Search

You may also like

money
Shopping Zenter Cloche d‘Or entpuppt sech als Flopp
Neiegkeeten

Shopping Zenter Cloche d‘Or entpuppt sech als Flopp

An Zäite wou een all onnéidege Kontakt meide sollt, a

Top 5 Filmer mam Harrison Ford, déi s de gesi muss hunn
Neiegkeeten

Top 5 Filmer mam Harrison Ford, déi s de gesi muss hunn

Den Harrison Ford kritt haut seng 75. En zimlech stattlechen

Video: Wéi den John Oliver d‘Coronapandemie gesäit
Neiegkeeten

Video: Wéi den John Oliver d‘Coronapandemie gesäit

De John Oliver ass en Englänner dee mat senger „Late

Euro-Composites zu Iechternach: Eng Hal vun 2000 m² a Flamen

Euro-Composites zu Iechternach: Eng Hal vun 2000 m² a Flamen

Gëschter Mëtteg um 12:30 Auer ass beim 112 een Appell eragaangen, datt et um Industriesite vun Euro-Composites zu Iechternach brenne géif. Déi éischt Unitéiten op der Plaz waren d’Pompjeeë vun der Societéit selwer an de CIS Iechternach. D’Ekipp gouf konfrontéiert mat engem Feier an engem Stock vun 2000 m².

Nodeems een d’Persounen um Site vun Euro-Composites evakuéiert hat, huet sech staarken Damp entwéckelt. Dofir huet de CGDIS der Populatioun an der Ëmgéigend geroden d’Dieren an d’Fënstere bis zur definitiver Läschung zouzeloossen. Och déi däitsch Autoritéiten si schnell informéiert ginn.

Euro-Composites

Géint 15:30 Auer soll d’Feier ënnert Kontroll gewiescht sinn. D’Pompjeeë sinn weiderhin op der Plaz fir d’Situatioun am Aen ze behalen a schnell anzegräife, falls sech nees Feier entwéckele sollt.

Euro-Composites

Am Endeffekt ware méi wéi 100 professionell a fräiwëlleg Asazkräft vun 10 CIS’en op der Plaz. Si hu sech nieft dem Läsche vum Feier och dorëm gekëmmert, datt sech d’Flamen net op aner Gebaier ausbreeden. Folgende 4 Spezialberäicher sinn ageriicht ginn:

  • De spezialiséierten Interventiounsgrupp NRBC, fir d’Analyse vum Damp an dem Läschwaasser
  • Eng speziell Dron, fir een Iwwerbléck zur Situatioun ze kréien
  • Sanitär Ënnerstëtzung, fir d’Personal ze encadréieren
  • Verfleegung, fir sech ëm d’Persounen am Asaz ze këmmeren

Euro-Composites

De CGDIS schafft am Moment enk mat der Waasserverwaltung, den däitschen Autoritéiten a Pompjeeën zesummen, fir datt de Schuet un der Ëmwelt duerch d’Läschwaasser an der Sauer esou geréng wéi méiglech bleift.

Zur Ëmwelt- a Waasserverschmotzung

Wéi den Ëmweltministère matgedeelt huet, ass et duerch d’Läschwaasser zur Verschmotzung vun der Sauer komm sinn. D’Mousse, déi fir ze läsche genotzt gëtt, besteet aus Léisungsmëttel, polyfluoren Substanzen an phenoleschen Haarzer. Dës Stoffer sinn bei den Aarbechten an d’Waasser gelaf an hunn soumat Ausiwerkungen op d’Ëmwelt.

 

An der Géigend vu Steinheim hunn déi däitsch Autoritéite schwammend Spären installéiert, fir esou d’Mousse an d’Léisungsmëttel op der Waasseruewerfläch ewech ze kréien. An dësem Kader gi reegelméisseg Prouwe vum Waasser gemaach, fir esou d’Ausmooss vun der Pollutioun am Aen ze behalen.

Euro-Composites

© AGE

Opmaacherfoto: © CGDIS

Related topics CGDIS, Dronen, Euro-Composites, Feier, Flamen, Iechternach
Next post Previous post