Search

You may also like

Helleng: Eng Expo vun den Ëmweeër
International Neiegkeeten

Helleng: Eng Expo vun den Ëmweeër

Mat der Ausstellung UM-WEGE konnt de Weekend d’Kultur a senger

USA: Wann d‘Natur d‘Soen huet
International Neiegkeeten

USA: Wann d‘Natur d‘Soen huet

Et ass en Trappewitz vun der Geschicht an et sollt

MeteoLux: Haut ass en Dag fir op der Couch ze bleiwen
International Neiegkeeten

MeteoLux: Haut ass en Dag fir op der Couch ze bleiwen

Während am Frankräich d‘Lag op der Wiederfront éischter „bedreelech“ ass,

Europa: den Juddenhaass hëlt nees zou

Engem Sondage vun der EU no stellt all drëtten EU-Bierger eng Zounam vum Antisemitismus fest

Europa: den Juddenhaass hëlt nees zou

Den nächste Sonndeg gëtt dem Holocaust geduecht, an alles wat ee feststelle muss, ass datt d‘Leit et entweder net verstanen hunn, oder ganz kloer net verstoe wëllen. Fräi nom Motto: „Kee Mënsch ass esou blann wéi een deen näischt wëll gesinn“ huet sech den Antisemitismus an Europa nees eng nei Jugend gegënnt. Mir kucken no, iergeren eis a maachen eng Fauscht an der Täsch.

Wann de 27. Januar weltwäit den Affer vum Holocaust geduecht gëtt, da gehéiert Europa net zur Stuermspëtzt vun der Toleranz an der Bridderlechkeet. Den Antisemitismus erfreet sech an Europa, zanter dem „Uschloss vun den Ostrepubliken“ beschter Gesondheet. Laut enger Etüd, géif all drëtten EU-Bierger eng Zounam vum Juddenhaass feststellen, bei den Däitschen all zweeten.

Zuelen déi dem Eurobarometer ze enthuele sinn, an duerchaus Glafwierdegkeetscharakter hunn. Et geet schliisslech net eleng den Holocaust verleegent, och Etüden an d‘Erkenntnisser dorausser hunn e schwéiere Stand. Laut der Ëmfro ergëtt sech: 36% vun der EU-Gesamtbevëlkerung stellt eng Zounam vum Antisemitismus fest, bei den europäesche Judde selwer, klëmmt den Taux op 90%.

Et ass ni aus de Käpp verschwonnen

Den Haass an d‘Gewaltbereetschaft géint d‘Judden an Europa hëlt nees zou, Dag fir Dag, ganz latent an ënnert de Bléck vun enger gläichgülteger Communautéit, an engem Staatebündnis, dat eigentlech fir Fridden a Zesummenhalt stoe soll. Et ass e Fait, deen de Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Frans Timmermans zesumme mat der EU-Kommissärin Vera Jourova bedauert.

„Kee Mënsch sollt Angscht hunn eng Synagog ze besichen oder eng Kippa ze droen“, esou d‘Vera Jourova, déi betount, datt d‘Bewosstsinn fir Antisemitismus an deene Länner besser ausgepräagt ass an deenen et grouss jiddesch Consistoire gëtt. Dat gëllt allerdéngs och fir déi Plazen uechter Europa an deenen et Uschléi op Judde ginn huet, an iwwert déi méi intensiv an de Medie bericht ginn ass.

Interessant un den Zuelen ass zudeem, datt d‘Empfanne „regional Ënnerscheeder“ opweist. An Schweden sinn 81%, am Frankräich 72% vun de Sondéierten der Meenung datt et méi Schlëmm ginn ass. Bei eisen däitschen Nopere sinn et der ëmmerhin nach 61% deenen opgefall ass, datt et nees vill domm a geféierlech Mënsche gëtt, déi méi wéi nëmmen de Sozialfridde gefäerde wëllen.

Onwëssenheet ka keng Entschëllegung sinn

Well d‘EU vum Prinzip ausgeet, datt d‘Europäer grondsätzlech gutt Mënsche sinn, déi sech fir den Zesummenhalt vun der Unioun vun de Bierger asetzen, muss fir déi ermëttelt Zuelen och eng logesch Erklärung virgeluecht ginn. Déi liwweren d‘Zuelen aus dësem Eurobarometer-Sondage, wat op zolidd Defiziter bei Bildung, Informatioun a Sensibiliséierung innerhalb der EU hiweist.

Esou si bei eisen däitschen Noperen 71% vun de befrote Persounen der Usiicht, datt d‘Verleegne vum Holocaust déi éischt an Haaptursaach vum Problem duerstellt. Eng Meenung déi Europawäit vun 53% vun de Sondéierte gedeelt gëtt. Wéi schlecht informéiert den Europäer ass, gëtt och gesot: „58% vun de Mënschen an der 28 EU wëssen net dat et strofbar ass den Holocaust ze leegnen“.

Op der Sich no Ursaachen, hunn déi gescheit Käpp zu Bréissel ermëttelt, datt et mat der Kenntnis iwwer Juddentum, an dat jiddescht Liewen am grousse Ganzen, net wäit hir ass. Ganzer 3% vun de befrote Persounen hunn ugi gutt Bescheed ze wëssen, dofir hunn 68% esou eppes vu guer keng Ahnung, datt ee net entscheede kann op een de Kapp rësele soll, oder et mat Angscht ze di kritt.

Zougehéiereg Dokumenter:

Foto: (Archiv) Zu Berlin hu jugendlecher am Mäerz 2018, symbolesch e selwer gebastelte Fändel vum Staat Israel ëffentlech verbrannt. De Gest deen hei vollzu ginn ass, hunn déi jonk Leit als Protest géint déi israelesch Politik am Kontext vum Palestinakonflikt verstanen. © D.S.

Related topics Antisemitismus, Eurobarometer, Faschismus, Holocaust, Judden, Juddentum, Sondage
Next post Previous post