Search

You may also like

„Märd alors !!!“ – E kabarettistesche Réckbléck op d’Joer 2018
International Neiegkeeten

„Märd alors !!!“ – E kabarettistesche Réckbléck op d’Joer 2018

Den 31. Januar kann ee sech op ee lëschtegen Owend

Neies vum Brexit: Elo awer eng Trennung ouni Ofkommes?
International Neiegkeeten

Neies vum Brexit: Elo awer eng Trennung ouni Ofkommes?

Groussbritannien ass zolidd vun der Covid19-Pandemie betraff a kaum ee

14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen
International Neiegkeeten

14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen

Di eege Famill ze besichen, fir mat hinnen den Helleg

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes

Et dierft keen agreabelen Dag fir d‘EU-Deputéiert zu Stroossbuerg ginn. Déi gesinn sech haut dem Viktor Orban, Premierminister vun Ungarn, géinteniwwer gestallt. Si mussen entscheeden op d‘EU muss aktiv ginn, fir dem „Risiko vun enger schwéiere Verletzung vu senge Wäerter“ ze begéinen.

Um Dënschdeg also den Debat am Plenarsall zu Stroossbuerg, an e Mëttwoch d‘Ofstëmmung. E Vote dee fir d‘Mëttegstonn virgesinn ass, a sech als „knapp“ ugekënnegt huet. Dat huet och domatter ze dinn, datt et déi éischte Kéier an der Geschicht vun EU-Parlament ass, datt Gebrauch vum „Initiativrecht“ gemaach gëtt.

D‘Validéierung vum Lancement vun der Prozedur nom „Artikel 7“ huet verbindlech Reegelen: ausser der Majoritéit vun de Stëmmen (376), muss d‘Resolutioun mindestens Zweedrëttel vun de Suffragen erhalen. An dat gëtt net einfach, well de gréisste politesche Grupp am Parlament, déi „europäesch Vollekspartei“ (EVP), zu där dem Viktor Orban seng FIDESZ gehéiert, 128 Sëtz huet.

An der EPP verfüügt déi nationalpopulistesch FIDESZ iwwer 12 Mandater. An der EVP fënnt een och esou Parteie wéi déi däitsch CDU vum Angela Merkel, déi franséisch Republikaner, an d‘CSV. Dës genannte Parteien si wuel net vum Viktor Orban iwwerzeegt, mee d‘Experte sinn der Usiicht, datt déi sech dem ungareschen Autokrat net wäerten an de Wee stellen.

Elo also sollen sech déi Europadeputéiert zu enger Resolutioun äusseren, mat där den EU-Rot (dat sinn d‘Memberlänner) gebuede gëtt „d‘Existenz vun engem däitleche Risiko vun engem Verstouss duerch Ungarn, géint d‘Wäerter op deenen d‘EU opgebaut ass“ festzestellen. Esou wéi dat am Artikel 7 vum EU-Traité virgesinn ass.

E „besuergte“ Parlament

De Rapport vun der Europadeputéierter Judith Sargentini (gréng) zielt d‘Suerge vum Parlament op, déi sech op de „Fonctionnement vum Wahl- a Verfassungssystem“ bezéien. Och d‘Onofhängegkeet vun der Justiz, Korruptioun, Interessekonflikter, an déi verschidden individuell Fräiheeten, wéi och d‘Rechter vun de Refugiée, déi an Ungarn politesch a Fro gestallt ginn, si Géigestand vum Debat.

„Mir hunn eis ëmmer drop behaapt, datt et sech hei ëm eng ‚Hexejuegd‘ handelt“, esou d‘Äntwert vum Zoltan Kovacs, Spriecher vun der ungarescher Regierung, bei engem Pressepunkt zu Bréissel. Déi ungaresch Regierung huet eng 100 Säite schwéier „Informatioun“ online gestallt, mat där se de op de Rapport vum Judith Sargentini „äntwert“.

D‘Prozedur no Artikel 7 ass seelen. Si gouf eng éischte Kéier Enn Dezember 2017 géint Polen ageleet, dat op Initiative vun der EU-Kommissioun. Géint Ungarn huet déi europäesch Legislative bis ewell e puer „Verstéiss“ enger „Prozedur“ zougefouert. Domatter huet si hir Onzefriddenheet géintiwwer dem „Net-Respekt“ vun de EU-Legislatioun am Asyl-Kontext ausgedréckt.

