Search

You may also like

Orange Week: All zesumme géint d‘haislech Gewalt
International Neiegkeeten

Orange Week: All zesumme géint d‘haislech Gewalt

Am Kader vun der Orange Week, déi vum Ministère fir

dislike
Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën
International Neiegkeeten

Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën

Spuenien, Frankräich, Italien an Däitschland  – Si sinn déi beléiftsten

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 4. Dezember)
International Neiegkeeten

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 4. Dezember)

[onionbuzz quiz-id=73][/onionbuzz]   Eng weider beweegte Woch läit hannert eis.

Gréngbuch an ëffentlech Consultatioun: Wann d’Bevëlkerung ëmmer méi al gëtt

Gréngbuch an ëffentlech Consultatioun: Wann d’Bevëlkerung ëmmer méi al gëtt

D’Liewenserwaardung vu Männer a Fraen ass am leschten hallwe Joerhonnert ëm 10 Joer geklommen. Mat enger Bevëlkerung, déi ëmmer méi al gëtt ass et wichteg, d’Chancen an d’Erausfuerderungen um politeschen Niveau ze erkennen. Dofir huet d’EU-Kommissioun e Gréngbuch virgeluecht, sou wéi eng ëffentlech Consultatioun lancéiert.

Zil ass et iwwert dës Consultatioun, un där all interesséiert Bierger an Organisatiounen aus de Memberstaaten deelhuele kënnen, méi Informatiounen dozou ze kréien, wéi eng Ënnerstëtzung d’Mënschen, hir Regiounen a Gemeinschafte brauchen. Op dëser Grondlag wëll d’Kommissioun politesch Strategien préiwen, fir d’Memberstaaten an hir Regiounen ze ënnerstëtzen.

D’Dubravka Šuica, Vizepresidentin fir Demokratie an Demografie, huet erkläert, dass d’Tatsaach, dass mir méi laang liewe wéi d’Generatioune virun eis däitlech weisen, dass eis sozial Maartwirtschaft staark an erfollegräich ass. „Si bréngt awer och nei Erausfuerderunge mat sech an erëffnet Chancen, iwwert déi mir nodenke mussen. Mat dësem Gréngbuch gëtt eng Diskussioun doriwwer ugestouss, wéi mir dat vollt Potential vun enger Bevëlkerung, déi ëmmer méi al gëtt, notze kënnen.“

Am Gréngbuch gëtt zum engen d’Geschwindegkeet an d’Ausmooss vum demografesche Wandel an eiser Gesellschaft opgewisen, sou wéi d’Auswierkungen fir d’Politik a Froen déi mir eis all stelle sollten. Et dréit ëm gesond Liewensweisen, dat liewenslaangt Léieren an d’Stäerkung vu Gesondheets- a Fleegesystemer fir eeler Mënschen.

Zum aneren gëtt och e Bléck op berufflech Karriäre geworf. Den demografeschen Trend bitt d’Méiglechkeet Aarbechtsplazen ze schafen. Ma, et muss een awer och d’Auswierkunge vum Alter op d’Karriär, d’Wuelergoen, d’Pensioun, de Sozialschutz an d’Produktivitéit berécksiichtegen. Dës Weideren gëtt op d’Wichtegkeet vun nohaltege Léisunge fir Sozialsystemer an d’Stäerkung vun der Solidaritéit tëscht de Generatiounen opmierksam gemaach.

An der Europäescher Unioun sinn 20% vun der Bevëlkerung méi al wéi 65 Joer an dëse Prozentsaz soll bis 2070 op 30% klammen. Mam Alter steigt och d’Unzuel vu potentiell laangfristeg fleegebedierftege Mënschen, déi vun 19,5 Milliounen (2016) op 23,6 Millioune bis 2030, respektiv op 30,5 Millioune bis 2050 klamme wäert.

Related topics Alter, Bevëlkerung, Chancen, Demografie, Dubravka Suica, Ëffentlech Consultatioun, Erausfuerderung, EU-Kommissioun, Fleeg, Gesondheetssystem, Gréngbuch
Next post Previous post