ëmgesat ze hunn.

Bei den Tscheche sinn d‘Fuerderungen eppes anescht orientéiert. Si fuerderen net manner, wéi dat d‘EU den Atomstroum als „gréng Energie“ unerkennt. Dat hat de Widderstand vun Däitschland an Éisträich zur folleg. Lëtzebuerg ass strikt dergéint an huet Rezent säi Klimaschutzgesetz virgeluecht an deem Atomkraaft explizit als Energieliwwerant ausgeschloss ginn ass.

mat indymedia/bru

Related topics EU-Klimaplang, EU-Kommissioun, EU-Sommet, Green Deal, Kompromëss
Next post Previous post