Search

You may also like

De Coronavirus impaktéiert och d‘Justiz
International Neiegkeeten

De Coronavirus impaktéiert och d‘Justiz

Datt déi zoustänneg Ministèren sech net zu de Mesuren déi

Philharmonie: Diplomiwwerreechung vun der Europaschoul!
International Neiegkeeten

Philharmonie: Diplomiwwerreechung vun der Europaschoul!

Um vergaangene Samschdeg, de 6. Juli huet an der Stater

Spärung um Echangeur Helfenterbréck
International Neiegkeeten

Spärung um Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt ee weidere Chantier virgesinn ass. Duerch

Europa ënner Drock (Kommentar)

Europa ënner Drock (Kommentar)

Nodeems d‘Amerikaner sech fir d‘Aussetze, wann och nëmmen temporär, vum Patentschutz fir déi vun de Pharmakonzerner mat ëffentlechem Geld entwéckelt Covid19-Impfstoffer ausgeschwat huet, ass bei de Pharmakonzerner, hiren Aktionären a wuel och soss de Krisegewënner d‘Welt aus de Fuge geroden. Witzeg ass, datt et en 80 järegen US-President ass, deen dofir verantwortlech ass…

Wat hei zu Lëtzebuerg d‘Piraten, déi lénk an déi ausserparlamentaresch Oppositioun KPL, ganz kloer a vun Ufank gefuerdert hunn, kéint elo vum, mat der Gestioun vum Planéit „A“ beoptraagten Amerikaner tatsächlech duerchgesat ginn. Woubäi de Joe Biden sech bannent den USA, mat dëser Propositioun, de Patentschutz vun de Covid19-Impfstoffer opzehiewen, och keng Frënn mécht.

Bis zur ëffentlecher Ausso vum US-President, haten sech déi westlech Pharma-Natiounen am Sënn vun de Konzerner, an den Interesse vun deenen hiren Aktionären, erfollegräich fir de Patentschutz agesat. Der Mënschheet eppes guddes undoen, ouni dës virdrun an d‘Knéien ze zwéngen an sech eng gëllen Nues un hiren Ängschten a Suerge verdéngt ze hunn, geet am Gesondheetswiesen net.

D‘Allianze vun de Konzerner aus Amerika an Europa, tatkräfteg gestäipt vu Brasilien a Japan, si vun der US-Handelsbeoptraagter Katherine Tai kal, jo eigentlech äiskal erwëscht ginn. D‘Bourssen op der Welt hunn direkt reagéiert, an et war zimmlech offensichtlech, datt dës Reaktiounen an éischter Linn sollte verständlech maachen, datt beim Vaccin ni ëm de Schutz vum Mënsch geet.

Hei geet et eenzeg an eleng ëm de Profit, firwat dann och esou „rhetoresch Gespenster“ un d‘Wand gemoolt ginn, wéi datt Fuerscher/Wëssenschaftler sech zukünfteg einfach net méi bei Pandemie fir d‘Erfuerschung vun engem Medikament/Impfstoff géifen higinn. Dat ass glat gelunn, an et ass och ganz seelen, datt „de Wëssenschaftler“ – also dee wou d‘Aarbecht gemaach huet – ee „Merci“ kritt.

Nee hei si ganz kloer d‘Financieren a wat sech soss nach selwer als zu den 1% vun de berechtegt Privilegiéierten op der Welt zielt, déi wou un de Strëppe gezunn hunn an nach zéien. Et ass dann och eenzeg dem Fakt geschëlt, datt ouni e globale Retablissement d‘Weltwirtschaft a Fro gestallt wier. Esou ee politesche Revirement vun der US-Regierung ass keen Zeeche vun Humanitéit.

Europa an Erklärungsnout

Datt Europa generell, déi Europäesch Unioun am besonneschen, och just virgëtt sech fir d‘Bierger anzesetzen, ass eigentlech keng Informatioun, an ëm esou méi ass erfreelech, datt d‘Unioun duerch dem Duo Biden/Tai seng Propos zolidd an Erklärungsnout geréit. D‘EU, déi Milliarde fir seng am Ausland produzéierend Pharmakonzerner verschenkt huet, ass dem Patentschutz enk Verbonnen.

Et ass net, well se zu Bréissel vill Opwand bedreiwen de Bierger vun der Europäescher Unioun Sand an d‘Aen ze streeën, an een op „mir musse global a vereent géint d‘Pandemie virgoen“ op d‘Dier gemoolt hunn, datt d‘Technokraten an déi vun der Groussfinanz finanzéiert Membere vun der EU-Kommissioun, gewëllt wiere mam gudde Beispill virzegoen. Et geet net emol ëm Politik…

An elo huet och nach just en Amerikaner, dee Partner vun deem ee sech déi fir d‘Bierger an der EU besonnesch schiedlech Finanzpolitik ofgekuckt huet, en Ufall vun Humanitéit. Mat den europäesche Patenter fir Vaccinen, loossen sech vill Hänn schmieren an et kann een aarm Länner nach besser a virun allen ganz geziilt an Ofhängegkeet versetzen. Op dëser Welt gëtt et eben näischt fir näischt.

Esou sëtzen se do, e verlugenen Industriellen am Gewand vum EU-Kommissär fir Handel, an eng däitsch Politikerin, déi ee bessert Verhältnis zu mat EU-Gelder finanzéiert Conseilleren huet, wéi zu den eegene Kanner. An nee och déi sinn net do fir am Sënn vum Bierger ze beroden, hiren Optrag ass et d‘Rhetorik virzeleeë mat där de Bierger d‘Gefill soll hunn am Mëttelpunkt ze stoen.

De Problem mat dësem amerikanesche Virstouss ass, datt eis politesch Egoisten eigentlech ganz gären d‘Interesse vun de Pharmakonzerner (an esou indirekt déi vun de Banken an Assurancen) vertrieden, déi deene Beschte gutt dotéiert Mandater am Virstand garantéieren. Anersäits ass ee grad frou, datt dat politescht Verhältnis mat den USA zanter dem Managementwiessel nees stëmmeg ass.

An elo muss een dann ofwaarden, wéi sech d‘Verhandlunge bannent der Welthandelsorganisatioun (WTO) presentéieren. Kréien sech d‘USA duerchgesat a kënnt zum Aussetze vum Patentschutz? Méiglech ass dat am Kontext vun Trips-Ofkommes vun der WTO. Dat hei festzeleeën, wier mat der Zweedrëttelmajoritéit méiglech. D‘Europäer sinn decidéiert alles ze maache fir déi ze verhënneren.

Illustratioun: © Mikita Yo / unsplash

Related topics Impfstrategie, Indien, Joe Biden, Lobbyismus, Patenter, Patentschutz, Pharmakonzerner, USA, WTO
Next post Previous post