Search

You may also like

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 6
International Neiegkeeten Stories

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 6

[onionbuzz quiz-id=93][/onionbuzz] Och an dëser Ronn hu mer de Bléck

D‘Regierung vu Katalounien steet viru Geriicht
International Neiegkeeten Stories

D‘Regierung vu Katalounien steet viru Geriicht

Déi duerch d‘Bestriewe vun Onofhängegkeet ausgeléiste politesch Kris, deplacéiert sech

Patiente fuerdere vun de „wäisse Gëtter“ méi Transparenz
International Neiegkeeten Stories

Patiente fuerdere vun de „wäisse Gëtter“ méi Transparenz

De leschten Donneschdeg huet d‘Asbl Patiente Vertriedung säi Joresbericht fir

EU-Sommet beschléisst Sanktiounen

No der inzeenéierter Bommebedreeung u Bord vum Vol FR4978 vun Athen op Vilnius, an der erzwongener Landung zu Minsk, konnten sech déi wäissrussesch Autoritéiten den Passagéier Roman Protassewitsch, en oppositionelle Journalist kropen

EU-Sommet beschléisst Sanktiounen

(Bal) déi ganz Weltgemeinschaft protestéiert, d‘EU huet säi Loftraum fir Fliger aus Wäissrussland gespaart an zu Moskau versteet een d‘Opreegung net…

„Den EU-Rot veruerteelt op d‘Schäerfst déi erzwonge Landung vun engem Ryanair-Vol um 23. Mee 2021 zu Minsk, an d‘Inhaftéierung vum Journalist Roman Protassewitsch a dem Sofia Sapega duerch déi wäissrussesch Autoritéiten“, esouwäit emol déi gemeinsam Erklärung vun de Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun. Et gëtt natierlech d‘Fräiloossung verlaangt.

Lukaschenko

Well dësen Akt vu „Loftpiraterie“ net nëmmen als Staatsterror mee och nach als imminent Gefor fir déi zivil Loftfaart ze bewäerten ass, gouf beschloss de wäissrussesche Fluchgesellschaften den Zougang zum europäesche Loftraum ze verbidden. Doriwwer eraus ass et Fliger aus dësem Land elo ënnersot op eng EU-Fluchhafen ze landen oder ze starten. Beim Sommet sinn déi an der EU operéierend Fluchgesellschaften ageluede ginn, dem wäissrussesche Loftraum auszewäichen.

Interessant an dësem Kontext: obwuel de Sträit tëscht EU a Wäissrussland net nei ass, et schonn eng Rei Sanktiounen huet, ginn elo eng 3 Milliarden Euro „Investitiounen“ op Äis geluecht. Dozou sot d‘EU-Kommissiounspresidentin, datt dat Geld esoulaang zeréckgehale gëtt bis d‘Land sech nees fir en demokratesche Kurs entscheet. „D‘EU wäert esoulaang Drock op de Regimm ausübe bis et d‘Meenungs- a Pressefräiheet nees respektéiert“, esou d‘Ursula von der Leyen gëschter Owend.

Lukaschenko

D‘USA stinn an dësem Dossier ganz enk un der Säit vu hiren europäesche Partner an annoncéieren och Mesure fir de Lukaschenko a säi kriminellt Ëmfeld zur Vernonft ze zwéngen. An de Joe Biden huet d‘Fräiloossung vun der Koppel gefuerdert. Et wier dat, esou den US-President, ee schlëmmen Ugrëff op d‘Pressefräiheet. (Dat d‘USA mam Julian Assange änlech virgi weess den 80 järegen net)

Den „Echo“ aus dem Osten

Vu Moskau geet dës „Affär“ natierlech politesch begleet, an hei versteet een déi ganz Opreegung net esou ganz. Aus dem Kreml heescht dozou: „Wann déi wäissrussesch Autoritéite virginn, datt si Informatiounen zu engem säitens der palestinensescher Hamas geplangten Attentat haten, da muss een dat emol esou hinhuelen. Mir si fir eng international Enquête a Minsk ass bereet Experten ze empfänken an Informatiounen oppen ze leeën, fir eventuellen Ënnerstellungen ze begéinen.

Och d‘Affer vun dëser Geheimdéngschtoperatioun, déi vun Hollywood (oder aneren) wäert zwecks Verfilmung opgegraff ginn, huet sech mëttlerweil mat engem Video zu Wuert gemellt. Wéi kredibel dës Opnam an déi doranner enthalen Ausso ass? Bezunn op de Kontext, d‘Ëmstänn an d‘Absichten, iwwerhaapt net, mee anersäits bleift eng Informatioun, firwat een den Inhalt scho sollt beliichten.

