Search

You may also like

Géint de Vertrag Verstouss
International Neiegkeeten

Géint de Vertrag Verstouss

Ee Spriecher vun der europäescher Exekutiv huet ee Méindeg matgedeelt,

money
Lëtzebuerg stäipt Afrikanesch Entwécklungsbank
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg stäipt Afrikanesch Entwécklungsbank

Leschten Donneschdeg hat et eng aussergewéinlech Assemblée vun der ADB

Si haten ee Gesetzvirschlag matbruecht
International Neiegkeeten

Si haten ee Gesetzvirschlag matbruecht

Et war en interessanten Dag, dee wuel an de Memoire

EU-Parlament stellt sech queesch

EU-Parlament stellt sech queesch

Dee vun de 27 Staats- a Regierungscheffen ënner Schmäerzen ausgehandelte Kompromëss fir de Konjunkturpak (750 Milliarden Euro) an de pluriannuellen EU-Budget (1.084 Milliarden Euro) wier sech mat „Kaddoen“ erschlach ginn. Esou de Resumé vum Debat am EU-Parlament.

EUMat enger Resolutioun, déi eng zolidd Majoritéit erhalen huet, huet d‘EU-Parlament d‘Decisioun vum Dënschdeg blockéiert. D‘Parlamentarier fuerderen däitlech méi Geld fir d‘Gesondheet, de Klima an d‘Fuerschung. Den „historeschen“ Accord erfëllt net d‘Uspréch vun den EU-Bierger an ouni d‘Zoustëmmung vum EU-Parlament leeft keng. Elo gëtt iwwer Amendementer gestridden.

En zolitte Virworf muss sech och den EU-Rotspresident gefale loossen. Deen hat, fir sech d‘Zouso vu „bestëmmte Länner“ ze sécheren, a leschter Minutt zu Ageständnisser breetschloe gelooss. Esou kommen d‘Rabatter fir d‘Nettozueler an extra Subventioune schlecht un, an et heescht, datt d‘EU-Parlament net bereet ass, sech op dëse Kouhandel anzeloossen. Mee dat ass nach laang net alles.

EUDéi sougenannt „Kohäsiounsmëttel“ wieren am Verglach mat de leschte Pläng ëm 6,6 Milliarden Euro erhéicht ginn, och d‘Subventioune fir d‘Landwirtschaft ass ëm 3,2 Milliarden Euro opgestockt ginn. Interessant hei: et ass de Fraktiounschef vun der EPP, Manfred Weber, deen elo net méi bereet ass – wou dach säi Copain all Wonsch erfëllt krut – dës batter Pëll net méi schlécke wëll.

Eng „gebrache“ Spëtzt

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den EU-Rotspresident Charles Michel hunn de „Projet“ am EU-Parlament mat vill Engagement verdeedegt. Si sinn nach ëmmer der Usiicht „geliwwert“ ze hunn a verweisen op déi historesch Dimensioun vun engem global 1,8 Billiounen Euro schwéieren Accord. Och datt d‘EU elo Scholde maache kann, gouf nees ernimmt.

EUAn der vun alle „grousse“ Fraktiounen ausgeschaffte Resolutioun, huet d‘EU-Parlament seng „Wënsch“ ënnerstrach a quasi däitlech gemaach, datt ouni Amendementer, déi ganz Show vun de 27 Staats- a Regierungscheffe fir d‘Kaz war. Mat der Resolutioun gi méi Mëttel fir d‘Fuerschung, d‘Gesondheet, de Studenteprogramm Erasmus an déi energetesch Transitioun verlaangt.

An domadder net genuch. D‘Resolutioun enthält och d‘Fuerderung no engem däitlech méi strenge Rechtsstaatsmechanissem. D‘Ausbezuele vun EU-Subventioune kéint esou bei Verstéiss géint déi sakrosankt Rechtsstaatlechkeet, verzögert an esouguer ganz op Äis geluecht ginn. Eng Mesure déi sech ganz Kloer géint Polen an Ungarn wennt. Dat wäert dëse „Partner“ kaum gefall hunn.

EUGefuerdert gëtt dann och nach ee kloren Zäitplang zur Aféierung vun der Erschléissung vun neie Finanzquellen. Et geet hei esou Brisantes wéi d‘Digitalsteier, d‘Extensioun vum Emissiounshandel, Klimataxen op Wueren, déi am Ausland net ëmweltfrëndlech produzéiert goufen. Dat sinn där Fuerderunge vill, an eng Decisioun dozou misst et scho kënnen am September ginn.

Dat huet seng Grënn, schliisslech mussen och d‘Parlamenter vun de 27 EU-Memberen iwwert dës Finanzéierungsgrondlag befannen, also de sougenannten Eegemëttelbeschluss ratifizéieren. Och dat wäert net einfach ginn, dobäi muss de Budget 2021/27 bis zum 1. Januar 2021 ficeléiert sinn…

mat indymedia/sxb

Foto: De President vun EU-Parlament, David Sassoli, huet sech siichtlech iwwert de breede Konsens an der Plenière gefreet. Bei der EU-Kommissioun huet et dogéint manner Freed ginn. Déi wäert hir Kopie nach emol iwwerschaffe mussen, wat nees zu Streidereie féiere wäert. © Philippe Buissin/European Union/EP

Related topics Covid19-Konjunkturpak, EU-Finanzsommet, EU-Parlament, plurianuelle Budget 2021-27
Next post Previous post