Search

You may also like

G7-Gesondheetsminister zu Oxford
International Neiegkeeten

G7-Gesondheetsminister zu Oxford

Am engleschen Oxford hu sech d‘Gesondheetsminister vun de féierenden Industrienatiounen

De maltesesche Premier op „Aarbechtsvisite“
International Neiegkeeten

De maltesesche Premier op „Aarbechtsvisite“

Empfaange gouf de Joseph Muscat den 18. Juli an Hotel

E chargéierte Regierungsrot
International Neiegkeeten

E chargéierte Regierungsrot

Vill Erfreeleches haten d‘Regierungsmembere bei der Sëtzung vum Regierungsrot leider

EU-Parlament setzt Chef-Diplomat op d‘Plaz

Dem EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheete säi Russland Besuch gouf kritesch begleet

EU-Parlament setzt Chef-Diplomat op d‘Plaz

Et war den éischte Besuch vun engem EU-Diplomat zu Moskau zanter laangem, an dëse war vun ee puer „onglécklechen Ëmstänn“ begleet. Wärend sech de Josep Borrell mam Sergej Lavrov iwwert den Alexej Nawalny ënnerhalen, a bäileefeg seng Fräiloossung gefuerdert huet, huet Russland dräi Diplomaten ausgewisen. Och déi Uschléissend Pressekonferenz gouf vum Russ orchestréiert.

Dat wier keng Reklamm fir eng „staark Unioun“ gewiescht, esou den allgemenge Kredo am EU-Parlament, mee villméi eng reegelrecht Blamage. Iwwer 80 EU-Deputéiert haten an engem Schreiwes de Récktrëtt vum EU-Kommissär Josep Borell gefuerdert. Interessant hei, et sinn an éischter Linn d‘Parlamentarier vun europäescher Vollekspartei (EPP) déi ënnerschriwwen hunn.

Déi chrëschtlech-konservativ Deputéiert hu virum Debat den Toun uginn, am Plenum awer gouf sech nees beholl. Dat dierft der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen geschëlt sinn, déi sech däitlech hannert hie gestallt huet. Dat huet net verhënnert, datt dem Josep Borrell zum Virworf gemaach gouf „ze liichtfankeg opzetrieden“. De Michael Gahler (CDU) war opbruecht.

„Dir hätt déi laang Lëscht vun de russesche Verfeelungen oplëschte missen an dem Ausseminister Lavrov widderspriechen“, esou den däitschen Deputéierten, dee perséinlech kee Problem huet mat Faschisten an enger Fraktioun ze sëtzen. Woubäi, bezunn op dee wéineg iwwerzeegenden Optrëtt vum Spuenier, dee jo awer eng Missioun hat, kann een déi gemaachte Virwërf schon novollzéien.

Réckendeckung

Hannert de spuenesche Sozialist huet sech awer net nëmmen d‘Cheffin gestallt, Réckendeckung huet de Josep Borrell och vun der sozialistescher Fraktioun kritt. Aus der Siicht vum Kati Piri, sinn d‘Russe schold. „Moskau huet de Besuch vum Borrell derzou mëssbraucht, d‘EU ze damiddegen an unzegräifen“, esou d‘Hollännerin, déi beméit war den Debat nees an déi richteg Richtung ze leeden.

Et géif am Kontext vum Debat drëms, eng adequat Äntwert vun der Europäescher Unioun op de russeschen Affront ze fannen. Woubäi deen eenzegen Affront, eigentlech just d‘Ausweisung vun dräi Diplomaten ass, wärend de Chef vun der europäescher Diplomatie sech mat sengem russeschen Homolog iwwert politesch a wirtschaftlech Bezéiungen ënnerhält, déi d‘USA esou net wëllen.

De Josep Borrell ass en erfuerene politesche Fuuss a sech wuel bewosst, datt seng Russland-Rees net zu senge beschte Leeschtungen zielen dierft. Véier Joer ouni perséinleche Kontakt mam „Feind“ an dann direkt mat der Dier an d‘Haus falen… do hätt ee sech säint denke kënnen. De Borrell awer stellt just fest: „déi europäesch Visioun vun engem Partenariat mat Russland huet sech net erfëllt“.

Russland Autoritär

Et ass net wierklech kloer vu wéi enge Visiounen den ale Mann do schwätze wollt. De russesche Regime war, ass a wäert autoritär bleiwen, dat esouguer dann, wann den Dissident sollt d‘Regie iwwert d‘Federatioun iwwerhuelen. Op där aner Säit fillt sech Europa wäitaus méi mat den USA verbonne wéi mat Moskau. An et dierf een hei och d‘Roll vun NATO net aus dem Bléck verléieren.

Am Plenum dann ze behaapten, datt déi russesch Regierung de Wee vun engem autoritäre Regime ageschloen huet, an ze wëssen datt de Wee ni en anere War, ass mindestens esou blamabel wéi den Optrëtt zu Moskau. Den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheete wëll elo datt d‘EU hei eng staark Äntwert gëtt. Hie wëll den EU-Partner weider Sanktioune géint Russland virschloen.

Dat dierft kee grousse Problem duerstellen, déi grouss Fraktiounen am EU-Parlament haten dës Fuerderung längst gestallt. Fir den Sergey Lagodinsky (déi Grünen) muss et méi gi wéi nëmme Sanktiounen. Och de Gaspipeline-Projet NordStream2 misst gestoppt ginn. An zwou Wochen huet et een EU-Ausseministersommet, a bei dësem dierft et och ëm Sanktioune goen, iert dann am Mäerz, beim Sommet vun der Staats- a Regierungscheffen de leschte Sanktiounsnol ageklappt gëtt.

mat indymedia/sxb

Foto: Den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheete Josep Borrell, huet sech der Kritik erwiert a gouf vum eegene Lager gestäipt. Hie wëll elo den EU-Ausseminister Sanktioune géint Russland vischloen. © Jan van de Vel / European Union 2021 / EP

Related topics Alexej Nawalny, EU-Parlament, Josep Borrell, Russland, Sergej Lavrov
Next post Previous post