Search

You may also like

money
Krunnewaasser am Restaurant?
International Neiegkeeten

Krunnewaasser am Restaurant?

Et ass eng sécherlech gutt gemengte Petitioun, d‘Restaurateure per Gesetz

Wouhinner fir d‘Schivakanz?
International Neiegkeeten

Wouhinner fir d‘Schivakanz?

Wärend déi Lëtzebuerger Politik sech iwwer d‘Koherenz bei de Covid19-Mesure

„Each Mirror Has Two Sides“: D’Kulturfabrik luet op eng Ausstellung an
International Neiegkeeten

„Each Mirror Has Two Sides“: D’Kulturfabrik luet op eng Ausstellung an

Et ginn ëmmer zwou Säiten – dëse Saz huet scho

D‘Ukrain wëll Europa bäitrieden

Beim EU-Ukrain Sommet zu Kiew, soll sech nach emol mat der Fro: „Wéi mécht een aus engem Assoziéierungsofkommes eng voll Memberschaft?“ beschäftegt ginn

D‘Ukrain wëll Europa bäitrieden

De Komiker a President vun der Ukrain, Wolodymyr Selenski, fänkt un ongedëlleg ze ginn, och wëll seng Landsleit, der Usiicht sinn, datt si längst Europäer sinn. Haut wëll hie senge Partner an Europa nach emol erklären, datt viru siwe Joer, vill Ukrainer hiert Liewen op der Maidan-Plaz fir den europäesche Wee geaffert hunn, an nach ëmmer huet et vu Bréissel keng Bäitrëttsperspektiven.

Ob een schonn am Fall vun engen „déjà-vu“ – d‘Tierkei hat jo och emol där Uspréch – ass kann een esou net direkt beäntwerten. Am Géigesaz zur Tierkei déi kengerlee Konditioune méi erfëllt, wat net eleng dem Sultan geschëlt ass, gehéiert d‘Ukrain an d‘Osterweiderungspläng vun der Europäescher Unioun. Mee dat mat der Osterweiderung gouf jo och scho beim Westbalkan-Sommet a Fro gestallt.

An da kënnt de Wolodymyr Selenski a freet: „Ass et sech Euopa nach ëmmer net leed, sech virun der Fro vum EU-Bäitrëtt vun der Ukrain ze drécken? Ass et net un der Zäit vun diplomateschen Auswäichmanöver zu kloren Äntwerten, Konditiounen, Schrëtter a Fristen iwwerzegoen?“. An et ass wuel richteg, datt et net un Efforten a Reformen hisiichtlech engem EU-Bäitrëtt gefeelt huet.

Trotz der Annexioun vun der Krim duerch Russland an dem undauernde Konflikt am Donbass, si Reformen an Ugrëff geholl ginn, firwat et elo endlech eng politesch Entscheedung brauch. Vun dëser sollte méiglechst béid Säiten, also d‘Unioun wéi d‘Ukrain profitéieren. De Wolodymyr Selenski schéngt iwwerzeegt, d‘EU stäerken ze kënnen. Dat hunn anerer sengerzäit och behaapt

U Problemer feelt et eis den Ament net

Wann een elo scho muss op déi „strategesch Roll“ vun enger Ukrain verweisen, an drun erënneren dierf, datt d‘EU sengerzäit alles dru gesat huet d‘Ukrain aus dem politesche wéi wirtschaftlechen Aflossberäich vu Russland erauszezéien, esou geet an der Politik (zumindest wann et sech dobäi net ëm Autokraten handelt) net ëm Frëndschaften, mee ëm Muecht a Geld. An d‘Ukrain kascht Geld…

Den EU-Vizekommissiounspresident Valdis Dombrovskis, huet schonn am Virfeld op dem Komiker seng Doleance reagéiert. De Mann aus Litauen stellt fest: „Eng Erweiderung vun der Unioun ass de Moment net virgesinn, et geet also och bei dësem Sommet net ëm konkret Bäitrëttsverhandlungen. Hei geet et eenzeg drëms d‘Zesummenaarbecht, politesch a wirtschaftlech, weider ze verstäerken.

Hei muss ee Versteesdemech fir Bréissel opbréngen. Wéinst all de Rabbelkäpp mat faschistoiden Tendenzen (Jo gemengt sinn d‘Länner vun der Visegrad-Grupp, mee och esou rietsextrem Gruppe wéi d‘Nazi-Partei AfD, d‘Populiste vum Rassemblement National, avm.) muss emol am eegenen Haus opgeraumt ginn, iert een da Bäibaut, fir nei Familljememberen en Ënnerdaach unzebidden…

mat indymedia/iev/bru

Illustratioun: D‘Ukrain huet en zolitten Dissens mam russeschen Noper, an iwwert den Ëmwee vun enger EU-Memberskaart, kéint een der NATO bäitrieden an esou de Russ verdreiwen… Mengt den ukrainesche President Wolodymyr Selenski. Mee, méi wéi d‘Ukrain an den Aarm huelen a weider ze vertréischten ass ënnert den aktuellen Ëmstänn net dran. © Marco Bianchetti / unsplash

Related topics Bäitrëttsperspektiven, Bäitrëttsverhandlung, EU, Kiew, Konfliktsituatioun, Kooperatioun, Politik, Sommet, Ukrain, Wirtschaft
Next post Previous post