Search

You may also like

Een engagéierte Schoulmeeschter: Wéi de Zane Powles seng Schüler versuergt
International Meenung Neiegkeeten

Een engagéierte Schoulmeeschter: Wéi de Zane Powles seng Schüler versuergt

Dëse Mann lieft säin Job a suergt sech ëm d’Wuelergoe

Covid19 zu Lëtzebuerg: eng Iwwersiicht
International Meenung Neiegkeeten

Covid19 zu Lëtzebuerg: eng Iwwersiicht

Net nëmme bei eisen Noperen, wéi eigentlech a bal ganz

money
Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten
International Meenung Neiegkeeten

Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten

De Generalsekretär vun der OECD, Angel Gurria, huet um Donneschdeg

EU-Rot: All Forme vun der Diskriminéierung vun LGBTI-Persounen verhënneren a veruerteelen

EU-Rot: All Forme vun der Diskriminéierung vun LGBTI-Persounen verhënneren a veruerteelen

All Mënsche si fräi an selwecht un Dignitéit a Rechter gebuer. Zum Internationalen Dag géint Homophobie, Transphobie a Biphobie (IDAHOT) bekräftegt d’Europäesch Unioun säin nodrécklecht Engagement fir d’Uechtung, de Schutz an d’Fërderung vum vollen a gläichberechtegte Genoss vun alle Mënscherechter duerch lesbesch, schwul, bi-, trans-, an intersexuell Persounen (LGBTI).

Weltwäit leide Mënschen opgrond vun hirer tatsächlecher oder vermeintlecher sexueller Ausriichtung, hirer Geschlechtsidentitéit oder Geschlechtsmierkmoler weiderhin all Dag ënnert Gewalt, Ausgrenzung an Diskriminéierung. D’EU ass nach ëmmer besonnesch besuergt doriwwer, datt an 69 Länner gläichgeschlechtlech Bezéiunge strofbar sinn, woubäi an 11 Länner bei Homosexualitéit d’Doudesstrof dreet.

D’COVID-19-Pandemie huet zu nach méi Gewalt an Diskriminéierung vun LGBTI-Persoune gefouert, dorënner och haislech Gewalt, Hetze – online an offline – sou wéi Verbriechen aus Haass. Beim Zougang zur Gesondheetsversuergung sinn LGBTI-Persounen heefeg mat Stigmatiséierung an Diskriminéierung konfrontéiert.

Doriwwer hinaus huet d’Pandemie dozou gefouert, datt den zivilgesellschaftleche Raum ageschränkt gouf a Mënscherechtsverdeedeger, déi fir d’Rechter vun LGBTI-Persounen antrieden,verstäerkt Festnamen an Inhaftéierungen, sou wéi physeschen Attacken ausgesat waren a méi heefeg ënnert psycheschen Traumata leiden. Dëst ass inakzeptabel, an d’EU betount, wéi wichtegt et ass, d’Vergoen ze bestrofen.

D’EU ass weltwäit aktiv, fir all Forme vun der Diskriminéierung vun LGBTI-Persounen – dorënner homophob, biphob an transphob Gewalt – ze verhënneren an ze veruerteelen an dëse Persoune gläichzäiteg den Zougang zur Chancëgläichheet an alle Liewensberäicher ze fërderen.

Et ass wichteg, diskriminéierend Gesetzer, Moossnamen a Praktiken, plus d’Kriminaliséierung vu gläichgeschlechtleche Bezéiunge weltwäit ze bekämpfen. Esou Praktiken setzen LGBTI-Persounen zudeem onverhältnesméisseg staark der Aarbechtslosegkeet, der sozialer Ausgrenzung an der Aarmut aus.

D’EU wäert sech weiderhin u viischter Front dorëm beméien, de vollen a gläichberechtegte Genoss vun de Mënscherechter vun LGBTI-Persounen ze garantéieren. Duerch hiren erneierten bannen- an aussepolitesche Kader, besonnesch den EU-Aktiounsplang fir Mënscherechter an Demokratie (2020-2024) an déi éischt Strategie fir d’Gläichstellung vun LGBTI-Persounen 2020-2025 vun der Europäescher Kommissioun, fërdert d’EU d’Gläichstellung an alle Liewensberäicher, sou wuel innerhalb wéi och ausserhalb vun der EU.

Am Eeklang mam dësjäregen IDAHOT-Motto „Together: Resisting, Supporting, Healing!“ (Zesummen: Widderstand leeschten, ënnerstëtzen, heelen!) wäert d’EU weiderhin géint Diskriminéierung wéinst der sexueller Ausriichtung an der Geschlechtsidentitéit virgoen, déi prekär Situatioun vun LGBTI-Persoune bei der Erhuelung vun der Covid-19-Kris ervirhiewen a méi gerecht, inklusiv an nohalteg Gesellschafte fuerderen.

Si wäert sech am Kader vum politeschen Dialog mat de Partnerlänner engagéieren an Organisatiounen vun der Zivilgesellschaft a Mënscherechtsverdeedeger weiderhin ënnerstëtzen, déi sech fir de Schutz an d’Fërderung vum vollen a gläichberechtegte Genoss vun de Mënscherechter vun LGBTI-PERSOUNE an de Respekt vun der Diversitéit asetzen.

Fir d’Recht vun alle Mënschen ze garantéieren, fräi liewen a léiwen ze kënnen, braucht ee gemeinsam Ustrengungen vu jidderengem, an dat all Dag.

Erklärung vum Héije Vertrieder am Numm vun der EU zum Internationalen Dag géint Homophobie, Transphobie a Biphobie (IDAHOT)

Related topics Biphobie, Chancëgläichheet, Diskriminéierung, Doudesstrof, EU-Rot, gläichgeschlechtlech Koppele, IDAHOT, Internationalen Dag géint Homophobie, Léift, LGBTI, Mënscherechter, sozial Ausgrenzung, Transphobie
Next post Previous post