Search

You may also like

Wann d‘Schüler net méi mat Zäiten an d‘Schoul kommen
International Neiegkeeten

Wann d‘Schüler net méi mat Zäiten an d‘Schoul kommen

Zu Lëtzebuerg ginn Dag fir Dag eng 30.000 Schüler an

Italienesch Autoritéite leeë Rettungsschëff un d‘Ketten
International Neiegkeeten

Italienesch Autoritéite leeë Rettungsschëff un d‘Ketten

Iwwer Facebook hat den italieneschen Transportminister, Danilo Tonelli, bekannt ginn,

Kanalisatiounsaarbechten an der Eecher Strooss (20. – 21. Juni 2020)
International Neiegkeeten

Kanalisatiounsaarbechten an der Eecher Strooss (20. – 21. Juni 2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt am Kader vum Reamenagement vun

EU-Sommet: Et misst méi geimpft ginn…

Iwwer fënnef Stonnen hunn déi europäesch Staats- a Regierungscheffen am Internet gechillt

EU-Sommet: Et misst méi geimpft ginn…

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi sech nach e Mëttwoch mat deem engen oder anere Pharmakonzern an d‘Hoer kritt hat, war um Donneschdeg beim virtuellen EU-Sommet éischter entspaant. D‘Lag wier wuel weiderhin eescht, mee et kéim ee ganz gutt mam impfe virun.

Am nächste Quartal (Abrëll bis Juni) sollen d‘Konzerner 360 Milliounen Dose liwweren. Bis Enn Mäerz sollte – bezunn op den éischte Quartal – 100 Milliounen Dosen an der Unioun verdeelt gi sinn. Wann alles esou weider geet, dat zumindest d‘Behaaptung vun der EU-Kommissioun, an de Fall gesat d‘Hiersteller géifen sech un Ofsproochen halen, da kéint ee déi gesaten Ziler erreechen.

Tatsächlech ass d‘Zil vun der Kommissioun, bis zum Summer 70% vun den europäesche Bierger ze impfen, an der Theorie alles anescht wéi utopesch. De Problem: Wéi éierlech sinn d‘Konzerner an d‘Politiker? Ëmmerhin huet et sechs Länner déi, ugefouert vum Éisträicher Sebastian Kurz, déi sech a punkto „Verdeelung“ zolidd benodeelegt fillen. De Kontext ass allerdéngs bekannt a gekläert …

EU-Sommet© European Union

Well et sënnvoll ass, wa scho keng Léisung virläit, zumindest mat Kompromësser de Ball um lafen ze halen, soll eng virgezunne Liwwerung vu Pfizer/Biontech (10 Milliounen Dosen) un dës Länner verdeelt ginn. Woubäi een awer net um grondsätzleche Mechanissem fréckele wëll. A well Staats- a Regierungscheffen net Capabel sinn, mussen déi 27 EU-Ambassadeuren d‘Eenzelheete klären.

De globale Maart a seng Handelsbarrièren

Als weidert Stéck vum Puzzle, steet nieft der Disponibilitéit vum Vaccin och seng Hierkonft. Esou huet d‘Ursula von der Leyen monéiert, datt do net jidderee seng Roll wéi vereenbart spille géif. Et huet erwisenermoossen eng „Penurie“ an trotzdeem „exportéiert“ d‘Unioun Impfstoffer. Et heescht, datt zanter Dezember 77 Milliounen Dosen an Drëttstaaten ausgefouert goufen. Ass dat ee Problem?

Streng geholl net, wann sech jidderee un säin Deel vum Accord hält. Laut deem wat elo gewosst ass, halen sech awer nëmme Moderna a Pfizer/Biontech dorunner. Woubäi sech elo Bréissel awer net vu Schold fräi schwätze kann, wann et ëm d‘Problemer mat a bei AstraZeneca geet. Allerdéngs, de schwedesch-britesche Konzern huet bis elo net emol 25% vun den zougesoten Dose geliwwert.

