Search

You may also like

Tempolimitt op däitschen Autobunnen ?
International Neiegkeeten

Tempolimitt op däitschen Autobunnen ?

Déi gréng am däitsche Bundestag haten hiren Antrag zur Geschwindegkeetsbegrenzung

Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“
International Neiegkeeten

Televisiounschaîne Russia Today en „Agent vum Ausland“

Déi vun der russescher Regierung „kontrolléiert“ Televisiounschaîne Russia Today (RT)

Schnéi iwwer Europa
International Neiegkeeten

Schnéi iwwer Europa

Um Mëttwochmueren hat mir ee klengen Avant-goût kritt, vun deem

D’EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela

D’EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela

Bréissel huet um Méindeg d’Entscheedung getraff nei Sanktioune géint de Regimm am Venezuela anzeféieren. Et ass d’Äntwert vun der EU op e sëllechen Onregelméissegkeeten, déi bei de leschte Walen, aus deenen de Nicolas Maduro als Gewënner ervirgaangen ass, festgestallt gi wieren.

„D’EU wëll séier reagéieren, entspriechend den opgestallte Prozeduren, mam Zil nei aschränkend a restriktiv Mesuren ze huelen. Se solle geziilt a reversibel sinn, dem venezuelaneschem Vollek net ze schueden, deenen hiert Leed d’EU wëll ofschwächen“, hunn d’Ausseminister vun de Memberlänner no enger Reunioun zu Bréissel deklaréiert.

Fir den däitsche Staatssekretär Michael Roth, waren et „keng fräi, gerecht an transparent Walen. Mir wäerten esi weider driwwer ënnerhalen, weider Persounen an de Programm vun de Sanktiounen anzeschléissen, fir datt am Juni d’Mesure formell kënne beschloss ginn“.

Vu Caracas aus huet de venezuelanesche President op d’Entscheedung vun der EU reagéiert. Den Nicolas Maduro huet d’EU gebueden „opzehalen seng Nues an d’Ugeleeënheete vu sengem Land ze stiechen“. An enger Ried virun de Gouverneuren a Buergermeeschter huet de Maduro gesot: „De Venezuela muss hei soen: EU genuch Amëschung! Genuch Interventionismus!“.

Eng schwaarz Lëscht déi ëmmer méi laang gëtt

Schonn am Januar hat d’EU siwe Würdenträger vum venezuelanesche Regimm sanktionéiert, déi beschëllegt gi schwéier Verstéiss géint d’Mënscherechter begaangen ze hunn. Dat während der Repressioun vun de Manifestatiounen, déi vun der Oppositioun tëscht Abrëll a Juli 2017 organiséiert gi waren, a wou iwwer honnert Mënschen ëm d’Liewe komm sinn.

Elo sollen nach emol eng Dose Membere vum Regimm op d’Lëscht bäigesat ginn. Si soll awer eréischt am Juni finaliséiert ginn, wëll nach muss gepréift ginn, op déi Sanktioune juristesch duerchzesetze sinn. Esou den Hiwäis vun enger diplomatescher Source.

Bei de Sanktioune geet drëms, d’Gidder „anzefréieren“ an eng Visa-Spär fir den Zougang zum Territoire vun der EU ze verhënneren. Als weider Mesure ass en Embargo op Waffeliwwerungen, Material an technesch Mëttel verhaange ginn, déi zur Repressioun kënne genotzt ginn.

D’EU fuerdert dann och net manner wéi Neiwahlen. Zu Bréissel ass een zudeem alarméiert, iwwert de groussen an dréngenden humanitäre Besoin vun der Populatioun an de ville Bierger aus Europa. „D’Verschlechterung vun der Kris provozéiert eng massiv Immigratioun, wat eng Erausfuerderung fir d’Communautéiten duerstellt déi d’Leit mussen ophuelen“, ënnersträicht d’Deklaratioun

mat AFP

Foto: D’Wahlen am Venezuela ware vu der Oppositioun boykottéiert ginn, an de Nicolas Maduro ass „esou“ mat 68% am Amt bestätegt ginn. Dem Maduro säi Géigner, Henri Falcon, hat dann awer nach 21,2 % vun de Suffragen erhalen. D’EU erkennt d’Wahlen net un, fuerdert Neiwahlen an leet nei Sanktioune fest, déi schonn am Juni sollen ëmgesat ginn. © Juan Barreto/AFP

Related topics EU- Ausseminister, Nicolas Maduro, Sanktiounen, Venezuela
Next post Previous post