Search

You may also like

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi
International Meenung Neiegkeeten

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi

Et si gutt Noriichten, déi Eurostat bréngt: An den Euro-Länner

Huet d‘EU-Kommissioun bei de Vaccine versot?
International Meenung Neiegkeeten

Huet d‘EU-Kommissioun bei de Vaccine versot?

Zu Bréissel sinn d‘Technokraten an déi politesch Acteure gläichermoossen an

No den Europawahlen d‘Gestaltung vun Europa (eng Analys)
International Meenung Neiegkeeten

No den Europawahlen d‘Gestaltung vun Europa (eng Analys)

D‘Bierger an Europa hu gewielt, also all zweeten EU-Bierger huet

Pressefräiheet: E Grondsteen vun der demokratesche Gesellschaften

D'Erklärung vum Héije Rot am Numm vun der EU zum Weltdag vun der Pressefräiheet

Pressefräiheet: E Grondsteen vun der demokratesche Gesellschaften

An enger Zäit, an där onofhängeg a fräi Medienberichterstattung méi wichteg ass, wéi jeemools virdrun, ass d’Pressefräiheet weiderhi bedreet. Journalistinnen a Journaliste schaffe nach ëmmer ënnert schwierege Bedingungen – si stinn ëmmer méi ënnert finanziellem a politeschen Drock, ginn iwwerwaacht, willkürlech inhaftéiert oder si Gewalt ausgesat, well si hirer Aarbecht noginn.

Laut der UNESCO-Observatiounsplaz goufe säit 2020 76 Journalistinnen a Journalisten ëmbruecht, a weltwäit goufe si vill méi oft festgeholl, schikanéiert oder bedreet. Besonnesch besuergneserreegend ass déi geschlechtsspezifesch Gewalt géint Journalistinnen.

D’Pressefräiheet ass, wéi duerch zuelräich aktuell Initiativen ënnermauert gëtt, e Grondwäert vun der Europäescher Unioun. D’Fräiheet vun de Medien an d’Sécherheet vu Journalistinnen a Journalisten sinn zentral Prioritéite vum neien Aktiounsplang fir Mënscherechter an Demokratie an dem Europäeschen Aktiounsplang fir Demokratie.

Am Joer 2020 koum den EU-Mechanismus zum Schutz vu Mënscherechtsverdeedeger méi wéi 400 Journalistinnen a Journalisten ze Gutts, a gläichzäiteg huet d’EU am Zesummenhang mat der Pandemie a ville Regiounen wichteg Moossnamen zur Ënnerstëtzung vu Medieschafenden an onofhängege Medien, sou wéi der Bekämpfung vun Desinformatioun ergraff.

Am vergaangene Joer huet d’EU ëmmer erëm d’Aschüchterungen a Schikane veruerteelt, deenen onofhängeg Journalistinnen a Journalisten weltwäit ausgesat sinn. D’EU hat ënnert anerem iwwert hire Sonnerbeoptraagten fir Mënscherechter weiderhin mat verfollegten onofhängegen Berichterstattenden zesumme geschafft an zur Ënnerstëtzung vun inhaftéierte Journalistinnen a Journalisten, sou wéi Blogerinnen a Blogger intervenéiert.

D’EU-Delegatioune sinn d’Stëmme vun der EU op der Plaz. Si hu Geriichtsprozeduren géint Journalistinnen a Journalisten opmierksam verfollegt, sech géint d’Ënnerdréckung vu Mënscherechtsverdeedeger a Medieschafend ausgeschwat a bei nationalen Autoritéite Bedenken hisiichtlech proposéierte Rechtsvirschrëften an de Beräicher Kommunikatioun, Medien, Noriichten a Radio geäussert.

D’EU ass entschloss, méi ze maachen, an Europa an am Rescht vun der Welt. D’EU wäert sech weiderhin am Kader vun internationalen Organisatiounen a Mechanismen ofstëmmen an nei Usäz virundreiwen. E Beispill heivir ass de Virschlag vun der Europäescher Kommissioun fir e Gesetz iwwer digital Déngschter, déi dorobber ofzilen, déi wichtegst Plattformen an d’Verantwortung ze huelen, fir hir Systemer méi gerecht, sécher an transparent ze maachen.

Mir wäerten och eis Moossnamen zur Bekämpfung vun Desinformatioun fortsetzen a gemeinsam mat alle Partner Mëttel zur wierksamer Ënnerstëtzung vun nohaltege Geschäftsmodeller fir onofhängeg Medien sichen.

Informatiounsfräiheet a fräi Meenungsäusserung mussen iwwerall gefërdert a geschützt ginn. Dëst ass am Interessi vun eis all. D’EU wäert och an Zukunft all Aschränkungen vum Recht op fräi Meenungsäusserung an all Zensur, souwuel online wéi och offline, zeréckweisen, déi géint déi international Mënscherechtsnorme verstéissert.

D’Pressefräiheet ass e Grondsteen vun der demokratesche Gesellschaften, déi just dann erfollegräich kënne sinn, wann hir Biergerinnen a Bierger Zougang zu zouverlässegen Informatiounen hunn a fundéiert Decisiounen treffe kënnen. Pressefräiheet bedeit Sécherheet fir jiddereen.

Matgedeelt vum Héije Rot am Numm vun der EU

Opmaacherbild: © The Climate Reality Project / unsplash

Related topics Desinformatioun, EU Rot, Europäesch Unioun, Gewalt, Héije Rot, Journalisten, Medien, Meenungsäusserung, Meenungsfräiheet, Mënscherechter, Sécherheet, Weltdag vun der Pressefräiheet, Zensur
Next post Previous post