Search

You may also like

D‘Mouer hunn hir Schëllegkeet gedoen, elo kënnen se goen…
International Neiegkeeten

D‘Mouer hunn hir Schëllegkeet gedoen, elo kënnen se goen…

Datt dat mam Amtsenthiewungsverfaren (Impeachment) géint den Donald Trump géif

USA: Victoire vum Joe Biden vum Walkollegium bestätegt
International Neiegkeeten

USA: Victoire vum Joe Biden vum Walkollegium bestätegt

D‘Ofstëmmung vun de Männer a Frae vum amerikanesche Walkollegium (Electoral

Correspondance exquise: Eng surrealistesch Kommunikatioun tëscht dem Thierry Lutz a Jean-Claude Salvi
International Neiegkeeten

Correspondance exquise: Eng surrealistesch Kommunikatioun tëscht dem Thierry Lutz a Jean-Claude Salvi

Dat artistescht Spill vum sougenannte „Cadavre exquis“, dat sech an

D‘Héichten an Déifte vum EU-Konjunkturpak

Nom EU-Finanzsommet: EU-Kommissiounspresidentin bezitt Stellung zu ëmstriddenen Accord

D‘Héichten an Déifte vum EU-Konjunkturpak

Nodeems déi 27 Staats- a Regierungscheffen an der Nuecht vum Méindeg op en Dënschdeg de Konjunkturpak an Héicht vu 750 Milliarden Euro, wéi och déi 1.084 Milliarden Euro fir den EU-Budget bis 2027 guttgeheescht hunn, huet et net nëmme Luef ginn.

EUBeklot gëtt virun allem, datt nees op de falsche Plaze gekierzt ginn ass. Esou ass de Betrag fir den europäesche Klimafonds „Just Transition Fund“ vun 30 Milliarden op 10 Milliarde reduzéiert ginn. Déi 27 hu sech méi ëm „Kreditter“ gestridden, wéi de Klimaschutz an déi energetesch Transitioun am A ze behalen, esou d‘Kritiker. Et war awer de Präis dee fir den Accord huet misse bezuelt ginn.

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen wäert sech dees och bewosst sinn, huet dann awer kaum eng aner Wiel wéi den EU-Finanzsommet als „Erfolleg“ ze presentéieren. Laut dem Ursula von der Leyen, wier et no zéie Verhandlunge gelongen ee wirtschaftlechen Opbauprogramm vu gewalteger Gréisst op d‘Been ze stellen. A Kompromësser bedeiten oft och Ofstrécher…

EUSech zu 27 eens ze ginn, besonnesch wou gewosst ass, datt et tëscht dem Norden an dem Süden ee gréissert Gefäll gëtt, war net einfach, an Zäitweis war esouguer mat engem Ofbroch vun de Verhandlungen ze rechnen. Dat erkläert déi vill „Pausen“ déi hu missen ageluecht ginn, wéi och déi vill Gespréicher déi den EU-Rotspresident Charles Michel, huet missen am klenge Krees féieren.

Um Enn hu sech déi 27 Staats- a Regierungscheffen also gëeenegt kritt, an dat war jo och dat eigentlecht Zil vun dësem Sommet. An et dierf een hei och net vergiessen, datt d‘EU-Kommissioun fir déi éischte Kéier an hirer Geschicht, elo och selwer Scholde maache kann, an eegent Geld an den erwënschte Moderniséierungsprozess stieche wëll. De Präis dofir ass allerdéngs zimmlech héich.

EUPolen an Ungarn mussen elo net d‘Konditiounen zur Rechtsstaatlechkeet erfëllen, fir Milliarden u Subventiounen ze erhalen. Datt een dëse Länner, an deene Presse- a Meenungsfräiheet ageschränkt ass, huet missen noginn, ass dem Fait geschëlt, datt Decisiounen nëmmen eestëmmeg kënne geholl an ëmgesat ginn. Et gëtt ëmmer méi Stëmmen, déi dësen Eestëmmegkeetsprinzip elo a Fro stellen.

Elo muss dat Ganzt dann nach vum EU-Parlament ofgeseent ginn. Hei dierft besonnesch säitens den Ekologisten an de lénke Fraktiounen eppes Widderstand ginn. Mee d‘Majoritéit wäert et wuel oder iwwel duerchwénke mussen, well esou lues fänkt et un eppes ze presséieren. Italien a Spuenien sinn op eng zäitno Finanzsprëtz ugewisen, an de pluriannuelle Budget muss elo och ficeléiert ginn.

mat indymedia/bru

Foto: Iwwer 50% vum Gesamtbudget géife fir d‘Moderniséierung vun der europäescher Unioun opgewannt ginn, esou d‘EU-Kommissiounspresidentin, déi kloergestallt huet, datt de Sommet hei nëmmen den éischte Schratt war. Elo muss dat alles och nach vum EU-Parlament ugeholl ginn. © European Union

Related topics Covid19, EU-Budget, EU-Sommet, Finanzhëllefen, Finanzsommet, Reformen, Wirtschaftskris
Next post Previous post