Search

You may also like

Holland: Mann deelt Mësshandlung vu Kand op Facebook
Neiegkeeten Sport

Holland: Mann deelt Mësshandlung vu Kand op Facebook

Ee Mann aus der hollännescher Stad Leiden soll ee Kand

money
D‘Indextranche gëtt den 1. Januar 2020 fälleg
Neiegkeeten Sport

D‘Indextranche gëtt den 1. Januar 2020 fälleg

De STATEC hatt en Enn November am sengem Bulletin „Konjunktur-Flash“

Feier a Paräisser Notre-Dame Kathedral ënner Kontroll
Neiegkeeten Sport

Feier a Paräisser Notre-Dame Kathedral ënner Kontroll

Nom Feier an engem vun de bekanntste reliéise Gebaier op

Dank Ronaldo a Messi: EU op Krichsfouss mat Steierflucht-Beroder

Dank Ronaldo a Messi: EU op Krichsfouss mat Steierflucht-Beroder

Bréissel huet um Mëttwoch seng Offensive géint Banquieren, Affekoten an aner Conseilleren, déi hire räiche Clienten zur Steierflucht roden, opgeholl. Den Hannergrond heivunner sinn déi rezent Skandaler, déi d‘Fussball-Stare mat hirem Beholl ausgeléist hunn.

„Et gi Leit, Firmen an Institutiounen, déi ee Verméigen domadder verdéngen, an deem se aneren hëllefen de Stéieren ze entgoen“, konstatéiert de EU-Kommissär fir ekonomesch Ugeleeënheete Pierre Moscovici op enger Pressekonferenz zu Bréissel. A weider: „Hei abegraff Steierberoder, Banquieren, Affekoten a Sportagenten.“ De franséischen ex-Minister fir Finanzen a Wirtschaft huet hei dat onmoossegt behuele vu verschiddene Fussballspiller ugeschnidden. Dorënner de Skandal vum Christiano Ronaldo, d‘Vedette vum Real Madrid.

Transparenz gesicht

Konkret geet et der Kommissioun drëms dës „Experten“ – respektiv hir Clienten – derzou ze zwéngen, dem Steieramt, am Land wou se Liewen, hir reell Revenuen ze deklaréieren. „Mir gräifen hei keng besonnesch Professioun un, mir verlaange just vun deene Leit op eng transparent Aart a Weis ze schaffen“, ënnersträicht de Pierre Moscovici.

Esou sollt et mat dëser Propositioun, fir ee Fussballspiller zukünfteg net méi méiglech sinn, de Verdéngscht vu senge Bildrechter iwwert de Wee vun enger Firma mat Sëtz an engem Steierparadäis, ze verstoppen. Dat Behuelen huet dem Lionel Messi schonn eng Strof an héicht vun 2,1 Milliounen Euro abruecht. De Ronaldo, dee vun der Justiz fir den 31. Juli virgelueden ass, muss sech och op eng säfteg Rechnung astellen.

D‘EU-Kommissioun weist awer drop hin, datt „d‘Oplo déi eng oder aner Méiglechkeet seng Steieren ze optimiséieren, net zwéngend ze veruerteelen ass, mee verdéngt vun den zoustännegen Autoritéite gepréift ze ginn.“ Dee wou d‘Deklaratioun mëscht ass dann entweder den Intermediaire deen den grenziwwerschreidenden Dispositiv, respektiv de Privatmann oder d‘Entreprise Beneficiaire vum Beroder, wann den Intermediaire deen den Dispositiv ubitt net an der EU etabléiert ass oder un d‘Beruffsgeheimnis gebonnen ass.

Sanktiounen

Iert et zu Sanktioune kënnt kann et awer nach ee Strapp daueren: Iert dëse Projet vun enger Direktive a Kraaft trëtt, muss deen nach vun den 28 Memberlänner, an dem EU-Parlament ugeholl an eventuell amendéiert ginn. Wéi bei alle Steierfroen ass d‘Eestëmmegkeet vun den 28 noutwenneg. An dësem Fall dierft dat awer net esou schwéier sinn.

Esou huet beispillsweis scho Groussbritannien esou ee System 2004 agefouert. Si solle mat där Mesure eng Steierhannerzéiung vu geschätzt 12 Milliarde Pond (13,6 Milliarden Euro) verhënnert hunn. Frankräich an och Däitschland stinn deem Projet favorabel géinteniwwer, verréit eng Quell aus dem Ëmfeld vun der EU-Kommissioun.

„De Ball läit elo bei de Memberlänner. Et ass un hinnen déi nei Legislatioun virun ze bréngen an dat méiglechst Zäitno. Leider ass dovunner auszegoen, datt déi üblech Suspekt probéiere wäerten d‘Propositioun ze blockéieren oder ze verwässeren, fir hiren eegenen ekonomesche Modell ze schützen“, sot de Peter Simon. Den däitschen EU-Deputéierten huet d‘Länner net beim Numm genannt, mee oft gëtt mam Fanger op Malta a Lëtzebuerg gewisen.

A senge Virschléi vum Mëttwoch huet d‘Kommissioun de Länner d‘Suerg iwwerlooss d‘Sanktiounen ze definéieren, déi se wëllen uwennen. D‘Kommissioun preziséiert just, datt d‘Mesurë mussen effektiv, dissuasiv a proportionell sinn. Déi Virschléi vervollstännegen ee gréissere Programm dee géint Steierhannerzéiung opgestallt ass.

mam Céline Le Prioux/AFP

Related topics Christiano Ronaldo, EU, Lionel Messi, Steieren
Next post Previous post