Net averstanen ass d‘Kommissioun ënnert anerem, mam Gesetz, datt et der Regierung erméiglecht Hëllefsorganisatiounen déi d‘Migranten ënnerstëtze viru Geriicht ze bréngen. Och d‘Gesetz iwwert d‘Finanzéierung vun ONGen, an d‘Héichschoulgesetz stoussen der EU-Kommissioun batter erop.

De Viktor Orban soll awer nëmmen eng Kéier zu Wuert kommen, dat haut de Mëtteg, an direkt no der Interventioun vun der Rapportrice, dem Rot an der Kommissioun. Dëse Mann, deen eng haart anti-Immigratioun-Linn representéiert, en autoritäre Stil huet, sech stänneg géint d‘EU ausdréckt, ass d‘Inkarnatioun vun der populistescher Well déi sech iwwert Europa ergéisst.

Verständlech, datt d‘EVP, déi sech selwer als „moderat riets“ gesäit, regelméisseg drop ugeschwat gëtt, datt si eng „ambivalent“ Haltung géintiwwer dem ultrakonservativen Nationalist anhëlt.

„Déi grouss Fro déi sech stellt, ass ze gesinn, wéi d‘EVP ofstëmme wäert, an hei besonnesch wéi sech de President vum Grupp, Manfred Weber, entscheet“, resuméiert d‘Presidentin vum Grupp vun de sozialdemokraten, Maria Joao Rodrigues, d‘Situatioun zu Stroossbuerg. Net ze vergiessen, datt hien dee CSU-Politiker ass, deen Uspréch op d‘Mandat als EU-Kommissiounspresident stellt.

Och eng politesch Ligen, bleift eng Ligen

An engem Entretien mat der éisträichescher Dageszeitung „Standard“ huet de Manfred Weber nach „verséchert“ datt et innerhalb der EVP kee „Favoritismus“ zu Gonschte vum Viktor Orban gëtt. An de Manfred Weber erkläert: „Wann den Orban engem Kompromëss zoustëmmt (…) an erkläert wéi hien de Problem léise wëll, da si mir bereet dat auszediskutéieren“. Dat ass tatsächlech säin Eescht.

Et dierf dann och kengem de politeschen Asaz entgoen, ëm deen et hei geet, grad am Virfeld vun den Europawahle vun 2019. Erënnere mir dann och drun, datt de Viktor Orban Enn August, nom Treffe mam italieneschen Inneminister Matteo Salvini, de franséische President Emmanuel Macron als säin „Haaptgéigner“ an Europa bezeechent huet.

Deen hat net laang gezéckt an huet dem ungareschen Autokrat um Knapp geäntwert. Den Emmanuel Macron huet dem Viktor Orban verséchert, datt hien de „Nationalisten an all deenen déi Haasspriedegten halen net wäert noginn“. Hien huet zudeem déi lescht Woch d‘EVP gefrot, hir Positioune kloer duerzeleeën.

“Et kann een net gläichzäiteg hannert der Angela Merkel stoen, an dem Viktor Orban de Réck fräi halen”

Emmanuel Macron

Bei deenen anere politesche „Gruppen“ sinn d‘Meenungen eppes méi däitlech. D‘Souverainisten: den CRE (konservativ a reformistesch), an déi rietsextrem ENF (Europa vun de Natiounen an der Fräiheet) si kloer géint d‘Resolutioun. D‘Sozialdemokraten, d‘ALDE (liberal), déi gréng, an d‘GUE (lénksextrem), hunn sech schonn am Virfeld fir d‘Resolutioun ausgeschwat.

mam Marine Laouchez/AFP

Foto: De Viktor Orban: anti-Europäer an Autokrat. Hie soll haut seng „Politik“ virum EU-Parlament zu Stroossbuerg rechtfäerdegen an esou d‘Prozedur no Artikel 7 vum EU-Traité verhënneren. Hie kann sech op d‘Ënnerstëtzung vun de Rietsextremen an de „moderate“ Konservative verloossen. © Marco Bertorello/AFP

Related topics Artikel 7 EU-Traité, EU-Parlament, Stroossbuerg, Ungarn, Viktor Orbán
Next post Previous post