Search

You may also like

What the Fakt – 150 Joer franséische Wahnsinn mat de Folies Bergère!
International Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – 150 Joer franséische Wahnsinn mat de Folies Bergère!

Dës 13 Buschtawe brénge säit genau 150 Joer dat ganzt

De Road Trip-Projet: Nächsten Halt Lëtzebuerg
International Kultur Neiegkeeten

De Road Trip-Projet: Nächsten Halt Lëtzebuerg

Tëscht dem 29. August an dem 29. September bréngt de

De Club 27 gëtt duerch eng kënschtlech Intelligenz erëm belieft
International Kultur Neiegkeeten

De Club 27 gëtt duerch eng kënschtlech Intelligenz erëm belieft

D’Associatioun „Over The Bridge“ huet d’Titel vu Kënschtler, déi am

EU-Kommissioun: Kreativitéit a Kultur sollen de Budget gekierzt kréien

EU-Kommissioun: Kreativitéit a Kultur sollen de Budget gekierzt kréien

Enn Juni huet sech de Kultur- a Bildungscomité vun der Europäescher Kommissioun kritesch zum niddrege Budget fir de Kreativ- a Kultursecteur geäussert. „De kulturelle Secteur steet virun der wahrscheinlech schwéierster Kris vun dësem Joerhonnert“, ënnersträicht d’Monica Semedo a besteet drop, datt d’Acteuren aus der Kultur Sécherheete brauchen.

Bewosst hat de Comité 2,8 Milliarden Euro Budget gefrot, fir dem kreativen a kulturelle Secteur nees op d’Been ze hëllefen an déi noutwenneg Ënnerstëtzung wärend an no der Kris ze bidden. Wärend vill Projeten op Äis leien, huet d’Kommissioun bei senger MFF-Propose (Multiannual Financial Framework) fir 2021-2027 wëlles, d’Fuerderungen däitlech ze ënnerschreiden.

Am Verglach zu der éischter Propose (2018) ass an der iwwerschaffter Versioun am Mee 2020 de European Solidarity Fund ëm 20 % gekierzt ginn. Och Creative Europe soll 13 % an Erasmus+ 7 % manner Budget kréien.

„Mir ënnerstëtzen der Kommissioun hir Propose net“, sou d’Sabine Verheyen bei der Erëffnung vum Debat. Weider erkläert si, datt jonk Leit esou just wéineg Méiglechkeete gebuede kréien, hir Kreativitéit ze weisen. Artisten a Kreateure kënnen net méi gefërdert ginn. Bei Erasmus+ kann een d’Zil vun 12 Millioune Participanten sträichen, well ee keng mannerwäerteg Qualitéit a kuerz Echangen ubidde well, just fir d’Zuelen an d’Luucht ze dreiwen.

Fir d’Monica Semedo steet fest: „Creative Europe ass de wichtegste Fong fir de Kreativ- a Kultursecteur.“ Wëlle mir an Zukunft weiderhin Kultur liewen a spieren – nei Filmer kucke goen, Ausstellunge besichen oder faarweg Projeten bewonneren – da muss een och den néidege Budget bidden. D’Artisten sollen sech op dat konzentréiere „wat si am Beschte kënnen – eis ze ënnerhalen, ze bilden an ze faszinéieren.“

Nodeems déi iwwerschafft MFF-Propose presentéiert ginn ass, mussen elo d’EU-Memberstaaten der Positioun zoustëmmen. D’Kommissioun muss dann nach emol bestätegen, ier et zur Ëmsetzung kënnt.

Related topics Budget, Creative Europe, Ënnerstëtzung, Erasmus, EU-Kommissioun, Fongen, Kierzung, Kreativitéit, Kultur, MFF-Propose, Monica Semedo, Sabine Verheyen
Next post Previous post