Search

You may also like

D‘Solidaritéit zu Lëtzebuerg ass lueflech
International Neiegkeeten

D‘Solidaritéit zu Lëtzebuerg ass lueflech

D‘Erwaardunge vun der Käerjenger Gemeng goufen, esou déi allgemeng Ausso,

LAR-Impfzenter um Findel
International Neiegkeeten

LAR-Impfzenter um Findel

Op gëschter Méindeg, ass um Findel an de hellegen Hale

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag
International Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag

Um Freideg huet de gemëschten Doppel Molinaro/De Jong an der

Ëffentlech Ëmfro zum Boergeld: 94,94% si géint Restriktiounen

Den offizielle Rapport 2018

Ëffentlech Ëmfro zum Boergeld: 94,94% si géint Restriktiounen

D’Angscht virun der Ofschafung vum Boergeld existéiert an der ganzer Gesellschaft. Virun allem am Kampf géint de Finanzement vum Terrorismus an der Geldwäscherei ass iwwert Aschränkunge bei der Notzung vu flëssegem Geld diskutéiert ginn. Mat enger ëffentlecher Ëmfro huet déi Europäesch Kommissioun elo d’Meenung vun diversen Acteure gefrot.

Um 2. Februar 2016 hat d’Kommissioun ee Schreiwes un d’EU-Parlament an un de Rot erausginn, fir esou de Kampf géint de Finanzement vum Terrorismus ze verstäerken. Och d’Unioun muss sech den neie Bedreeungen upassen a seng Politik aktualiséieren, fir esou mat den internationalen Norme konform ze bleiwen. Bis ewell ginn et schonn a verschiddene Memberstaaten Restriktiounen zur Boergeld-Bezuelung, eenheetlech Reegelunge sinn allerdéngs nach net opgestallt ginn.

Mat enger ëffentlecher Ëmfro, déi tëscht dem 1. Mäerz 2017 an dem 31. Mee 2017 organiséiert ginn ass, hunn am Ganzen 30.317 Persounen hir Meenung ofginn. Zil vun der Etüd war et, Konklusiounen zur Notzung vum Boergeld ze zéien. D’Majoritéit vun de Participanten si kloer géint Aschränkunge bei der Bezuelung mat Boergeld.

E puer Zuelen an Informatioune vun der Ëmfro

Vun allen EU-Memberstaaten hu virun allem 3 Länner besonnesch vill Participanten ervirbruecht a representéieren esou bal 92 % bei der Ëmfro: Däitschland (11.259 Äntwerten – 37,14 %), Frankräich (10.838 Äntwerten – 35,75 %) an Éisträich (5.724 Äntwerten – 18,88 %). Zu Lëtzebuerg si ganzer 63 Äntwerten eragaangen, wat bei der ganzer Etüd 0,21 % ausmécht. Heizou muss ee soen, datt d’Zuele bei der Undeelnam esou staark variéieren, wëll et de verschiddene Länner fräi zoustoung, ob a wéi si d’Consultatioun vermaarten. Verschidde Länner hunn dobäi esou wéineg Äntwerten ervir bruecht, datt ee fir si spezifesch keng kloer Schlussfolgerungen zéie kann.

Vun alle Persounen, déi deelgeholl hunn, waren der 28.311 Persounen (93,38 %) individuell Persounen. Dës Weidere sinn nach Professioneller (Representant oder Besëtzer vun enger Entreprise, Selbststänneg – 5,89 %), Associatiounen oder professionell Organisatiounen (0,59 %) an ëffentlech Autoritéiten (0,14 %) ze zielen. Bei 53,21 % vun de Participante ginn et keng Restriktioune beim Boergeld, bei 34 % schonn. Bei der Fro, ob ee mat Restriktioune bei der Boergeld-Bezuelung averstane wier, hunn 94,94 % vun de Befrote mat Nee geäntwert.

Boergeld

© Rapport vun der Kommissioun un d’EU-Parlament an de Rot

Déi verschidde Bléckwénkelen

Bei der Ëmfro vun der Europäescher Kommissioun huet een d’Resultater ënnerdeelt an de Finanzement vum Terrorismus, Steierbedruch, Geldwäscherei an de Bannemaart.

Generell ass Boergeld déi liichtst Méiglechkeet, fir eppes ze bezuelen. Fir déi grouss Ëffentlechkeet ass Boergeld ee Mëttel vun der individueller Fräiheet, woubäi virun allem d’Bierger sech duerch Restriktioune bestrooft géife fillen.

A verschiddenen ekonomesche Secteuren, sou wéi bei klengen a mëttelgroussen Entreprisë ginn nach ëmmer héich Zommen u Boergeld genotzt, wouduerch Restriktioune grad fir dës Acteuren signifikativ Effekter géife mat sech bréngen.

