Search

You may also like

D’Stauséi-Gemeng huet en neie Schäffen!
International Neiegkeeten

D’Stauséi-Gemeng huet en neie Schäffen!

No der ministerieller Veruerdnung vum 30. Juni 2020 ass de

money
„Green Funds“: Oppositioun erkennt Opportunitéiten
International Neiegkeeten

„Green Funds“: Oppositioun erkennt Opportunitéiten

Et ass en interessante Gesetzprojet dee gëschter vum CSV-Deputéierte Laurent

Den IS vergräift sech un Teheran
International Neiegkeeten

Den IS vergräift sech un Teheran

Gëschter hunn Attentäter an der iranescher Haaptstad matten am Parlament

Europa: De Klimawandel an déi atmosphäresch Pollutioun ass ee Risiko fir d‘Gesondheet

Europa: De Klimawandel an déi atmosphäresch Pollutioun ass ee Risiko fir d‘Gesondheet

D‘Erhéijung vun den Temperaturen an d‘Hëtztwellen déi dem Klimawandel geschëlt sinn, a Verbindung mat der atmosphärescher Pollutioun, stellen erhieflech Gesondheetsrisiken duer, a kéinten eng Zounam vun de kardiovaskulären an Erkrankunge vun den Otemweeër an Europa mat sech bréngen.

Et ass den zentralen Thema vun engem neie Fuerschungsprojet mam Titel „EXHAUSTION“, dee vum europäesche Programm zur Fuerschung an Innovatioun „Horizon 2020“ un deem de Lëtzebuerger Institut fir sozioekonomesch Fuerschung (LISER) als Partner bedeelegt ass.

Déi extrem Hëtzt ass verantwortlech fir Gesondheetsproblemer an/oder d‘Verschlechterung vun enger Krankheet, an erhéicht den Taux vun den Hospitalisatioune fir eng Rei Krankheeten déi Häerz an/oder Otemweeër belaaschten (MPC). De Feinstaub (PM2,5) an den Ozon (O3) sinn déi haapt Verschmotzungen déi aktuell d‘Gesondheet vun de Mënschen an Europa bedreet.

Während de Periode vun extremer Hëtzt an ofhuelenden Néierschléi, klëmmt och de Risk vu Bëschbränn, wat zu enger staarker Verschmotzung vun der Atmosphär bäidréit, dat notamment an der Form vu PM2,5. Besonnesch a Südeuropa, weisen déi aktuell Projektiounen en erhéichte Risk vu Bëschbränn op. Héich Niveaue vun O3 si bei de rezenten Hëtztwellen observéiert ginn an et gëtt virgesinn datt de Klimawandel am Summer den Ozon-Niveau géint erhéijen.

D‘Episode vun extremen Temperaturen an héijen Niveaue bei PM2,5 an O3 kënnen zudeem simultan optrieden. Dat méi oft a iwwer länger Zäitraim, wou eng Zounam duerch d‘Äerderwiermung och zu enger Steigerung wäert bäidroen.

Fuerschungsinstituter a ganz Europa versammelen aktuell hir Expertise an Kader vun engem Konsortium, deem seng Ambitioun et ass, d‘Kenntnisser erhieflech virunzedreiwen an nei Beweiser virzeleeën, wat d‘Verbindung an den Impakt tëscht Klimawandel, extrem Hëtzt, atmosphäresch Pollutioun an der Gesondheet an Europa betrëfft.

D‘Prioritéit vum LISER ass et ee vun de „Workpackages“ zu de sozioekonomesche Konsequenze vun dësem Impakt ze steieren: wéi steigt oder fält d‘Vulnerabilitéit am Bezuch op geographesch, demographesch a sozioekonomesch Facteuren, inklusiv der Qualitéit vum Logement, der Gesondheetsinfrastruktur, d‘Bildung an den Niveau vum Akommes?

Fir de LISER ass de Projet EXHAUSTION eng ideal Plattform, déi et him erlaabt säin Aktiounsfeld auszebreeden, andeem vun enger aktueller Modeliséierung, déi reng wirtschaftlech baséiert ass, zu enger fusionéierter Modeliséierung vu Wirtschaft a Klimawandel, gewiesselt gëtt. Esou kann de LISER d‘Datebank zur Ausschaffung vun adaptive an ofschwäschende Strategien op globalem Niveau virubréngen.

De LISER stäipt sech heivir op d‘Projektioune vum Impakt op d‘Gesondheet vun EXHAUSTION fir nei Impakter op d‘Gesondheet an den ekonomeschen Impakt ze integréieren. De LISER wëll sech dann och méi konkret mat der Evaluatioun vum ekonomeschen Impakt vun de Infektiounskrankheeten als Folleg vum Klimawandel beschäftegen.

Gutt opgestallte Strategië kéinten dat virzäitegt Ofliewen an d‘Krankheete bei de vulnerabele Gruppen – notamment eelere Mënschen, Bëbeeën, chronesch Kranker an aner defavoriséiert Gruppen – evitéieren. D‘Fuerscher vun dësem Projet haten sech vum 1. bis den 3. Juli zu Oslo (Norwegen) fir de Lancement vum Projet zesummefonnt.

matgedeelt vum LISER, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics atmosphäresch Pollutioun, EXHAUSTION, Gesondheet, Klimawandel, LISER
Next post Previous post