EU-Sommet© European Union

Fir d‘Kommissiounspresidentin gëtt et do keng grouss Wierder ze verléieren, a si stellt kloer, datt d‘Konzerner hir Verträg mat der EU mussen honoréieren, iert Impfstoffer an der Welt verdeelt ginn. Dëse Passus gëllt selbstverständlech och fir AstraZeneca. D‘Folleg dovunner: méi streng Kontrolle beim Export, bis hinn zu Ausfuerverbueter. Dat ass awer och nees méi liicht gesot wéi ëmgesat.

De Problem bei engem globaliséierte Maart, an deem Konzerner a Finanzsecteuren den Toun a wuel och d‘Richtung virginn, sinn d‘Liwwerketten. Si sinn dat schwächste Glidd an zugläich d‘Kugel am Laf vun de Konzerner, deen si de Staaten un d‘Schléif halen. Et ass also nach eppes fréi, fir sech de gëschter zum Ausdrock bruechte Perspektiven unzeschléissen. Et huet ze vill „wann an awer“.

D‘Tierkei gehéiert zu Europa, wéi d‘Krim zu Russland

Beim Sommet ass et natierlech och nees ëm d‘Tierkei gaangen. Dat Land ass de wichtegste Partner vun der EU, dat besonnesch am Kontext vun der Asyl- a Migratiounspolitik, mee och am Kontext vun der NATO, wou dem Sultan seng Horden eng Zentral Roll anhuelen. Interessant hei, datt sech hei all d‘Staats- a Regierungscheffen eens sinn, nëmme keng Onrou an dat Kaartenhaus ze bréngen.

Jo, esou richteg glécklech iwwert déi politesch Ausriichtung an dësem Land, dat sech ëmmer méi zur islamescher Republik Tierkei entwéckelt (dat mam groussen osmanesche Räich wëll sech net opgoen) si weder d‘EU-Kommissioun nach déi meeschte Länner. Mee de Sultan hält d‘Flüchtlingen zréck, déi wuel bei eis an de Virgäert géife randaléieren, wann hien d‘Grenze géif opmaachen.

An esou ergëtt et sech: de Verbuet vun der HPD (Prokurdesch, lénks), den Austrëtt aus der Istanbul-Konventioun, de Kaf vu Rakéitenofwier (S-400) aus dem russesche Waffeprogramm, de Krich an der Regioun Bergkarabach, d‘Provokatioune géintiwwer Griicheland an den Dissens ëm d‘Äerdgas an der Ägäis… Dat alles ass fir EU-Staats- a Regierungscheffe just eng grouss Meenungsdifferenz.

D‘Kurde ginn och a wäiten Deeler vun der Unioun als Terroriste gesinn, datt Fraen an der Unioun Rechter hunn (déi wéi um Beispill Polen och mat Féiss getrëppelt ginn) fanne vill politesch Acteure ganz schlëmm, an iwwerhaapt: traditionell ënnerhalen d‘Europäer generell ëmmer gutt Bezéiungen zu Autokraten an Diktatoren, besonnesch dann, wann et der Industrie a Wirtschaft zerguttst kënnt.

EU-Sommet© European Union

Aus dësem Grond bitt d‘EU-Kommissioun, mat der Zoustëmmung vun alle Memberen, dem Sultan a senge Mäerder Verhandlungen zum Ausbau an der Erweiderung vun der Zollunioun un. Dat geet zesumme mat Reeserliichterungen, wuel besonnesch fir d‘Agente vun der DITIB, enger Agence fir reliéise Fanatismus a politeschen Aktivismus bannent der tierkescher Diaspora. Klengt dach gutt…

Zum Ofschloss nach eng „Randnotiz“: datt sech zum Schluss vum virtuellen EU-Sommet den US-President zougeschalt huet (Nodeems den Anthony Blinken beim NATO-Sommet jo schonn emol d‘Richtung virginn hat), bewäert d‘Ursula von der Leyen als „Zeechen“. Europa an d‘USA sinn nees méi no unenaner erukomm. Eenzeg betreffend Asien, hätt et nach geréngfügeg Differenzen.

mat indymedia/bru

Foto: © European Union

Related topics EU-Sommet, Impfstrategie, Liwwerverträg, Partnerschaft, Pharmakonzerner, Tierkei
Next post Previous post