Boergeld

Boergeld

© Rapport vun der Kommissioun un d’EU-Parlament an de Rot

  • Finanzement vum Terrorismus
    Grouss Quantitéite vu Boergeld gi vun Terroristen a Krimineller besonnesch gäre genotzt, fir d’Anonymitéit ze behalen an esou de Risiko, gepëtzt ze ginn, ze reduzéieren. Illegal Aktivitéite kënnen esou am Verbuergenen stattfannen.

Säit den Attentater vum 11. September 2001 kann ee feststellen, datt d’Käschten, déi mat terroristeschen Attacken zesummenhänken, ënner 10.000 € leien. Kleng Beträg wieren allerdéngs net vun der Restriktioun betraff. Dobäi muss een dann awer soen, datt et wéineg plausibel ass, datt ee Kriminellen, dee souwisou scho géint d’Gesetz verstéisst, sech vun engem weidere Verbuet géif beandrocke loossen.

  • Steierbedruch
    Wat de Steierbedruch an d’Notzung vu Boergeld ugeet, esou weist d’Etüd net iwwerall eng evident a kloer Relatioun. Ee gewësse Lien besteet, allerdéngs spillen aner Elementer och eng essentiell Roll. An Éisträich gëtt beispillsweis besonnesch vill mat Boergeld bezuelt, de Steierbedruch ass awer immens geréng. Doriwwer hinaus gëtt eng signifikativ Form vum Steierbedruch net duerch Transaktioune mat flëssege Suen ofgewéckelt.

Generell kann ee feststellen, datt Restriktiounen hei net vill brénge géifen. Et sollt een awer tëscht zwee Fäll ënnerscheeden: Deen wou d’Transaktioun béid Säite betrëfft (beispillsweis bei der Schwaarzaarbecht), an dee wou just eng Säit op flëssegt Geld zeréckgräife muss.

  • Geldwäscherei
    Fir den illegalen Ursprong vu Suen ze verschleieren, se legal wierken ze loossen an esou an der reeller Ekonomie notzen ze kënnen, muss Geldwäscherei bedriwwe ginn. Grad an dësem Fall, wou oft héich Zommen hin an hir geréckelt ginn, kéinte Restriktioune bei der Boergeld-Notzung hir Wierkung fannen. Duerch d’Obligatioun, d’Suen deklaréieren ze mussen, verschwënnt all Anonymitéit, wouduerch et ëmsou méi schwéier gëtt, Geld reng ze wäschen.
  • De Bannemaart
    Fir de gudde Fonctionnement vum Bannemarché weiderhin ze garantéiere musse gerecht Konditiounen tëscht allen EU-Memberstaaten opgestallt ginn. Dëst ass net méiglech, soulaang d’Legislatioun um Niveau vun de verschiddene Länner staark variéiert.

Verschidden Aschränkunge bei der Boergeld-Bezuelung brénge Konsumenten an Entreprisen dozou, op aner Bezuel-Methoden zeréckzegräifen, Transaktioune ganz sinn ze loossen oder hir Suen an een anert Land ze verleeën, wou keng Aschränkungen herrschen. Doduerch géife Restriktioune beim Bannemaart net vu grousser Wierkung sinn.

Boergeld

An elo?

Generell kann ee soen, datt Restriktioune bei der Bezuelung mat Boergeld wéineg effikass sinn. Besonnesch am Kampf géint de Finanzement vum Terrorismus, wat jo d’Haaptzil vun der EU wier, weist d’Moossnam wéineg Wierkung. Am Normalfall sinn d’Beträg bei der Bevëlkerung ze kleng, bei de Kriminellen erweisen si sech souwisou schonn als illegal.

Besonnesch an den Aen vun de braven europäesche Bierger gëtt dës Diskussioun sensibel mat verfollegt. An dësem Stadium gëtt d’Kommissioun allerdéngs un, datt keng legislativ Initiativen zu dëser Fro ugestrieft ginn.

De ganze Rapport vun der Europäescher Kommissioun fannt Dir HEI. D’Froen an d’Detailer zur ëffentlecher Ëmfro fannt Dir an den offizielle Statistiken. Eréischt viru kuerzem hat och d’ULC sech zu Wuert gemellt a virun der Ofschafung vum Boergeld gewarnt. Hire Communiqué fannt Dir HEI.

Related topics Boergeld, Ëffentlech Etüd, Europäesch Kommissioun, Geldwäscherei, Restriktiounen, Steierbedruch, Terrorismus, ULC, Verbuet
Next post Previous post