Search

You may also like

LGX 2019 – Eng villfälteg Welt aus Gaming, Pop Kultur a méi!
International Meenung Neiegkeeten Stories

LGX 2019 – Eng villfälteg Welt aus Gaming, Pop Kultur a méi!

Um vergaangene Weekend huet d’LGX Luxembourg Gaming Xperience op seng

Liwwerservice op 4 Patten: Wéi de Sunny seng Nopesch ënnerstëtzt
International Meenung Neiegkeeten Stories

Liwwerservice op 4 Patten: Wéi de Sunny seng Nopesch ënnerstëtzt

Schwéier Situatiounen erfuerdere kreativ Moossnamen. Solidaritéit an Zäite vun der

Bloalge-Pescht op der Musel
International Meenung Neiegkeeten Stories

Bloalge-Pescht op der Musel

Wéi de Gesondheetsministère matgedeelt huet, ass nom Stauséi (Uewersauer) a

EU-Inneminister beroden haut iwwer EU-Asylpolitik

Den däitsche Bundesinneminister Horst Seehofer wëll Asylzenter un den EU-Baussegrenzen duerchsetzen

EU-Inneminister beroden haut iwwer EU-Asylpolitik

D‘Fro iwwer „Stierwen an Iwwerliewen“ um Mëttelmier an un de Ränner vun der EU dierft haut d‘EU-Inneminister iwwer Mooss beschäftegen. Nodeems d‘Ocean Viking virun iwwert enger Woch ronn 180 Flüchtlingen um Mier gerett huet, a wéi üblech kee Land d‘Schëff a seng Häfe wollt loossen ass et zu dramateschen Zeene komm.

Virun e puer Deeg huet de Kapitän den Noutstand missen ausruffen, well et zu Gewaltausbréch um Schëff komm ass. Eréischt du war Italien bereet d‘Mënschen op ee Quarantaine-Schëff ze huelen, wou d‘Leit op de Covid19 getest a medezinesch versuergt solle ginn. Mee de Virfall op der Ocean Viking vun der ONG SOS-Méditerranée ass éischter d‘Reegel wéi dann d‘Ausnam.

EU

Esou gesinn et d‘Faschisten (AfD) am Bundestag a genee esou gesinn et och d‘Membere vum Visegrad-Grupp. Zudeem ass och d‘EPP, déi sougenannt „europäesch Vollekspartei“ zu deenen d‘Fidesz gehéiert, net un enger humanistescher EU-Asylpolitik interesséiert.

Et gehéiert schéngt et, zur EU-Politik, méiglechst vill Leit am Mier ersaufen ze loossen, fir sech esou dem Problem ze entleedegen. Anescht zumindest léisst sech déi stänneg Behënnerung an Aschüchterung vun den ONGen, déi als eenzeg Hëllefsaktiounen um Mëttelmier duerchféieren, net erklären. Laut der IOM sinn an de leschte fënnef Joer mindestens 19.000 Mënschen erdronk.

Esou kann et net weidergoen

Besonnesch bei eisen däitschen Noperen ass de Protest immens an d‘Politik geréit ëmmer méi ënner Drock. Den Horst Seehofer, deem d‘Katastrophe bis heihinner éischter „egal“ waren, huet elo, wou Däitschland d‘EU-Rotspresidence iwwerholl huet, seng Rhetorik iwwerschafft, a versicht dem „grondsätzleche Problem“ op de Grond ze goen. Virum haitegen Treffen huet de Minister gemengt:

„Mir mussen all d‘Kräften a Beweegung setzen, fir datt et zu enger Léisung kënnt, well esou kann et net weidergoen“. Mee einfach gëtt dat net. Am leschten Hiecht haten sech Däitschland, Frankräich, Italien, Malta a déi finnesch EU-Rotspresidence op eng Aart Verdeelungsmechanismus verstännegt. Eng Koalitioun vun de Wëllege war awer dat eenzegt wat dobäi erauskomm ass.

Datt dat alles näischt bruecht huet, weisen net eréischt déi jéngste Virfäll. Griicheland, Italien, Malta, Spuenien an Zypern fillen sech eleng gelooss, verweisen sech géigesäiteg d‘Flüchtlingen zou, an ëmmer heefeger gëtt och Gewalt ugewannt, fir d‘Flüchtlingen zum Ëmdréinen ze zwéngen. Griicheland huet esouguer Spären um Waasser opgestallt, fir datt d‘Küsten net méi ze erreeche sinn.

Rette jo… eraloossen? Nee!

Wann een et eigentlech misst begréissen, datt Däitschland seng Presidence notze wëll, fir endlech bei der EU-Asylpolitik virunzekommen, esou sinn dem Horst Seehofer seng Pläng ëmstridden. Datt Séinoutrettung, Asyliwwerpréiwung an d‘Verdeele vun de Flüchtlingen enk matenaner verbonne sinn, steet ausser Zweiwel, grad wéi d‘Verweigerung vu gewësse Länner, Mënschen opzehuelen.

