Search

You may also like

Entreprisen am Covid19-Féiwer
International Neiegkeeten Stories

Entreprisen am Covid19-Féiwer

Et ass grad emol eng Woch hir, datt d‘Regierung dat

What the Fakt – Den éischten Déiereschutzservat um afrikanesche Kontinent!
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Den éischten Déiereschutzservat um afrikanesche Kontinent!

Um Enn vum 19. Joerhonnert ware kaum nach wëll Déieren

EU-Wirtschaftssanktioune géint Wäissrussland
International Neiegkeeten Stories

EU-Wirtschaftssanktioune géint Wäissrussland

Déi Europäesch Unioun huet wäitreechend Wirtschaftssanktioune géint Wäissrussland verhaangen, nodeems

EU-Kommissioun géint Falschinformatioune virgoen

EU-Kommissioun géint Falschinformatioune virgoen

Falschinformatiounen (Fake-News) gëtt net eréischt zanter der Aféierung vum Internet, a bis ewell huet een sech um liberale Prinzip vum „de Maart reegelt dat“ orientéiert, woubäi jo och nach all Mënsch d‘Recht huet seng Meenung „fräi ze äusseren“. Dëse gesellschaftleche Problem ass mat der Covid19-Pandemie net besser ginn, besonnesch wa Fake-News institutionaliséiert ginn.

Elo ass et awer net esou, datt d‘EU-Kommissioun géint Verschwierungstheoretiker oder extrem lénks, wéi extrem riets „Propaganda“ wéilt virgoen. Nee zu Bréissel geet een den amerikanesche Wee a weist emol mam Fanger op d‘Chinesen an d‘Russen. Et ass awer richteg, datt aus dëse Länner geziilt Zweiwel un der Rechtsstaatlechkeet an demokrateschen Decisioune gestreet goufen.

KommissiounZu Bréissel sinn sech also „Spezialiste“ fänke gaangen, déi den Optrag erhalen hunn, falsch oder mëssverständlech Informatiounen opzespieren, an dës entspriechend ze entlarven. Wéi onofhängeg dëse Veräi schafft a wéi eng Virgaben ze erfëllen huet, a firwat sech quasi exklusiv op de Kontext vum Coronavirus konzentréiert gëtt, dat ass leider net op den éischte Bléck ersiichtlech.

Ob sech vill Leit op der Plattform „euvsdisinfo.eu“ wäerten ëmkucken? Wuel kaum, an och déi grouss Campagne, déi vu Bréissel gestart gouf, dierft dorunner wéineg veränneren. Dat leider och dem Fait geschëlt, datt ee viraussetzt, datt dëse Service „Vertrauenswierdeg“ ass. Mee wéi soll een engem Veräi vertrauen, wou een deen aneren säin Däiwel ass an national Interesse Virrang hunn?

Schued well ganz Informativ

Wann ee sech vill Zäit hëlt an eppes mat dëser Plattform ausenanersetzt, dierf een awer vill gutt Usätz net ausser Uecht loossen. Dës geheimnisvoll – well net genannten – Experte gräifen sech d‘Falschmeldung, a stellen déi dann ee gréisseren Zesummenhang, iert se mat „objektiven“ an iwwerpréifbare Fakte blouss gestallt ginn. Et géif drëms goen der Wourecht eng Stäip ze bidden.

KommissiounDat zumindest „mengt“ déi zoustänneg EU-Kommissärin Vera Jourova. Datt awer esou ee Projet, an deem Staaten an/oder Regierunge festleeë wat richteg, wat falsch ass, och nees fir Zweiwel bei de Leit suergt, weess d‘Politikerin. Ob et dann allerdéngs sollt domadder gedoe sinn, sech dohinner ze stellen an ze behaapten: „d‘EU-Kommissioun agéiert mat Zeréckhaltung, et geet hei net drëms ee Ministère fir d‘Wourecht ze schafen“? Wier ee Vertrauenswierdeg kéint een dat positiv beäntwerten.

