What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!
De groussherzoglechen Haff freet sech iwwert de 35. Gebuertsdag vu
De groussherzoglechen Haff freet sech iwwert de 35. Gebuertsdag vu
Zënter November ass eng Ekipp un Infirmièren an Infirmieren vu
D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch Aarbechte vun der Stroossebauverwaltung
Um vergaangenen Donneschdeg huet de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun (EuGH) entscheet, datt Etüden iwwert de Kriibsrisiko vum Glyphosat ëffentlech gemaach musse ginn.
Den EuGH huet am Fall Gréng/EFA géint EFSA, Monsanto a Cheminova geuerteelt, datt déi Europäesch Liewensmëttelautoritéiten vun EFSA bis ewell onverëffentlecht Etüden iwwert de Kriibsrisiko vu Glyphosat dem Public ëffentlech maache muss. Als Begrënnung verweist d’Geriicht op den ëffentlechen Interessi, den méi schwéier weit wéi Geschäftsgeheimnisser vu Monsanto a Co. Déi Europäesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet hat virdrun erkläert, datt Glyphosat op Grondlag vun onverëffentlechte Studie vu Monsanto als net kriibserreegend agestuuft ginn ass.
Déi gréng EU-Deputéiert Tilly Metz begréisst dës Entscheedung: „Ëffentlechen Interessi geet virum Geschäftsgeheimnis a kommerziellen Interessen! D’Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff ass ee risegen Erfolleg am Kampf fir de Schutz vun der Gesondheet, Ëmwelt an Aartevillfalt. Onofhängeg Wëssenschaftler kënnen elo d’Toxicitéit vu Glyphosat duerch ëffentlech zougänglech Etüden nei beuerteelen. Dës Entscheedung ass ee grousse Schrëtt am Kampf géint de Lobbyismus a fir d’Transparenz.“
D’Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff kann een HEI noliese.