Search

You may also like

EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela
International Neiegkeeten

EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela

Um Méindeg huet d‘EU Sanktioune géint politesch Leader vum Venezuela

De Xavier, d‘Paulette an de Mëssel mat engem ongebiedene Gaascht
International Neiegkeeten

De Xavier, d‘Paulette an de Mëssel mat engem ongebiedene Gaascht

Bei der Pressekonferenz vu gëschter, huet d‘Regierung sech esouwäit ganz

Kaydenz352: Mat Musek a positiver Energie um Wee no uewen
International Neiegkeeten

Kaydenz352: Mat Musek a positiver Energie um Wee no uewen

D’Liewen ass eng batter Realitéit, an entweder bleift een um

EU-Parlament viru konstituéirender Sëtzung

E Mëttwoch sollen sech d‘EU-Deputéiert e President wielen an dann d‘Aarbecht ophuelen

EU-Parlament viru konstituéirender Sëtzung

Während gëschter den ganzen Dag iwwer a bis an d‘Nuecht eran iwwer déi Haaptposte gestridde ginn ass, dat ouni Resultat, soll muer Mëttwoch déi konstituéierend Sëtzung vum EU-Parlament Stattfannen. Wéi gesäit et hei mat der Kompromëssbereetschaft aus an wéi Roll spillt de Brexit?

Déi britesch Deputéiert, déi eigentlech net wëllen derbäi sinn, dierfte muer méi Opmierksamkeet zougestane kréie wéi et hinnen dierft Recht sinn. Esou bleift dann emol fir unzefänken alles wéi et war: et gëtt 751 Deputéierter, an d‘Fraktioun vun der europäescher Vollekspartei (EPP) – mat hirem Spëtzekandidat Manfred Weber – ass Erwisenermoossen déi gréisst, a wäert Uspréch stellen.

Woubäi d‘EPP awer en zolitte Problem huet. Eng „grouss“ Koalitioun mat de Sozialiste (S&D) geet net duer, an esouguer da misst et an der Fraktioun zumindest esou eppes wéi Konsens ginn. Et gëtt wuel Optiounen déi veschidde Koalitiounen zouloossen. Eigentlech géif eng Koalitioun vun EPP, S&D an de Liberale Sënn maachen. Gutt déi grousst Léift ass dat net, an dat mécht et komplizéiert.

Interessant iwwregens, de Fait datt d‘Zuel vun de Fraktioune vun aacht op siwe reduzéiert gouf. Et gëtt och nach eng Rei Deputéiert déi sech kenger Grupp ugeschloss hunn, an d‘Brite vun deenen net gewosst ass wéi laang si nach derbäi sinn. Gewosst ass – si hunn et selwer esou ugekënnegt – datt si wou si kënnen, den „Apparat“ blockéiere wëllen. Vill Elementer also, déi muer e Roll spillen.

Déi Liberal hunn en Joker gezunn

Dat ee kann ënnerschiddlech Siichten op déi politesch Situatioun an Entwécklung kann hunn, ouni sech dofir mam Knëppel op de Kapp ze schloen, dat beweisen déi Liberal. Aus „Alde“ gëtt esou „Renew Europe“ déi zugläich drëttstäerkst Fraktioun ass. Si dierften déi gréissten Hürd fir d‘EPP sinn, wann et muer ëm d‘Wahl vum Nofolger vum EP-President Antonio Tajani geet. Firwat?

Ma dem franséische President Emmanuel Macron seng „La Republique en Marche“ (LREM) huet vill EU-Deputéiert an dëser Fraktioun sëtzen, an déi stellen de Prinzip vum Spëtzekandidat a Fro, während d‘EPP dorunner festhält, och wann déi däitsch Bundeskanzlerin, Angela Merkel net méi drop besteet, datt de Manfred Weber muss de Virsëtz vun der EU-Kommissioun zougestane kréien.

 

EU-Parlament

De Viktor Orban besteet drop datt d‘EPP d‘Mandat vum EU-Kommissiounspresident kritt an wiert sech mat Hänn a Féiss géint d‘Nominéierung vum Frans Timmermans (S&D). Den Ungar huet eng Virléift fir Hetzcampagnen, an erzielt seng Bierger, datt den Hollänner eigentlech de Kandidat vum George Soros ass, an déi zwee sech virgeholl hätten d‘EU mat Flüchtlingen zouzeschäissen.

