Search

You may also like

Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur
Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur

Dat déi Escher „Nuit de la Culture“ war wéinst der

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!
Neiegkeeten

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!

Um haitegen Dag organiséiert den CHEM ee Sensibiliséierungs- an Informatiounsstand

Dissens mat Teheran bedreet Weltfridden
Neiegkeeten

Dissens mat Teheran bedreet Weltfridden

Am Sträit ëm d‘Atomofkommes mam Iran gesäit alles dono aus,

EU-Kommissiounspresident nees um Dill

EU-Kommissiounspresident nees um Dill

E Freideg huet d‘Spriecherin vum europäeschen Exekutiv, Annika Breithardt, gutt Nouvelle verkënnt. Dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker geet et nees prächteg.

Den EU-Kommissiounspresident, war den 11. November wéinst engem Aneurysma operéiert ginn. Bei dësem chirurgeschen Agrëff ass alles gutt verlaf firwat hien dunn och schonn de 14. November d‘Intensivstatioun konnt verloossen. Duerno ass d‘Rekonvaleszenz an Ugrëff geholl ginn, an och hei war alles a beschter Uerdnung, wat et him erlaabt huet e Freideg dierfen heem ze goen.

Eisem fréiere Premier geet et den Ëmstänn entspriechend gutt, och wann hie sech natierlech nach eppes schoune sollt. Trotz allem gëtt hien awer e Méindeg nees an senge Raimlechkeeten zu Bréissel erwaart. Hie soll jo bekanntlech säi Mandat un d‘Ursula von der Leyen iwwerginn, déi den Ament nach eppes Schwieregkeeten huet hir „Ekipp“ zesummenzestellen.

Foto: © Etienne Ansotte / EC – Audiovisual Service

Related topics Annika Breithardt, EU-Kommissiounspresident, Gesondheet, Jean-Claude Juncker, Operatioun, Spidol
Next post Previous post