Mam Vertrauen ass et awer esou eng Saach, firwat sech d‘EU-Kommissärin net op den eegene Service verloosse wëll, mee och déi grouss Acteuren aus dem virtuelle Raum wëll mat abezéien. Gemengt sinn hei an éischter Linn: Google, Facebook, Twitter a YouTube. Déi hunn sech jo virun zwee Joer verflicht, sech (fräiwëlleg) ee Verhalenskodex géint Falschinformatiounen ze ginn.

Eppes vill eesäiteg

Fir d‘Vera Jourova hätt et sech bewäert an d‘Kooperatioun hätt sech an de leschte Wochen hei och intensivéiert. Dat léisst sech esou weder dementéieren nach bestätegen, wou een dann nees séier bei der „Meenung“ ukomm ass, an déi dierf ee verëffentlechen och wann se „falsch“ ass. Positiv bleift d‘Annonce, datt sech de Kuerzvideodéngscht TikTok (China) elo och de fräiwëllege Verflichtungen unhuele wëll. Laut dem Pressecommuniqué soll et elo och Gespréicher mat WhatsApp ginn.

KommissiounUn dës „Acteure“ ass dann och d‘Fuerderung geriicht ginn, eemol de Mount ee Bericht oppen duer ze leeën, wéi si d‘Verbreedung vu Fake-News agrenzen. Sollt dëser Fuerderung net Rechnung gedroe ginn, da wëll d‘EU-Kommissärin den digitalen Déngschtleeschter nei Reguléierung op d‘A drécken. Wéi dat soll ausgesinn, a vu wéi enge „Reguléierungen“ hei geschwat gëtt steet nach op.

D‘Argument mat deem d‘EU-Kommissioun dëse Schratt begrënnt ass interessant. Esou heescht et vum Vera Jourova: „Et ass mam Internet wéi mam klassesche Wettbewerbsrecht fir Entreprisen an Europa. D‘Bierger sollten ee Notzen dorausser zéien, datt et op der Grondlag vu gläiche Reegelen e faire Wettbewerb fir fräi Meenungsäusserung gëtt. Dozou bekennt sech d‘EU“. Dat héiert sech elo gutt un, ass faktesch awer nëmme rhetoresch „waarm Loft“, well et dofir keng Gesetzer huet.

Et gëtt Geld an de Grapp geholl

Fir datt de Projet sech nohalteg installéiere kann, huet d‘EU-Kommissioun dëst Joer 9 Milliounen Euro budgetiséiert, déi „Fuerschungsgruppen“ an de Memberlänner zur Verfügung gestallt solle ginn. Wéi eng Krittären se ze erfëllen hunn, wien hei fir d‘Zesummestellung zoustänneg ass, an ob esou ee Grupp och „kontrolléiert“ gëtt? Dozou gëtt et den Ament keng zefriddestellend Äntwert.

KommissiounGewosst ass awer, dat dës Fuerschungsgruppen den Optrag hunn, dezentral nei Instrumenter am Kampf géint d‘Fake-News ze entwéckelen. Den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell, huet dann och gemengt, datt et schlicht onméiglech d‘Verbreedung vu Fake-News an Desinformatioun ze verhënneren. Et wëll een awer zumindest versichen d‘Fakte vun de Meenungen ze trennen. Hien hält dat fir d‘Grondlag vun engem funktionellen demokratesche System.

Wann een dat elo u sech misst alles begréissen, an dem EU-Faktencheck schonn dierf zoutrauen dat mam néidegen Eescht unzegoen, esou gëtt aus de Reie vum EU-Parlament awer och Kritik. Eng, déi net schlecht ass: Wann d‘Politik stänneg Virgaben a Rotschléi an d‘Welt setzt, sech awer selwer ni oder kaum dorunner hält, da sollt een den eegene Beholl korrigéieren iert een anere Lektioune gëtt.

mam Maeva Stein-Gruber, Indymedia Bréissel

Related topics EU-Kommissioun, EUvsDisinfo, Fake News, Faktencheck, Vera Jourova
Next post Previous post