Search

You may also like

Schutzmaske fir Jiddereen!
Neiegkeeten

Schutzmaske fir Jiddereen!

Vill Länner hunn an der Tëschenzäit d‘Schutzmaskeflicht agefouert als Moossnam

Salon du Vintage – Um 24. a 25. Oktober an der LuxExpo
Neiegkeeten

Salon du Vintage – Um 24. a 25. Oktober an der LuxExpo

Exklusiv fir d’éischt kéier ze Lëtzebuerg gëtt et eng Ausstellung

Palestinenserpresident zitt de Stecker
Neiegkeeten

Palestinenserpresident zitt de Stecker

Nodeems den US-President Donald Trump leschte Mëttwoch dem Benjamin Netanyahu

EU Verdeedegung: Paräis begréisst d’Virschléi

5,5 Milliarden Euro pro Joër

EU Verdeedegung: Paräis begréisst d’Virschléi

Ee Mëttwoch huet déi franséisch Arméiministesch Sylvie Goulard d’Virschléi vun der EU-Kommissioun begréisst, déi d’europäesch Verdeedegung wëll verstäerken, dat notamment am industrielle Secteur. D’Sylvie Goulard hätt dann och gären, datt sech dat ganzt „esou schnell wéi méiglech“ konkretiséiert.

Am Kontext vun de schrecklechen terroristeschen Attentater uechtert Europa an der ganzer Welt, markéieren d’Virschléi vun der Kommissioun ee Bewosstsinn dee Wëllkomm ass“, seet d’Arméiministesch an engem Communiqué. D’Kommissioun hat dann och um Mëttwoch ee Projet detailléiert, dee virgesäit 5,5 Milliarden Euro pro Joer fir d’europäesch Verdeedegung ze mobiliséieren.

De Projet a säi Finanzement dee virgeluecht ginn ass, muss nach vun de Memberlänner ugeholl ginn. Am Fokus steet d’Finanzéierung vun der Recherche vun neien Technologien. D’Kommissioun schléit och vir an der méi delikater Phase vun der Entwécklung ze intervenéieren, an deem se Kofinanzementer vu Prototyppen déi vu verschidde Länner gebaut ginn ënnerstëtzt. Och de Gruppéierten Akaf vu Material, wéi beispillsweis Dronen oder Helikopter soll virugedriwwe ginn.

„Eng gutt Iddi

En europäesche Verdeedegungsfong, deem seng Vocatioun et à Terme soll sinn, ambitiéis Zommen ze verdeelen ass virgeschloe ginn. Dat eng gutt Iddi, ugesicht der Käschtenopdeelung, awer och de Verdeedegungskapassitéiten“, begréisst d’Sylvie Goulard d’Proposë vun der Kommissioun „Dës Aarbechte sti fir ee neie politeschen Elan am Beräich vun der Innovatioun, de Moyenen an der technologescher Souveränitéit“.

Mer hunn hei eng Opportunitéit déi muss ergraff ginn“, insistéiert d’Ministesch déi eng gewëssen Erfarung an europäesche Froen huet. Dat wëll si Europadeputéiert war, vun 2009 bis zum Antrëtt an d’Regierung de 17. Mee. An si besteet dann och op een „effikassen a konstruktiven Debat“ bannent der EU „fir dëse Projeten esou fréi wéi méiglech eng Chance ze ginn ëmgesat ze ginn“.

Um Donneschdeg huet sech dann de Jean-Claude Juncker op de Wee a Richtung Prag gemaach fir do iwwert Verdeedegung ze schwätzen. Bei där Geleeënheet kritt de Kommissiounspresident och déi gëlle Gedenkmedaille vun der Prager Charles-Universitéit iwwerreecht. Bäi enger Konferenz wäert hien dann zesumme mat de Vizepresidente Frederica Mogherini an Jyrki Katainen en Ried en Faveur vum Verdeedegungsfong halen. Interessant ass hei, datt d’Rose Gottemoeller, Sekretär-Adjoint vun der NATO och agelueden ass.

mat AFP

Related topics EU, Jean-Claude Juncker, Verteidegung
Next post Previous post