Search

You may also like

surprise
Schwätzt dir Lëtzebuergesch?
International Neiegkeeten

Schwätzt dir Lëtzebuergesch?

Mat zwee neie Bicher kann sech de nationale Sproochen-Institut (INL)

Den Dan Kersch bei de Special Olympics World Summer Games zu Abu Dhabi
International Neiegkeeten

Den Dan Kersch bei de Special Olympics World Summer Games zu Abu Dhabi

Vergaangene Weekend huet de Sportminister Dan Kersch zu Abu Dhabi,

Esch2022 luet an op een Tour mam Vëlo
International Neiegkeeten

Esch2022 luet an op een Tour mam Vëlo

Kommt a besicht #Esch2022 an eis Partner vum Visit Minett

EU-Sommet soll Impfkonsens bréngen

Am Mëttelpunkt vum EU-Sommet dierft och dësen Donneschdeg nees de Coronavirus an de Mëssel ëm d‘Impfstoffer sinn. Beim Verdeelersystem ass sech weider oneens an d‘EU-Komissioun mécht Drock fir den Impfpass.

EU-Sommet soll Impfkonsens bréngen

Wann sech haut d‘Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun nees am virtuelle Raum treffen, dréit sech nees alles ëm d‘Pandemie, an do geet ëm déi groussaarteg Organisatioun vun den Impfcampagnen, wéi ëm d‘Geschäftspraxis vum schwedesch-britesche Pharmakonzern AstraZeneca an d‘Urgence de Leit dank Impfpass nees eppes Reesfräiheet zouzegestoen. Mee net nëmmen…

Fir unzefänken dierft et probat sinn ze klären, wéi dat mat den aktuelle Liwwerpläng soll virugoen. Viurn zéng Deeg hat den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz, zesumme mat senge Kumpel aus Bulgarien, Kroatien, Lettland, Slowenien an Tschechien en europäeschen Impfsommet verlaangt. Si haten sech beschwéiert, well et Memberlänner huet, déi de Prinzip „Verdeelung“ ze notze woussten.

Dänemark, Holland an esouguer Malta goufen „ugemaach“ well si Verwaltungen hunn, déi ganz no de Reegelen, de System maximal an am Sënn vun hirer Bevëlkerung ze notze wëssen. Et muss dann och nees drun erënnert ginn, datt d‘Impfdose säitens der Unioun enstpriechend der Demographie verdeelt ginn. Dat setzt viraus, datt d‘Länner och déi Dosen déi hinnen zoustinn dann awer kafen.

Wann se dann awer bannent der europäescher Unioun iwwerrascht sinn, datt elo kéint den Androck entstoen, datt d‘Memberlänner net Solidaritéitsfäeg sinn, maachen se nees de Geck mat de Bierger. Solidaritéit ënner EU-Länner soll zwar punktuell, awer nëmmen ënner stänneg ännerende Partner, virkommen. Dat ass dem Fait geschëlt, datt et ënner Egoiste seele gemeinsam Interessen huet.

Zwang aus Iwwerzeegung

Den Impfpass allerdéngs schéngt fir „gemeinsam Interessen“ ze suergen. Wann et drëms geet méi Kontroll iwwert d‘Bierger ze erlaangen, et dat erkläerten Zil ass ouni „Zwang“ mee duerch vill hannerlëschteg a Fräiheetsbeschränkend bis kloer diskriminéierend Methoden d‘Mënschen zur Impfung ze néidegen, da ginn sech esouguer d‘Faschisten an d‘Sozialiste laachend nees d‘Hand.

Mat engem Noweis iwwer Impfungen (den Impfpass vun der WHO – jo dat ass de Gielen – gëtt et zanter Joerzéngten), negativen Tester an/oder iwwerstanener Erkrankung, soll et nach virun dësem Summer zu méi Reesfräiheet kommen. Dorops haten sech d‘Staats- a Regierungscheffe scho beim leschte Sommet verstännegt. Och de rietsradikale Fraktiounschef vun der EPP mécht hei Drock.

„D‘Mënschen an der Unioun waarden op dësen Zertifikat. Virun allem an de Grenzregioune gëtt et scho vill Schued wéinst geschlossen Iwwergäng, well et keng eenheetlech Bescheinegung fir Impfungen oder Tester gëtt. Dat gëtt dréngend gebraucht“, esou de Manfred Weber (CSU). An esoubal et dësem opportun wäert erschéngen, wäert hien sech och fir d‘Impfflicht staark maachen.

Gutt de Mann aus Bayern ass net den eenzegen Opportunist am EU-Parlament, mee e vun deenen déi Muecht hunn an zuweile ganz entschidde géint d‘Grondsätz vum europäesche Gedanke virginn. Woubäi hir Partner vun S&D politesch keen Deit besser sinn, an eigentlech och fir d‘Impfflicht sinn, awer erkannt hunn, datt déi an den nationale Parlamenter op Widderstand stoussen dierft.

D‘Kräizritter an de Sultan

Natierlech mussen sech Bettel & Co. ausser Covid19, och iwwer aner delikat Themen ënnerhalen. Esou ee sensibele Sujet ass d‘Tierkei. Dëst Land dat sech lues awer sécher, ëmmer méi zu enger islamescher Republik verwandelt, ass ee wichtegen NATO- an Handelspartner, gouf vun der EU bezuelt fir Flüchtlingen „zeréckzehalen“ a wëll d‘Fra nees zum Déngschtmeedchen degradéieren.

D‘Tierkei, déi jo ganz androcksvoll der Unioun ze verstoe ginn huet, datt Äerdgas am Mëttelmier an/oder der Ägäis osmanescht Eegentum ass, seng Marine géint d‘Fransousen an d‘Griiche wollt asetzen, den Aserbaidschan am Konflikt géint d‘Armenier (dat sinn déi mam Genozid) massiv ënnerstëtzt, soll zwar“ diplomatesch“ op d‘Plaz gestalt ginn, mee dierf net frontal ugegraff ginn.

Sécher enthält de Bericht vum EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheet, Josep Borrell, de Rot Sanktiounen (politesch a wirtschaftlech) géint de Sultan anzesetzen, mee den ëmstriddene Spuenier well weider Handel mat der Tierkei bedreiwen a schléit eng Erneierung vun der Zollunioun vir. Et heescht datt, déi tierkesch Regierung net nëmmen am Kontext vun de Flüchtlinge wichteg ass.

Eigentlech wëll d‘EU verhënneren, datt sech d‘Tierkei islamesch radikaliséiert, an d‘Diplomatie muss geopolitesch Decisioune beaflossen, déi fir Europa ganz geféierlech kéinte sinn. D‘Tierkei huet op Europa bemooss, déi stäerksten Arméi. Datt Ankara mat de Kurde wëll „ofschléissen“, an a Syrien, Libyen a Berg-Karabach Mäerder/Fanatiker fërdert, muss e wuel a Kaf huelen…

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Guillaume Perigois / unsplash

Related topics EU-Sommet, Impfpass, Impfstrategie, Impfzwang, Kurden, Tierkei, Verdeelerschlëssel
Next post Previous post