Search

You may also like

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 15. bis de 21. Mäerz
Money Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 15. bis de 21. Mäerz

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg

De blëtzschnellen Opstig vum Stéphanie Frappart
Money Neiegkeeten

De blëtzschnellen Opstig vum Stéphanie Frappart

Nodeems d’Stéphanie Frappart am franséische Fussball Androck maache konnt, huet

Money Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Beaufort Knights Gesiichtsmasken

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

money

Europa importéiert 3 Milliounen Tonne Kaffi am Joer

Europa importéiert 3 Milliounen Tonne Kaffi am Joer

Mueres geet einfach näischt ouni Kaffi. Virun allem Méindes. Et ass de Start an e gudden, jo villäicht souguer produktiven Dag. Mee dat kascht och eppes. Dat meescht dovunner musse mer allerdéngs importéieren. A laut Eurostat ass dat net nëmmen e bësschen: 2016 huet d’EU 3 Milliounen Tonnen Kaffi am Wäert vun 6.9 Billiounen €. Net schlecht, oder?

Brasilien un der Spëtzt

Un der Spëtzt vun de Länner aus deene mer importéieren steet iwwregens Brasilien (31%) gefollegt vun Vietnam (25%). Kolumbien kënnt op grad emol 7%, Honduras op 6% an Indien op 5%. De Rescht verdeelt sech op Indonesien, Uganda, Peru an Ethiopien.

Däitschland ass dobäi dee gréisste Verbraucher vu Kaffi. 1.1 Milliounen Tonnen, 37% vun den Importen, ginn u si. Italien importéiert 19%, d’Belge 9%, Spuenien 8%, Frankräich 6% a Groussbritannien gad emol 6%.

Laut dem European Coffee Report vun der European Coffee Federation koum Lëtzebuerg 2015 op 767 Tonnen importéiert ongeröste Bounen. Domatter leie mer ongeféier an der Géigend vu Litauen (854 Tonnen).

Related topics EU, Kaffi, Lëtzebuerg
Next post Previous post