EU

Tëscht de Fronten: déi eenzeg déi sech seriéis Asetze fir weider Affer am Mëttelmier ze verhënneren, sinn ONGe wéi SOS-Méditerranée. Si gi vun der Politik kriminaliséiert an als Handlaanger vun de „Mënschenhändler“ duergestallt. An dat och nach zimmlech erfollegräich.

Als Léisung gesäit den däitsche Bundesinneminister vir, datt elo un den EU-Baussegrenze sollen Asylzenter geschafe ginn. Hei soll festgestallt ginn op den Demandeur en Usproch op Asyl huet. Ass deem esou soll d‘Persoun engem Land zougedeelt ginn. Migranten ouni Aussiicht op Asyl géifen da vum Asylzenter um direkte Wee an hir Hierkonftslänner zréckgefouert ginn.

Zil vun dësem „Programm“ ass et d‘Zuel vun den Asylberechtegten un de Baussegrenze séier ze reduzéieren. Den Horst Seehofer ass iwwerzeegt, datt wann dat geléngt, hien och Polen an Ungarn, wéi och aner Länner déi keng Flüchtlinge bei sech ophuele wëllen, iwwerzeegt kritt, sech mat un der Opnam vu Flüchtlingen ze beweegen. Datt deem kaum esou wäert sinn, dierf betount ginn.

Eng Opnam vun dëse Mënsche léist sech net erzwéngen

Richteg ass och, datt dat net ka geléngen, wann net all d‘Länner matmaachen, firwat den Horst Seehofer erkläert: „Wann et partout net geet, muss Solidaritéit eben anescht erfollegen: finanziell oder personell, andeems beispillsweis Personal fir d‘Grenzschutzagentur Frontex bereet gestallt gëtt“. Mat Gewaltuwennung un der Grenz hunn Ungarn a Polen jo eng gewëssen Erfarung.

Um Beispill „Moria“ léist sech allerdéngs elo schonn erkennen, datt d‘Iddi Demande fir Asyl un der Baussegrenz ze préiwen, praktesch net ëmzesetzen ass. An dësem Lager op der griichescher Insel Lesbos si Mënschen ënnert schrecklechste Konditiounen agepercht, vu Gewalt a Mësshandlunge gëtt reegelméisseg bericht. Iwwer 15.000 Mënsche waarden hei deels scho Joren op ee Verfaren.

Fir de gréngen EU-Deputéierten Erik Marquardt ass et ee System deen eenzeg derzou féiert, datt et zu humanitäre Krisen un de Baussegrenze kënnt. Zudeem hätt een zougelooss, datt den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan mat de Flüchtlinge Politik bedreift an sech Europa vun Ankara erpressbar gemaach hätt. Deen huet widderholl gedreet eis „seng Flüchtlingen“ ze schécken.

Wann ee sech bis eppes virgeholl huet

Detailfroe wéi Moria oder d‘Problemer vun den ONGen, déi wei schonns gesot nach déi eenzeg sinn, déi Séinoutrettung maachen, nodeems Bréissel seng Missiounen agestallt huet, interesséieren den Horst Seehofer awer nëmme marginal. Hie konzentréiert seng Kraaft op d‘Ofkläre vun den Asyluspréch iert et zur „Verdeelung“ kënnt. D‘Iwwerpréiwung soll zudeem och beschleunegt ginn.

EU

Natierlech sinn och d‘Argumenter fir eng séier Léisung an der EU-Asylpolitik net ëmmer ziilféierend.

Wat elo den Debat vun haut betrëfft, esou kann een dësem ënnerstellen, datt dee beschtefalls „symbolesch“ ass. Zum enge sinn déi mannsten dorunner interesséiert, an zum anere léist och d‘EU-Kommissioun op sech waarden. Si hu viru laanger Zäit ugekënnegt eng Propos fir en neien Asyl- a Migratiounspakt op den Dësch ze leeën, mee si kréien dat einfach net ronn…

Als éischt gouf do déi sanitär Kris genannt, elo géifen d‘Verhandlungen zu den EU-Finanzen dat Ganzt verzögeren a wann et esou weider geet, wäert d‘Wirtschaftskris als Virwand mussen hinhalen, datt een net virukënnt. An esou gehéiert et elo zu de Wäerter vun der EU, datt ee Mënsche léiwer am Mëttelmier erdrénke léisst, wéi datt ee sech mat hiren Asyldemande beschäftegt.

mat indymedia/ber

Foto: © Flavio Gasperini / SOS-Méditerranée

Related topics EU-Asylpolitk, EU-Baussegrenzen, EU-Inneminister, EU-Rotspresidence, Horst Seehofer
Next post Previous post