Search

You may also like

Kulturfabrik: Den Eschonaut ass bei de klengen Erfuerscher gelant!
International Neiegkeeten

Kulturfabrik: Den Eschonaut ass bei de klengen Erfuerscher gelant!

Schonn am Joer 2014 huet de Centre Culturel Kulturfabrik den

Italienesch Regierungskris hält sech
International Neiegkeeten

Italienesch Regierungskris hält sech

Datt de parteilosen italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte matten an der

CGFP: Konkret Fuerderungen zur Steierreform
International Neiegkeeten

CGFP: Konkret Fuerderungen zur Steierreform

A senger Sëtzung vum Dënschdeg huet den CGFP-Nationalvirstand den Haushaltsentworf

EU-Sommet beschléisst éiergäizeg Klimaziler

D‘Staats- a Regierungscheffen eenegen sech op eng Reduktioun vu mindestens 55% beim Ausstouss vun Zäregaser

EU-Sommet beschléisst éiergäizeg Klimaziler

Nodeems de Volet Rechtsstaatlechkeet zu Bréissel ad acta geluecht gouf, de Wee domadder fir den EU-Haushalt an d‘Covid19-Finanzhëllef fräi gemaach gouf (zesummen ee Pak vun 1,8 Billiounen Euro) an kuerz erkläert gouf datt den Deal mat de Britte gescheitert ass, ass sech ëm de Klimaschutz gekëmmert ginn. Déi Europäesch Unioun wëll jo bis 2050 „Klimaneutral“ ginn.

EU-Sommet

Et kann een d‘Diskussiounen zu de Klimaziler, esou wéi am Paräisser Ofkommes vereenbaart, als „Ustrengend“ ëmschreiwen, dat zumindest bezunn op 21 Stonne Gespréichsbedarf. Déi 27 Staats- a Regierungscheffen hunn, esou léist et den EU-Rotspresident via Twitter matdeelen, sech entscheet méi ambitiéis Ziler festzeleeën. Statt 40% solle bis 2030 55% Zäregasemissiounen agespuert ginn.

Dëse Schratt ass vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen begréisst ginn. De gréissere Problem war an ass déi energetesch Ausriichtung vun den osteuropäesche Memberlänner, wéi Polen, Tschechien an Ungarn. Dës Länner, vun deenen der Zwee d‘Rechtsstaatlechkeet an der Unioun ausser Kraaft gesat hunn, konnten sech a stonnelaange Verhandlungen nees duerchsetzen.

Si erwaarden am Fong net méi an net manner, wéi datt déi aner 24 hir energetesch Transitioun elo finanzéiere sollen. Besonnesch an de Länner déi zum deemolege kommunisteschen Ostblock gehéiert hunn, schéngen d‘Fakten zum Klimawandel keen Androck ze schënnen. Hei gëtt (nach) op Kuel an aner fossil Brennstoffer gesat, fir d‘Stroumproduktioun an de Länner oprechtzeerhalen.

Korruptioun gehéiert zum gudden Toun

Dat huet säi Grond: d‘Ierfschaft aus der kommunistescher Vergaangenheet besteet aus ongesonder Bausubstanz, enger energieintensiver Industrie a miserabele Paien. Zudeem gehéiert et zu de Sitten, datt een d‘Geld aus Bréissel, als éischt emol bridderlech „ënnert sech“ opdeelt. Wann dann nach eppes iwwreg ass, kann dat a Projete vun allgemengem Interessi agesat ginn. Eng Aart Mäzenat…

Et dierf berécksiichtegt ginn, datt déi a Polen ronn 80.000 an der Kuelproduktioun Beschäftegt Lounofhängeg, d‘Bedreeung duerch de Klimawandel mat aneren Ae gesi wéi mir. Zudeem bezitt Polen seng Energie zu 80% aus eben dëser Kuel. An Ungarn ass et net besser, an de Stroumpräis politesch e brisante Sujet. De Loun ass esou schlecht, datt d‘Regierung de Präis muss niddreg halen.

Mat der elo neier Ausriichtung mussen d‘Länner hir perséinlech Ziler nei definéieren. Mee si sinn net eleng. Och d‘Industrie wäert sech mussen nei opstellen a fir d‘Energiewirtschaft bedeit dat elo sech vun de fossillen Energieträger (Kuel & Gas) ofzewennen. Dat gëtt net bëlleg, an wéi vill vun de „Subventiounen“ schlussendlech Zweckbestëmmt agesat ginn, léist sech net virausgesinn.

Dat awer ass fir den Ament kee Thema. D‘Zil ass et d‘EU-Memberlänner bei der Transitioun ze stäipen, hinnen d‘Mëttel ze ginn, hir Industrien an Energieproduktioun de Klimaziler unzepassen. Schonn um haitege Samschdeg sollen dës „Ziler“ bei enger virtueller UN-Klimakonferenz der Welt virgestallt ginn. Europa huet sech virgeholl eng féierend Roll ze spillen, ob et geléngt?

mat indymedia/bru

Foto: (v.l.n.r.) EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen; EU-Rotspresident Charles Michel; Bundeskanzlerin Angela Merkel (Däitschland huet aktuell d‘EU-Presidence). © European Union.

Next post Previous post