Search

You may also like

Zum 9. Mee feiert och Esch2022 seng europäesch Identitéit
Fail International Neiegkeeten

Zum 9. Mee feiert och Esch2022 seng europäesch Identitéit

D’Europäesch Unioun feiert all Joer um 9. Mee säin Europadag.

Am Klinsch mat de Banken – Ouni Récksiicht op d’Bedierfnisser vum Client
Fail International Neiegkeeten

Am Klinsch mat de Banken – Ouni Récksiicht op d’Bedierfnisser vum Client

Ëmmer méi Filialen a Bankomater sinn an de leschte Joren

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen
Fail International Neiegkeeten

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen

Et gi gläich e puer Initiativen, déi der Plastiksfläsch wëllen

dislike

EU verlängert Glyphosat-Zouloossung ëm fënnef Joer

EU verlängert Glyphosat-Zouloossung ëm fënnef Joer

Dat als „vermuttlech“ Kriibserreegend agestuuft Produkt Glyphosat, huet e Méindeg zu Bréissel „seng Verlängerung“ fir fënnef Joer zougesprach kritt. 18 vun den 28 Länner hunn engem entspriechende Virschlag vun der EU-Kommissioun zougestëmmt.

Domatter gëtt ee Jorelaange Sträit bäigeluecht, kuerz iert d‘Frist vun der Zouloossung um 15. Dezember ofgelaf wier. D‘Entscheedung war oft genuch verluecht ginn. Grond: Wëssenschaftlech Etüde koumen zu ënnerschiddleche Resultater.

De syntheteschen Herbizid deen zanter gutt 40 Joer och an der EU wäitleefeg agesat gëtt, an den Haaptbestanddeel vum héich an der Kritik stoenden US-Konzern Monsanto-Produkt „Round-Up“ ass, dierf dann elo fir mindestens weider fënnef Joer d‘Ëmwelt belaaschten.

Däitschland stëmmt zou

Méiglech gemaach huet dat net zu gudder Lescht de favorabele Vote vum däitsche Landwirtschaftsminister Christian Schmidt (CSU). Bis dohinner hat sech Däitschland ëmmer enthalen, well de Sujet an der grousser Koalitioun (GroKo) fir Spannunge gesuergt huet.

Fir d‘Ëmweltministesch Barbara Hendricks (SPD), déi dem Herbizid net zougedoen ass, huet de Mann aus Bayern mat dësem Vote ganz kloer seng Virrechter iwwerschratt. Si stellt kloer, datt hie mat dësem Vote d‘Vertraue vun der Koalitioun gebrach huet. „Wien drop aus ass eng vertraulech Relatioun mat sengem Koalitiounspartner anzegoen, dierf sech net esou verhalen“.

An Barbara Hendricks ass ëm esou méi rosen, well si nach moies dem Christian Schmidt däitlech gemaach hat, géint eng Verlängerung vum Glyphosat ze sinn. Déi Entscheedung dierft ganz schwéier déi ugestriefte Koalitiounsverhandlunge belaaschten. Dem dierfte weder de Bundespresident Steinmeier nach d‘Kanzlerin Merkel eppes entgéint ze setzen hunn.

De Schmidt verdeedegt seng Entscheedung mat der lapidarer Erklärung, datt d‘EU-Kommissioun souwisou dat lescht Wuert gehat hätt, an den ëmstriddenen Herbizid jo awer zougelooss gi wier. An de Politiker lueft sech selwer, well hie ganz „wichteg Konditiounen“ fir d‘Notzung anzeschränken duerchgesat hätt.

Frankräich mat engem däitleche Nee

De franséische Landwirtschaftsminister Stéphane Travert huet géint d‘Verlängerung vum Glyphosat gestëmmt. Aus dem Cabinet vum Premierminister Edouard Philippe war ze héieren, datt Frankräich den Ausgang vum Vote bedauert. De Premierminister selwer fuerdert vun der EU-Kommissioun d‘Modalitéite fir eng Evaluatioun vu chemesche Substanzen nei ze bestëmmen.

