USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert
E Méindeg huet eng Riichterin vu San Francisco den Uerder
E Méindeg huet eng Riichterin vu San Francisco den Uerder
Datt d‘Krankekeess am Kontext vun der Covid19-Pandemie géif zolidd zur
Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles 18 Plaquettë vun „EureWelcome“ iwwerreecht, un Acteuren aus diverse Secteuren, déi duerch hir Barrièrëfräiheet iwwerzeege konnten an esou och Persoune mat reduzéierter Mobilitéit ee gutt Stéck hëllefen.
Fir genau ze sinn gëtt dëse Label un Etablissementer, Servicer an Evenementer verginn, déi alle Visiteuren d’Accessibilitéit garantéieren, an dat ënnert dem Konzept „Design pour tous“. Dës Strategie setzt d’Eliminatioun vu verschiddene Barrièrë viraus, wouduerch eventuell Leit mat reduzéierter Mobilitéit un der Participatioun gehënnert sinn oder net vun der Offer profitéiere kënnen.
Heibäi geet et net eleng ëm handicapéiert Persounen, mee och ëm eeler Leit, Visiteure mat Poussetten a vill méi. Infrastrukturen, déi dëse Label droen, mussen eng Rei Kritären erfëllen, wou virun allem eng gewësse Breet vun den Dieren, ausräichend Plaz fir handicapéiert Persounen oder och Barrièrëfräiheet an der Entrée garantéiert muss ginn.
Scho säit Joren setzt sech d’Tourismusdirektioun mam Informatiounszentrum Info-Handicap zesummen, fir esou Infrastrukturen ze belounen, déi fir wierklech jiddwereen zougänglech sinn. „De Konzept „Design pour tous“ an de Label „EureWelcome“ äntweren op de Wëlle fir touristesch Attraktioune plangen a realiséieren ze kënnen, sou wéi och aner Manifestatiounen a Servicer, déi enger grousser Diversitéit un Notzer Accès bidden, ouni si ze benodeelegen oder verschidde Gruppen auszegrenzen“, sou de Minister Lex Delles.
An de Label geet un…
Mëttlerweil droe schonn 160 Infrastrukturen, dorënner touristesch Attraktiounen, Manifestatiounen, Hotellen, Campingen, Restauranten a vill méi, de Label „EureWelcome“. All Site ass kontrolléiert ginn a besëtzt eng Fiche Technique, déi ënnert www.eurewelcome.lu ze fannen ass.
Opmaacherbild: © MECO