Search

You may also like

Véier Filmer beim 72. Festival vu Cannes!
Business Geek Money Neiegkeeten WTF

Véier Filmer beim 72. Festival vu Cannes!

Als Minister fir Kommunikatioun a Medie war de Xavier Bettel

USA: Prozessoptakt am Fall George Floyd
Business Geek Money Neiegkeeten WTF

USA: Prozessoptakt am Fall George Floyd

Bal ee Joer nom Doud vum George Floyd – den

De Sultan mécht Eescht an d‘Grenzen op
Business Geek Money Neiegkeeten WTF

De Sultan mécht Eescht an d‘Grenzen op

Dem Sultan Recep Tayyip Erdogan seng militäresch Invasioun am syreschen

geekmoneysurprise

Lëtzebuerger Start-up kritt EU-Impfpass-Optrag

Lëtzebuerger Start-up kritt EU-Impfpass-Optrag

Wéi d‘EU-Kommissioun moien.lu op Nofro confirméiert huet, ass et eng Lëtzebuerger Start-up déi den Zouschlag fir Maartaféierung vum Europäeschen Impfpass kritt. Dat nodeems de Wirtschafts- Affekot a Minister Franz Fayot (LSAP) an de sozialen Netzwierker – ouni de Numm vun der Start-up ze nennen – Undeitunge gemaach hat. Och d‘Handelskummer huet den Accord conmfirméiert.

Am kuerz gefaasste Post vum Minister, gouf begréisst, datt den Impfpass-Projet – digital an och op Pabeier – vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg ausgeschafft gëtt. Méiglech gemaach huet dat awer och déi grouss Ënnerstëtzung vu ville private „Partner“. D‘Virfinanzéierung gëtt deels aus der Staatskeess, deels vun der BIL an dräi Assurancen (déi wollten net genannt ginn) garantéiert.

Fir sécherzestellen, datt op de leschte Meter keng Feeler gemaach ginn, a wuel och well de Projet muss kredibel sinn, sinn de Jean-Louis Schiltz an den Henri Grethen als „Kontrollorgan“ ernannt ginn. Hir Expertise, mee ganz besonnesch déi gutt Bezéiung zu jonken Entrepreneuren an hirer Lobby wier essentiell; dat bestätegt en Ziedel, deen eis d‘Botzfra vum Ministère zougestach huet.

Och säitens Luxinnovation an dem Haus vun de Start-Ups, konnt confirméiert ginn, datt déi vum Minister getätegt Ausso an d‘Bestätegung vun der Kommissioun esou stëmmeg sinn. Et wier hinnen – aus Grënn vum Dateschutz – leider elo och net méiglech op d‘Start-up anzegoen, an esouguer wann et méiglech wier, dierft iwwer Inhalt vun dësem Vertrag mat der EU näischt verrode ginn.

E bëssi ass awer gewosst

De Vertrieder vu „Luxembourg Digital Nation“, Lee Nucks, weist awer drop hin, datt den Deal wäit iwwert d‘Start-up eraus geet, a méi national Acteure sollen agebonne ginn. Esou soll sech d‘Imprimerie Centrale S.A. – nodeems si d‘Chamberbliedchen elo awer net drécken dierf – mam Drock vum europäeschen Impfpass beschäftegen. Mécht Sënn, de Pass soll fälschungssécher sinn.

Op RTL erkläert de Lee Nucks, datt Lëtzebuerg sech wärend der Pandemie als den europäesche Softwarententwécklungskompetenzzentrum ervirgedoen hätt. Déi ganz Welt géif zur Bekämpfung vun der Pandemie op déi digital Kompetenz vu Lëtzebuerger Entreprise zeréckgräifen. Brasilien wier nach eppes renitent an d‘Chinese wéinst de Sanktiounen nach eppes getouft, mee et leeft.

Och um Finanzministère ass d‘Freed iwwert dësen Zouschlag fir eng Lëtzebuerger Start-up grouss. De Pierre Gramegna (DP) huet de Kolleege vum 100,7 zwar och den Numm vun dëser Entreprise net verroden, huet awer drop higewisen, datt wann d‘Vermëttlungsprimmen un déi politesch Intermediaire ausbezuelt goufen, Steiereinnamen (fir Staatskeess) am 5 stellege Beräich wäerte geleeë sinn.

Illustratioun: Eng kleng Lëtzebuerger Start-up mat engem ganz besonnesche Logo huet vun der EU-Kommissioun den Optrag kritt den europäeschen Impfpass ze finaliséieren. © Wilhelm Gunkel / unsplash

Related topics 1. Abrëll, Europäesch Unioun, Franz Fayot, Haus vun de Start-ups, Impfpass, Pierre Gramegna
Next post Previous post