Search

You may also like

Kalifornien verbrennt
International Neiegkeeten

Kalifornien verbrennt

Impressionnant Biller: Den Himmel iwwert dem US-Bundesstaat Kalifornien ass „Orange“,

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff
International Neiegkeeten

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff

Säit Enn Mäerz 2020 konnt och zu Lëtzebuerg e grousst

Guatemala: Migrantekarawann gëtt gestoppt
International Neiegkeeten

Guatemala: Migrantekarawann gëtt gestoppt

Déi riseg Migrantekarawann aus dem Honduras, wou sech eng 9.000

EU-Kommissioun vum Parlament bestätegt

Ouni britesche Kommissär geet dat eigentlech net, mee d‘Juriste vun der EU wousste Rot

EU-Kommissioun vum Parlament bestätegt

Mat engem Mount Verspéidung huet d‘EU-Parlament déi nei EU-Kommissioun vum Ursula von der Leyen bestätegt. Si kann hiert Mandat elo den 1. Dezember untrieden. Bis virun e puer Deeg war et awer nach net kloer, ob et zur Ofstëmmung komme kann. Schold haten alt nees d‘Briten, déi beim beschten zouriede kee Kommissär fir d‘Kommissioun virschloe wollten.

A well de BoJo matten am Wahlkampf Besseres ze dinn huet wéi sech mat Bréissel erëmzeschloen, ass eng „onvollstänneg“ EU-Kommissioun gewielt ginn. Eigentlech léisst d‘Gesetz dat net zou, well dat verlaangt, datt all Land an der Komissioun muss vertruede sinn. Et huet missen eng Léisung zum fonnt ginn an d‘EU-Juristen haten an d‘Brexit-Ofkommes eng Aart „Sécherung“ agebaut.

EU-Kommissioun

Esou gëtt et an dësem Accord e Passus, mat deem et London ënnersot gëtt, d‘Funktionéiere vun der EU ze sabotéieren. D‘Juristen hunn zudeem der Kommissioun geroden, eng Klo géint London beim europäesche Geriichtshaff (EuGH) anzereechen. Dat gouf verbonne mat engem Bréif un de Boris Johnson, an deem hien nach emol opgefuerdert gëtt, ee Member fir d‘Kommissioun virzeschloen.

Dat erleedegt, hunn d‘Juristen de Vertrieder vun de 27 Länner am Ministerrot e Beschlosspabeier virgeluecht, an deem all dës Beméiungen am beschte Juriste-Jargon zesummegefaasst goufen. Dat alles mat enger helle Wull u Foussnouten an deenen all d‘Rechtsmëttelbeléierungen enthale sinn. Esou kann d‘EU-Parlament awer entscheeden, an dat huet et da gëschter och gemaach.

Et kann endlech lass goen

Nodeems alles gekläert war, konnten d‘EU-Parlamentarier d‘Ekipp vu 26 Kommissären unhuelen. 461 EU-Deputéiert waren dofir, 157 hunn dergéint gestëmmt an 89 hunn sech enthalen. Domatter ass dem Ursula von der Leyen säin Team komplett an fir d‘Éischt a fofzeg Joer huet Däitschland de Kommando vum Schëff „Europa“ iwwerholl. De Jean-Claude Juncker huet als éischte gratuléiert.

EU-KommissiounVirun der Ofstëmmung hat sech d‘Ursula von der Leyen nach fir hir Ekipp agesat. Si huet versprach ee fir all d‘Bierger spierbare Wandel an Europa erbäizeféieren. Et wier de Richtegen, wann och net deen einfachste Wee firwat hire Message denkbar einfach ass: „Loosst ons un d‘Aarbecht goen“.

An hirer Ried ass déi nei EU-Kommissiounspresidentin nach emol op déi wichtegst Ziler agaangen. Europa muss eng gréisser Roll an der Welt spillen, et soll zu engem bessere Klimaschutz kommen, dat am Kader vun engem „new Green Deal“, dee si quasi als éischt Amtshandlung ugoe wëll. Mee och d‘Digitaliséierung vun Europa, mat Reegelen a Standarden déi vertrauensbildend sinn.

Politesch Konzepter nei denken

Fir déi nei EU-Kommissiounspresidentin ass et imminent wichteg, datt sech d‘EU e liewensfäegt Konzept fir Asyl a Migratioun gëtt an d‘Ursula vun der Leyen huet hei op 39 Läichen an engem Killcontainer verwisen, déi a Groussbritannien opfonnt goufen. Datt een esou eppes net zouloosse kann, doriwwer misst een och net debattéieren. D‘Mënschen erwaarden hei Léisunge keng Wierder.

EU-Kommissioun

Den europäesche „Green Deal“ ass eis nei Wuesstems-Strategie. Et wäert eis hëllefen d‘Emissiounen ze reduzéieren an nei Aarbechtsplazen ze schafen. © EU Commission

Emotional gouf et kuerzzäiteg, wéi déi nei Cheffin vun der Kommissioun dem Kriibs ze Krich erkläert huet. Hir Schwëster war am Alter vun 11 Joer un dëser Krankheet verstuerwen, an si kann sech un déi grouss Hëlleflosegkeet vun hiren Elteren, mee och un d‘Betreiung vum medezinesche Personal erënneren. Si setzt wëll, datt d‘EU am Kampf géint de Kriibs eng féierend Roll iwwerhëlt.

Bei der Zesummesetzung vun der Kommissioun, wou sech d‘Ursula von der Leyen eigentlech eng Paritéit erhofft hat, huet et elo 12 Fraen a 15 Männer. Dat ass dem Fait geschëlt, datt zwee vun den designéierte Kommissärinnen an ee Kommissär vum EU-Parlament zréckgewise goufen. Als Ersatz koumen zwee Männer an eng Fra. Politesch huet dat awer keng besonnesch Bedeitung.

mat indymedia/bru

Foto: Ob dësem Bild ass dem Ursula vun der Leyen hir Ekipp (bis op een, deen nach déi oder aner Hand ze rëselen hat) ze gesinn. Elo kann et also endlech lassgoen an de Jean-Claude Juncker seng verdéngte Pensioun an Ugrëff huelen. © EU Commission

Related topics EU-Kommissären, EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresidentin, EU-Parlament, Ursula von der Leyen
Next post Previous post