Search

You may also like

CHAiLD & MAZ de 14. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik
International Neiegkeeten

CHAiLD & MAZ de 14. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik

Nodeems den eenzegaartegen Duo CHAiLD & MAZ mat der Single

surprise
Amerika huet als Weltpolizist säin Déngscht gemaach
International Neiegkeeten

Amerika huet als Weltpolizist säin Déngscht gemaach

Um Freideg huet zu München déi 54. Sécherheetskonferenz ugefaangen, ugesicht

90 Gesetzer géint den Terrorismus – wou Komik an Tragedie no beienee leien
International Neiegkeeten

90 Gesetzer géint den Terrorismus – wou Komik an Tragedie no beienee leien

E Beispill dofir ass dem Kristo Langker seng Verhaftung am

Fräiheet dank Impfpass

EU-Kommissioun stellt neien Impfpass „Gréngen Digitalen Zertifikat“ fir deen all EU- a Schengen-Länner soll gülteg sinn – den digitale Pass soll och a Pabeierform gülteg sinn

Fräiheet dank Impfpass

Dem Ursula von der Leyen säi Plang: dank engem „gréngem digitalen Zertifikat“, deen d‘Europäer als „Digital Green Certificate“ kenneléieren, sollen d‘Reese bannent der Unioun an alle Länner déi mat der EU ee besonnesche Bezéiungsstatus ënnerhalen nees méiglech sinn.

Fir den Ament ass dat Ganzt wuel nach am Stadium vun der „Propose“, an et ass weiderhin onkloer, ob domadder deen „ale“ gielen internationalen Impfpass vun der WHO wëll ersetzen, oder een hei op de Wee geet, ee spezifesche Covid19-Impfpass dee just regional gülteg ass anzeféieren. Sënn an Zweck soll et sinn, zu all Ament kënne festzestellen, ob ee Bierger geimpft oder getest ginn ass.

„Mat dësem digitalen Zertifikat wëlle mir eise Memberlänner hëllefen, verantwortungsvoll a sécher d‘Fräizügegkeet nees hierzestellen“, esou d‘EU-Kommissiounspresidentin. D‘Ursula vun der Leyen invitéiert déi 27 Memberlänner a sonsteg „Partner“ dës Bescheinegunge géigesäiteg unzëerkennen.

Zudeem gi gemeinsam Schrëtt fir eng sécher an dauerhaft Ëffnung, no Beendegung vun de Mesuren (Confinement, Ausgangsspär, Reesbeschränkung, asw.) proposéiert. Esou wéi et am europäesche „Backoffice“ dem Ursula vun der Leyen an d‘Ried geschriwwe ginn ass, geet et drëms all d‘Länner vun enger Harmoniséierung vun de Mesuren: Testen, Behandelen, Impfen an Deelen (d‘Vaccinen), ze iwwerzeegen. Dat sollt, esou de Wonsch vun der EU-Kommissioun, virum Summer feststoen.

Äddi Privatsphär?

Interessant ass net nëmmen d‘Bezeechnung vun engem „Dokument“ datt et säitens der WHO zanter Éiwegkeete gëtt. Dëse gielen Impfpass schéngt seng Zäit hannert sech bruecht ze hunn, an et ass jo vill méi praktesch, wann d‘Europäer, d‘Nordamerikaner an da wuel och Asien, jidderee fir sech en neien Impfpass ausstellt. Dëse „Gréngen Digitalen Zertifikat“ – deen et selbstverständlech och soll a Pabeierform ginn – soll den EU-Bierger gratis zur Verfügung gestallt ginn. E soll och „sécher“ sinn.

Den zentrale Bestanddeel vun dësem europäeschen Impfpass, ass ee QR-Code, mat deem sech déi zu Bréissel befëndlech IT-Experte virstellen, datt dësen d‘Echtheet an d‘Sécherheet vun dësem jo esouwuel virtuelle wéi materialiséierten Dokument, garantéiert. An dësen Impfpass, ass wierklech nëmmen op de Covid19-Zentréiert: Erfaasst ginn d‘Tester, eng méiglech Infektioun an d‘Impfung.

Impfpass

Et heescht datt d‘EU-Kommissioun eng technesch Plattform entwéckele wëll, fir sécherzestellen, datt den Zertifikat an allen EU-Memberlänner unerkannt an iwwerpréift ka ginn. Et heescht dann och datt: op dëser Plattform „sollen“ (d‘Betounung ass wichteg) keng perséinlech Date gespäichert, hannerluecht oder ausgetosch ginn. Dat ze préiwen, dierft fir EU-Bierger awer onméiglech sinn.

Doriwwer eraus, an der EU brauch et och fir den „Digital Green Certificate“ (DGC) Unanimitéit, soll et – wuel wëll et soss net ugeholl géif ginn – all Land iwwerlooss bleiwen, wéi eng Privilegien et bereet ass dem Detenteur vun dësem Impfpass ze bewëllegen. Wann déi allerdéngs trotz „Pass“ Tester an/oder Quarantaine verlaangen, missten si dat matdeelen an d‘Grënn duergeluecht ginn.

Fräiwëlleg gezwongen

Wann sech d‘Bierger aus der Unioun erwisenermoossen net wäerten un dëser Decisioun bedeelegen an och net virgesi schéngt, datt national Parlamenter – ausser et duerchzewénken – heizou Stellung bezéien dierfen, bleift et also de 27 europäesche Staats- a Regierungscheffen iwwerlooss, dëse Pass anzeféieren. Déi sougenannt „Schengen-Staaten“, wou kee Stëmmrecht hunn, mussen den Impfpass unerkennen an iwwerhuelen, dat steet fest. Woubäi se och aus dem Ofkommes austrieden dierfen…

ImpfpassD‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, huet ee „Refus“ vum digitalen Impfpass net an Aussicht gestallt. D‘Wirtschaft verlaangt dësen, Israel ass längst „on the road“, an och an Asien, mee virzuchsweis all déi Länner wou vum Tourismus ofhängeg sinn, wëllen esou eng Mesure. © EU Council / Etienne Ansotte

D‘Schwäiz zum Beispill, dierf zwar beim DGC matschaffen, an huet och bezunn op dat bilateraalt Ofkommes (och Assoziéierungsaccord genannt) de Virdeel net alles mussen ze iwwerhuele wat et Neies am Schengenraum gëtt. D‘Schwäizer déi fir hir Referenden/Volleksofstëmmunge bekannt sinn, dierfte vun hirer Regierung erwaarden, consultéiert ze ginn. Entscheeden sech d‘Eedgenosse géint den Impfpass, dann entscheeden si sech géint déi Europäesch Unioun a sinn „dobaussen“.

Interessant dierft et och bei eis ginn. Eis Regierung, déi bekanntlech fir maximalen Dateschutz an d‘Perséinlechkeetsrechter an der Unioun antrëtt, firwat mir jo zu gudder Lescht dann och keng App opgezwonge kruten, huet versprach déi mat dësem Impfpass verbonne Froe suergfälteg ze préiwen. Et ass also beschloss, mir wäerten zu den alleréischte gehéieren, déi den digitalen Impfpass wäerten asetzen. Gewësse Grondsätz (Grenzgänger, Finanzplaz, EU-Institutiounen) muss ee respektéieren.

mat indymedia/gva

Foto: (vlnr) Thierry Breton, Ursula vun der Leyen, Didier Reynders. © EU Council / Dati Bendo

Related topics Digital Green Certificate, EU-Kommissioun, Impfpass, Privilegien, Ursula von der Leyen
Next post Previous post