„Guddem Dag. Ech sinn de Roman Protassewitsch a gëschter sinn ech um nationale Fluchhafen an der Stad Minsk, vun den Asazkräfte vum Inneministère verhaft ginn. Zur Stonn befannen ech mech am Prisong N°1. Heimatter erklären ech, dat ech keng Problemer mat der Gesondheet, mam Häerz oder aneren Organer hunn. Ech gi gutt behandelt an alles erfollegt entspriechen de Gesetzer. Ech schaffe mat den Autoritéiten zesummen a maachen Angaben zur Organisatioun an den Onrouen zu Minsk“, esou déi angeblech fräiwëlleg gemaachten Ausso, déi iwwer „Telegram“ verbreet gouf.

D‘Oppositioun an d‘Firspriecher vum Roman Protassewitsch ginn ze bedenken, datt dës Opnam erzwonge ginn ass, an de Journalist am Virfeld muss gefoltert gi sinn. Esou heescht et do op Twitter, datt den Intervenant am Video geschminkt war. Et kéint däitlech d‘Schléi erkennen déi d‘Affer soll bezunn hunn, et gëtt esouguer virginn, datt dem Journalist d‘Nues gebrach ginn ass. Bezunn op déi engagéiert Autoritéiten ass dat duerchaus méiglech, wierklech beweisen awer léisst et sech elo net.

Palestinenser iwwerrascht

A Palestina, ass d‘Noriicht, laut därer déi radikal islamesch Hamas soll hannert dem versichten, a vun de wäissrusseschen Autoritéite verhënnertem Attentat stoen, mat eppes Verwonnerung opgeholl ginn. Net datt d‘Hamas an d‘Palestinenser aktuell grad eppes aner Problemer ze bewältegen hunn, an en Attentat elo wierklech kee Sënn géif maachen, déi eng Aktioun wier éischter Kontraproduktiv.

Trotzdeem bleiwen déi wäissrussesch Autoritéite bei hirer Versioun, laut därer déi palestinensesch Terrororganisatioun Hamas, hinnen eng Email geschriwwen huet, an där d‘Attentat ugekënnegt gëtt. Et wier an dësem elektronesche Schreiwes gefuerdert ginn, datt Israel seng Attacken op Gaza astellt an d‘EU den Israelien d‘Ënnerstëtzung an dësem Krich soll entzéien. Am Fliger wier eng Bomm, déi iwwer Vilnius soll gezünt ginn. Dat kann ee getréischt als „Fake“ akzeptéieren, mee anersäits sollt ee respektéieren, datt eng geheimdéngschtlech Operatioun so iergendwéi och ee Plang brauch.

Et ass dobäi egal op et kredibel ass, gefuerdert gëtt jo a Fong just eng „Erklärung“. An datt kënnen d‘Europäer an d‘Amerikaner och ganz gutt. Et dierf un de Fall vum erzwongenen Tëschestopp vum Evo Morales, sengerzäit President vu Bolivien (2013) erënnert ginn. Hei haten d‘Amerikaner hir europäesch Frënn dovunner iwwerzeegt, datt sech u Bord vum Evo Morales sengem Fliger dee vun den USA gesichten Edward Snowden befanne géif. Offiziell awer gouf d‘Landung mam Argument “technesch Grënn“ erzwongen. Do huet sech natierlech keen opgereegt, dat war jo an eisem Sënn.

Wéi och ëmmer, den Alexander Lukaschenko huet Satisfaktioun an den Oppositionellen inklusiv Partnerin (dat ass ee weidert Drockmëttel) kritt. Wierklech vill Fluchverbindungen tëscht Minsk an europäesche Stied huet elo och net, an a punkto Investitiounen huet Wäissrussland de Bléck och éischter a Richtung China a Russland gewannt. Haut ass et dann un den NATO-Ausseminister sech hisiichtlech weidere Mesure géint den Diktator Alexander Lukaschenko ze concertéieren…

mat indymedia/bru/mow/nyc

Foto: Den EU-Rotspresident Charles Michel hat keng gréisser Schwieregkeeten d‘Komeroden an d‘Staats- a Regierungscheffe vun dee Noutwennegkeet ze iwwerzeegen, weider Sanktioune géint Minsk an de Diktator Alexander Lukaschenko ze ergräifen. © European Unioun

Related topics Alexander Lukaschenko, Entféierung, EU-Sommet, FR4978, IATA, Minsk, Roman Protassewitsch, Ryanair, Sanktiounen, Wäissrussland
Next post Previous post