Search

You may also like

Mäerderescht Orkandéif Friederike suergt fir vill Chaos
International Stories

Mäerderescht Orkandéif Friederike suergt fir vill Chaos

Den Orkan Friederike huet en traurege Bilan hannerlooss: néng Doudeger

Elo gratis ze bestellen: Landkaart mat lëtzebuergeschen a franséischen Uertsnimm
International Stories

Elo gratis ze bestellen: Landkaart mat lëtzebuergeschen a franséischen Uertsnimm

Ëlwen / Troisvierges, Gehaansbierg / Mont Saint Jean, Larochette /

money
D‘Proprietaire sollten eppes Solidaritéit weisen (e Kommentar)
International Stories

D‘Proprietaire sollten eppes Solidaritéit weisen (e Kommentar)

De gréissten Undeel vu Geschäftsraim zu Lëtzebuerg ass a ganz

„No Paseran“: Europa huet seng Grenzen zou gemaach

„No Paseran“: Europa huet seng Grenzen zou gemaach

2017 war weder fir Migranten nach fir Refugiéeën e gutt Joer. An Italien an a Griicheland sinn am leschte Joer wiesentlech manner Flüchtlingen ukomm wéi 2016. Dat läit dann och dorunner, datt sech d‘Festung Europa konkretiséiert huet. De Problem u sech ass domatter awer net geléist.

De Kaméidi ëm d‘Migranten an d‘Refugiéeën huet sech geluecht. Eng vun den Haaptursaache läit am Mëttelmierraum. Déi libesch Küstewaach gräift zolidd duerch an den „Deal“ mat der Tierkei erweist sech als „wierksam“. D‘Weeër iwwert d‘Mëttelmier „zou“ ze maachen, wier also eng richteg Entscheedung gewiescht.

Leider ass den eigentleche Problem domatter awer net geléist. Et si keng Fluchtursaache bekämpft ginn an och „intern“ konnten sech d‘EU-Memberlänner op näischt eenegen. D‘Verdeelung vun de Mënsche bannent der EU stéisst sech un deenen déi partout net wëllen hire Bäitrag leeschten. Den europäeschen Asylsystem ass eng Farce…

Solidaritéit gesäit dann och anescht aus: nëmmen 29.000 Refugiéeën aus Italien a Griicheland sinn op aner EU-Länner verdeelt ginn. 10.000 sollen der nach „verdeelt“ ginn, heescht et vu Bréissel. Wien déi soll ophuelen a bis wéini dat „iwwert d‘Bühn“ soll goen, doriwwer ass bis ewell näischt matgedeelt ginn.

Dobäi war am September 2015 e Programm beschloss ginn, an deem festgehale gi war, datt d‘EU-Memberlänner 120.000 Refugiéeën aus Italien a Griicheland sollten ophuelen. Eng Iddi déi bannent der EU net vill Zousproch fonnt huet. Vill Länner hunn sech géint d‘Entscheedung gewiert. Ungarn an d‘Slowakei haten esouguer beim EU-Geriichtshaff geklot, allerdéngs ouni Erfolleg.

Geet et der EU-Kommissioun no, missten all d‘Migranten, déi nach virum Enn vum Ëmverdeelungsprogramm (26. September 2017) an Italien oder Griicheland waren oder ukomm sinn, an déi d‘Kritären erfëllen, op d‘Memberstaate verdeelt ginn. Déi rechtlech Verflichtung, Mënschen opzehuelen, huet also weiderhi Bestand.

Doutgebuert „Quotesystem“

Bis September 2017, sollte ronn 100.000 Migranten a Refugiéeën aus Italien a Griicheland op déi aner Memberlänner opgedeelt ginn. Dat war awer da just de Fall fir 9.000 Leit aus Italien a fir eppes ënner 20.000 Mënschen aus Griicheland. Dat si faktesch net 30% vun deem wat sech Bréissel als Zil gesat hat.

Erstaunlech dann d‘Matdeelung vum Spriecher vun der EU-Kommissioun, deen ouni mat der Wimper ze zucke verkënnt huet, datt d‘Kommissioun de Programm awer als erfollegräich ugesäit. Datt déi effektiv Zuele wäit ënnert deene leien, déi 2015 ugeholl gi waren, hätt seng Ursaach am Flüchtlingspakt, deen d‘EU mat der Tierkei agaangen ass.

Richteg ass et, datt mat dësem Pakt, wiesentlech manner Mënschen a Griicheland ukommen. Mee och an Italien hu vill manner Leit Asyl ugefrot, déi d‘Kritäre fir d‘Ëmverdeelung erfëllen. Mat der Definitioun „séchert Hierkonftsland“ déi wuel net ëmmer ersiichtlech ass (Irak, Afghanistan) a bilateralen Accorde mat de nordafrikanesche Staaten, ginn ëmmer méi Demanden a Fro gestallt.

Mee och wann dee Problem ze léise wier, esou ass et och wichteg drop hinzeweisen, datt weder Ungarn nach Polen, bis haut och nëmmen ee Flüchtling opgeholl hunn. D‘EU-Kommissioun huet wuel eng Prozedur ageleet – och géint Tschechien – mee ouni dat déi ugeschwate Länner agelenkt hätten. Dobäi ass den EU-Vertrag hei eendeiteg…

Et huet awer och Länner ginn, déi hirem „Optrag“ konnte gerecht ginn. Et waren dann hei och virun allem déi kleng Länner, déi sech am beschten „aus der Affär gezunn hunn“. Lëtzebuerg, Malta, mee och eis Belsch Noperen hunn hiert gemaach. Däitschland, wou ëmmer als Moteur bezeechent ginn ass, huet ëmmerhin nach 75% vum zougewisene Kontingent opgeholl.

A wann et dann och vill Leit erfreet, datt de „Problem“ méi kleng gëtt, esou dierf net ausser Uecht gelooss ginn, datt déi eigentlech Grënn, déi d‘Leit aus hirer Heemecht verdreiwe, nach ëmmer héich aktuell sinn. Zudeem „lafen d‘Leit och weiderhi fort“, esou en EU-Fonctionnaire, se ginn elo just anzwousch anescht „opgehalen“.

Related topics EU-Kommissioun, Europa, Refugié
Next post Previous post