Search

You may also like

EUROFOIL fuerdert de Sozialkonflikt eraus
Neiegkeeten

EUROFOIL fuerdert de Sozialkonflikt eraus

Naass a kal war et dësen Dënschdeg, mee de Protestpiquet

D’Piraten vun der Sektioun Stad fuerderen endlech een Ëmdenken ronderëm d’Sécherheet op der Stater Gare!
Neiegkeeten

D’Piraten vun der Sektioun Stad fuerderen endlech een Ëmdenken ronderëm d’Sécherheet op der Stater Gare!

D’Stater Piraten weisen sech enttäuscht iwwert d’Gestreits tëscht der Regierung

Erënnerung un de Streik vun 1942
Neiegkeeten

Erënnerung un de Streik vun 1942

Um Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel zu Wolz un

EU-Parquet ab dem 1. Juni zu Lëtzebuerg

EU-Parquet ab dem 1. Juni zu Lëtzebuerg

Schonn 2017 war decidéiert, datt déi europäesch Staatsanwaltschaft hire Sëtz zu Lëtzebuerg kréie géif. Et ass eng Communautaire Ariichtung déi vun Däitschland initiéiert a vun 21 Memberlänner gedroe gëtt. Et ass, esou d‘Behaaptung vun der EU-Kommissärin Vera Jourova, déi éischt Autoritéit déi Länneriwwergräifend strofrechtlech ermëttele kann.

Hir Missioun: d‘Bestiechlechkeet, d‘Ënnerschloen an de Bedruch mat EU-Gelder bekämpfen. Eng Missioun déi därer vum OLAF komplementar ass, well dës Institutioun jo nëmmen „Hiweiser“ un déi national Autoritéite ka weiderreechen. Et soll also kee Subventioun-Euro méi duerch Bedruch a Korruptioun verluer goen. Ugesiichts engem Wirtschaftshëllefspak vu 750 Milliarden Euro…

EU-Parquet

A punkto Zoustännegkeet huet den europäesche Parquet d‘Aufgab sech mat géint den EU-Haushalt geriichte Strofdoten ze befaassen. Eppes erschreckend – mat esou oprechte Partner wéi Orban a Konsorten, awer net verwonnerlech – sinn d‘Previsiounen: d‘EU-Kommissioun rechent mat engen 3.000 Fäll déi mëttelfristeg musse juristesch opgeschafft ginn. Dozou de Jang: „Abee merde alors!“.

Cheffin vun dëser Institutioun mat ersiichtlech ëmfangräichen Aarbechtsaussichten, ass d‘Laura Codruta Kövesi. Si ass d‘Generalstaatsanwältin vu Rumänien, a sollt sech mat Aufgabeberäich ganz gutt auskennen. D‘Länner déi sech um Projet bedeelegen, hunn och jeeweils ee Procureur zur Verfügung gestallt. Wéi vill Leit elo hei schaffe wäerten a wou se wunne sollen, gouf net erläutert.

Related topics Bedruch, EU-Parquet, Europäesch Staatsanwaltschaft, Korruptioun, Laura Codruta Kövesi
Next post Previous post