Search

You may also like

Kommandant vun US-Küstewaach verdeedegt Transgender-Personal
International Neiegkeeten

Kommandant vun US-Küstewaach verdeedegt Transgender-Personal

De Kommandant vun der amerikanescher Küstewaach, Paul Zukunft, huet haut

money
Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump
International Neiegkeeten

Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump

D‘Handels- a Wirtschaftsminister gesinn sech haut zu Bréissel, fir iwwert

Ob Vëlo oder elektresche Mikrovehikel, Luuchte vir an hanne si Flicht
International Neiegkeeten

Ob Vëlo oder elektresche Mikrovehikel, Luuchte vir an hanne si Flicht

Nodeems elektresch Mikrovehikel an d’Maschinne fir de perséinlechen Deplacement am

WHO vun EU-Impfpass net iwwerzeegt

WHO vun EU-Impfpass net iwwerzeegt

Bei der Weltgesondheetsorganisatioun zu Genève hu se zolidd Bedenken, wat den ominéise vun der Europäescher Unioun geplangten Impfpass betrëfft. D‘Suerg hei: kee wéist wéi laang den Impfstoff wierkt, an ob eng Impfung d‘Kontaminatioun verhënnert.

De WHO-Regionaldirekter fir Europa, Hans Kluge, seet: „Mir verstinn, datt Regierunge mat der politescher Realitéit konfrontéiert sinn. Trotzdeem gëtt et eeschthaft Bedenken“. Woubäi och den Hans Kluge d‘Aféierung vun dësem EU-Impfpass fir onvermeidlech hält. D‘WHO allerdéngs géif dëse Schratt net recommandéieren. An da kënnt eng Ausso, déi Interessant „erfrëschend“ ass.

Esou huet den Hans Kluge nach drop higewisen, datt senger Meenung no, d‘Covid19-Pandemie nach an dësem Joer kéint op en Enn goen. 2021 wier also nach duerchgoend ee Coronavirus-Joer, duerno wier nees alles gutt… Woubäi de Mann ass vum Fach an et dierf ee jo wuel dovunner ausgoen, datt si bannent dem vergaangene Joer och Erkenntnisser a Léieren aus allem gezunn hunn.

Impfpass

Jiddefalls a mam Hiwäis datt een haut méi gescheit wéi nach d‘lescht Joer ass, gëtt den Hans Kluge dovunner aus, datt d‘Pandemie Ufank 2022 eriwwer ass. De Virus selwer wier zwar nach ëmmer on Tour, mee zumindest bréicht et ab dem nächste Joer keng stéierend Interventioune méi. Dat kléngt schonn emol zouversiichtlech, och wann sech dat esou net wëssenschaftlech ënnermauere léisst.

Zu Bréissel huet ee vun de „Bedenken“ héieren, mee um Freideg wollt keen dat kommentéieren. Hei gouf sech fir den Impfpass entscheet. Also déi europäesch Staats- a Regierungscheffen – also och de Xavier Bettel, deen an der Chamber fir gewinnt en aneren Discours hält – hunn decidéiert, datt et een Impfpass brauch. Bis Juli sollen all déi technesch Viraussetzungen dofir geschafe ginn.

Dat ass alles net wierklech nei

De Pass muss fälschungssécher sinn, soll de Mënsche Virzich bréngen (et heescht datt een dann nees an de Restaurant, den Theater oder op ee Concert dierf, esouguer Reese soll dëse „Sesam“ erméiglechen. Wierklech sënnvoll ass den Impfpass allerdéngs nëmmen dann, wann et zu enger Impfflicht kënnt. Kënnt déi net, wäert et zu gréissere gesellschaftleche Verwerfunge kommen.

Impfpass

Um digitalen Impfflicht fir d‘EU, schaffe virun allem amerikanesch IT-Entreprise wéi Microsoft, Oracle an/oder Salesforce. Op en neits vergëtt d‘EU ee ganz besonnesch sensibele – et geet hei erwisenermoossen ëm eis Gesondheetsdaten – un déi Acteuren, wou déi gréissten Anung dovunner hunn, eis/är Gesondheetsdaten ze monetiséieren. An eigentlech schaffe mir schonn esou eppes…

Zu Lëtzebuerg gëtt schonn eppes méi laang um elektroneschen Impfpass gedoktert. Dat hat sech esou am nationale Kriibsplang 2014-18 erginn. Wou deen elo drun ass, a firwat deen „ale“ gielen Impfpass vun der WHO den Instanzen net gutt genuch ass? Kee weess näischt Geneeës net, an esou wäert och weiderhi vu „Fräiwëlleg“ gebraddelt ginn. Gutt dann awer, datt 2022 alles nees gutt ass.

mat indymedia/gva/bru

Illustratioun: Datt den alen analogen Impfpass vun der WHO seng Zäit hannert sech huet, an och muss digitaliséiert ginn, dat ass gewosst. Mee brauch et nieft dësem universellen Impfpass, nach een nationalen an een europäeschen? Eigentlech net, mee wéi sollen d‘Volleksvertrieder anescht d‘Privilegie verdeelen? (William Iven / Envato)

Related topics Covid19, EU-Impfpass, EU-Kommissioun, Impfflicht, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO
Next post Previous post