Search

You may also like

Se hunn en einfach am Prisong vergiess…
Neiegkeeten

Se hunn en einfach am Prisong vergiess…

1977 war de Michel Cardon, 67 Joer al, wéinst Mord

Projet Rout Lëns – Esch als postindustrielle Bléckfang
Neiegkeeten

Projet Rout Lëns – Esch als postindustrielle Bléckfang

Esch bougéiert, an zwar an eng attraktiv, angenehm an artistesch

Monsanto hat ee ganz besonnescht A op seng Kritiker
Neiegkeeten

Monsanto hat ee ganz besonnescht A op seng Kritiker

Déi däitsch Bayer AG, déi den US-Chimiekonzern am Summer 2018

D’EU an den Ekodesign: Zukünfteg mussen Ersatzdeeler bis zu 10 Joer disponibel sinn

D’EU an den Ekodesign: Zukünfteg mussen Ersatzdeeler bis zu 10 Joer disponibel sinn

Fir verschidden elektronesch Produiten – dorënner beispillsweis Wäschmaschinnen, Fernseher, Frigoen oder och Computerbildschiermer – déi ab dem 1. Mäerz an den Handel kommen, mussen duerch eng europäesch Veruerdnung wärend 7 bis 10 Joer Ersatzdeeler garantéiert ginn. Dës Stécker mussen ënnerhalb vu 15 Schaffdeeg un den Notzer, respektiv e professionellen Atelier geliwwert ginn.

Ganz am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft sollen duerch d’Méiglechkeet op méi einfach Reparaturen d’Laangliewegkeet gefërdert ginn. Apparater an Elektroproduiten sollen net direkt ewechgehäit ginn, soubal si net méi fonctionnéieren.

Eng Obligatioun ass et dofir, dass Lëschte mat de Stécker op der Websäit vum Produzent, respektiv dem Importeur ëffentlech ersiichtlech sinn. Grouss Stécker sollen dobäi fir professionell Ateliere reservéiert ginn, well si Zougang zu allen noutwennegen Informatioune mussen hunn.

Dës Weidere mussen d’Deeler mat normalem Geschir ausgetosch kënne ginn. Eng Norm, wéi laang en Apparat hale muss, gëtt et allerdéngs net.

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz begréisst d’Approche, gesäit gläichzäiteg awer och ee Problem: Souwuel d’Käschte vun den Ersatzstécker, wéi och déi vun de Reparaturaarbechten sinn héich, wouduerch de Verbraucher léiwer ee ganz neien Apparat keeft, wéi en reparéieren ze loossen.

Aus dësem Grond fuerdert d’ULC vun der Regierung en TVA-Taux vu 3% fir Reparaturen, wat esou och am Koalitiounsvertrag festgehalen ass, direkt anzeféieren.

Opmaacherbild: © Janaya Dasiuk / Unsplash

Related topics Ekodesign, Ersatzdeeler, EU-Veruerdnung, Käschten, Konsumenteschutz, Kreeslafwirtschaft, Laangliewegkeet, Reparatur, TVA-Taux, ULC
Next post Previous post