Hei dierf ee kuerz drun erënneren, datt dëse Virworf net nei ass, an den ungaresche Querulant dee selwechte Virworf och dem Jean-Claude Juncker gemaach huet. Dat mat enger riseger a virun allem beleidegender Plakataktioun – ënnert anerem an de Bushaisercher – firwat et bannent der EPP zum Clash koum. Och dem Orban seng faschistesch Usiichten, sinn der EPP friem mee si brauchen hien.

Schwaarz-Brong ass d‘EU-Parlament

Wann de Rietsruck bei de Walen net esou krass ausgefall ass, wéi sech dat vun de Populisten an de Rietsextreme Parteien an Europa erhofft haten, esou hunn si awer masseg Mandater zougewonnen. Et muss een vu Gléck schwätzen, datt sech déi faschistesch Euroskeptiker (jo et gëtt och Lénker) ënnert sech net eens sinn an de Matteo Salvini, seng „Super-Fraktioun“ net opgestallt krut.

Hie wollt de Sammelsurium u Populisten, Euroskeptiker, Rietsradikalen an anere schreckleche Gesellen an enger Aart Super-Fraktioun vereenen, fir d‘Institutioun Europa emol esou richteg ënner Drock ze setzen. Dem Nigel Farage seng „Brexit Party“ géif eigentlech wéi d‘Fauscht op d‘A an dëse „Grupp“ passen, mee de Brit deen Europa esouwuel ofschafe wéi verloosse wëll, sot „Nee“.

Och déi polnesch Partei fir Recht a Justiz (PiS) wollt vum Salvini sengem Bündnis „Identitéit an Demokratie“ näischt wëssen. Dat muss deenen dann awer eppes ze Riskant gewiescht sinn an et geet jo och schonn duer sech eng fundamentalistesch reliéis Ausriichtung zougeluecht ze hunn. Et ass also net well een Europa net wëll, datt ee sech mam Däiwel am Puff iwwert d‘Tariffer ënnerhält.

Et geet natierlech och déi, wou sech fir näischt ze schued sinn. Erwisenermoossen intolerant, friemefeindlech an och soss net wierklech ëmgänglech, dat sinn de franséische „Rassemblement National“ vum Marine Le Pen, déi onséileg FPÖ (dat ass d‘Partei mam Ibiza-Video) an d‘AfD mat Jörg Meuthen, deen ähnlech wéi de Nigel Farage d‘Institutioun Europa „verännere“ wëll.

Gléck am Ongléck

Dat et ënnert de 751 Deputéierten am Europaparlament vill ze vill därer gëtt, déi d‘Institutioun mat hirem Ofstëmmungsverhale (zumindest) blockéiere wëllen, dat ass an éischter Linn de nationale Politiker an der Unioun zouzeschreiwen. Si hunn d‘Kregéiler gestäerkt, well si am eegene Land eng aner Politik verfollege wéi zu Bréissel. Si danzen op ënnerschiddlechen Hochzäiten an dat geet net.

Et muss een – an dat ass u sech traureg genuch – begréissen, datt dës Band méi mat sech selwer beschäftegt ass, well se et net ronn kréien sech op hir Gemeinsamkeeten ze konzentréieren, an iwwert d‘Differenzen ze schwätzen, wéi datt si vereent géifen agéieren. Eng richteg Gefor sinn se dann awer, well si vill Entscheedungsprozesser blockéiere bis verhënnere kënnen.

Iert dann elo awer muer zur konstituéirender Sëtzung kënnt, wëllen d‘Staats- a Regierungscheffen haut ab 11 Auer nach emol versichen d‘Personalfroen ze klären. Et kann een dovunner ausgoen, datt se aus der Nout eraus um Enn awer de Mann aus Bayern, fir d‘Kommissioun an den Hollänner fir de Rot virschloe wäerten. Ob déi dann och vum Europaparlament bestätegt ginn ergëtt sech dann.

mat indymedia/bru

Foto: © EP media

Related topics EU-Parlament, Stroossbuerg
Next post Previous post