Och de President, Emmanuel Macron, huet eng kloer Positioun ergraff: „Ech hunn d‘Regierung gebieden déi néideg Schrëtt anzeleeden, fir de Gebrauch vum Glyphosat am Frankräich bannent den nächsten dräi Joer ze verbidden“, esou de Macron op Twitter.

Dogéint erhieft sech d‘Presidentin vun der FNSEA (dem gréisste Landwirtschaftssyndikat), Christine Lambert, déi voller Begeeschterung fir de Glyphosat ass an de Pragmatismus vu villen EU-Länner begréisst. Si huet dann och kee Versteesdemech fir d‘Entscheedung vum Landwirtschaftsminister géint eng Verlängerung gestëmmt ze hunn.

Och den zweete Landwirtschaftssyndikat „Coordination Rurale“ huet de „weise Message“, dee Bréissel mat der Verlängerung vun der Zouloossung geschéckt huet, begréisst. „Fënnef ass besser wéi dräi, mee mir sollten net vergiessen, datt dës Zäit genotzt muss ginn, fir den toxikologesche Befund vum Glyphosat ze klären“, esou hire Communiqué.

De Bauereverband „Confédération Paysanne“ deelt iwwer hire Spriecher Laurent Pinatel mat: „Et ass ee schwaarzen Dag fir d‘Baueren. Mat dëser Entscheedung stellt Bréissel kloer, datt hir Gesondheet net wichteg ass. D‘Entscheedung beweist dann och, datt de Lobbying ganz gutt funktionéiert huet“.

Greenpeace reagéiert

Wéi Greenpeace Lëtzebuerg op hirer Facebooksäit kuerz no 16 Auer informéiert huet, fuerdert d‘ONG vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen séier ze handelen. „Hie soll seng Ukënnegungen an d‘Dot ëmsetzen an eng Ausstigstrategie fir den Herbizid Glyphosat virstellen“, esou d‘ONG.

De Landwirtschaftsminister hätt sech widderhuelt zu der Positioun vum Europaparlament bekannt, dat eng ganz Rei vun ëmfaassende Mesure gefuerdert hat. Och bei der Entrevue mat de Vertrieder vu „Meng Landwirtschaft“ um leschte Mëttwoch hat de Fernand Etgen erwähnt, datt de nationalen Aktiounsplang „Pestizide“ nach an dësem Joer vum Regierungsrot gestëmmt soll ginn.

„Elo ass et un der Zäit datt de Minister Etgen Faarf bekennt“, esou de Raymond Aendekerk, Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg. „Den Aktiounsplang Pestizide muss déi aktuell Situatioun a Punkto Glyphosat berécksiichtegen an esouwuel kuerzfristeg wéi och mëttelfristeg Ausstiigmoossname presentéieren“.

„Den Ausstig vu Lëtzebuerg aus der Glyphosat-Uwennung däerf net op déi laang Bänk gedréckt ginn. Direktmoossnamen am privaten an ëffentleche Beräich sinn grad esou erfuerderlech wéi bei Landwirtschaftlechen Uwennungen, wou Glyphosat duerch integréiert wierksam präventiv Konzepter ze ersetzen ass“, esou de Raymond Aendekerk weider.

„Mëttelfristeg brauch et alternativ Konzepter fir déi ganz Lëtzebuerger Landwirtschaft Glyphosatfräi ze maachen. Här Etgen handelt elo“, esou d‘Fuerderung vum Greenpeace-Direkter am Communiqué.

mat AFP

Foto: Aktivisten trieden als EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker (r), EU-Kommissär fir Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet Vytenis Andriukaitis (l) a Monsanto-Charakteren op, hir Gesiichter als Doudekapp verstallt, während bannen dem EU-Haaptquartéier dëse 27. November d‘Verlängerung vum Glyphosat Zoustëmmung „fonnt“ huet. © Emmanuel Dunand/AFP

Related topics Christian Schmidt, EU-Kommissioun, Fernand Etgen, FNSEA, Glyphosat, Greenpeace, Meng Landwirtschaft
Next post Previous post