Europa, Mënscherechter a Frontex

Mënscherechter. Wann et esou do geschriwwen ass, ass et ee schéint, staarkt Wuert, ma an der Realitéit ginn dës, dach sou wichteg Rechter mat de Féiss getrëppelt.

An einfach ignoréiert. Wien fillt sech fir d‘Rechter vun den 82 Millioune Mënschen, déi weltwäit op der Flucht sinn, verantwortlech? Dës verzweiwelt Männer, Fraen a Kanner loossen hier Heemecht – dacks ee Krichsgebitt hannert sech, fir an Europa Schutz se sichen. Hiren eenzegen Dram ass eng zweet Chance. Si hunn sech net erausgesicht a wéi engem Land si gebuer ginn, a wéi déi kulturell, politesch a kulturell Ëmstänn sinn.

Europa, och dat ass e schéint, staarkt Wuert, mee d‘Realitéit gesäit alt nees aneschter aus. Géing Europa sech uerdentlech ëm d’Mënscherechter këmmeren, wäre scho laang iwwerfälleg Gespréicher iwwert sécher Fluchtweeër amgaangen. Et géing endlech no enger respektvoller Léisung gesicht ginn. Dat ass hei leider net de Fall.

Op der Sich no Sécherheet an enger zweeter Chance, musse vill Mënschen de geféierleche Wee iwwert d’Mëttelmier woen. Si sëtzen, wéi an enger Sardinnebéchs an iwwerfëllten Holz- oder Schlauchbooter, leiden Honger an Duuscht. Wann hir Kierperausscheedungen sech mam Mierwaasser an dem Bensinn vermëschen, besteet d‘Gefor, datt si sech verbrennen. Dacks sinn d‘Booter esou iwwerfëllt, datt Mënsche vu Bord falen an erdrénken. Familljemember ginn Zeien a sinn nach méi traumatiséiert.

Een Däiwelskreess, geschaf vun der Europäescher Unioun.

De Grond firwat e Groussdeel vun dëse Mënschen iwwerlieft an tatsächlech d‘Chance op een Neiufank huet, ass net Europa ze verdanken, mee ziville Séinoutrettungsorganisatiounen, wéi Sea-Watch oder Sea-Eye. Dës sinn reegelméisseg mat hire Rettungsbooter an der maltesescher Sich- a Rettungszon ënnerwee. D‘Sich no engem sécheren Hafen ass no all Rettung ee kritescht Thema. Kee wëll d‘Verantwortung fir Honnerte vu Mënschen iwwerhuelen. Dobäi missten eigentlech just hier Mënscherechter ëmgesat ginn.

D‘Ekipp, déi och iwwert Opklärungsfligere verfüügt, huet duerch hire bedéngungslosen Asaz schonn Dausende vu Liewe gerett. Ouni dës Organisatiounen, géingen d‘Mënschen einfach erdrénken a mat der Zäit vergiess ginn. Oder schlëmmer – si kéinten d‘Affer vu Frontex ginn. Eleng an de leschte Joren huet sech Frontex zu enger mächteger Institutioun an der EU entwéckelt.

Selbstverständlech gëtt si beschtméiglechst finanzéiert. Duerch eng Budgetserhéijung konnt Frontex sech e klengt Imperium mat Dronen a Fligeren opbauen. Dës notzen si geziilt, fir dat zentraalt Mëttelmier ze iwwerwaachen. An dat ouni direkt Hëllef bei Séinoutfäll leeschten ze mussen. Fir si ass et méi rentabel sech mat der sougenannter libescher Küstewuecht zesummenzedoen. Dës schleefen déi geflüchte Mënschen zeréck an e Krichsland, wou kee weess a sech virstelle kann, wat si duerch hire Fluchtversuch erwaart. Geld regéiert eben d’Welt, do kënne Mënscherechter séier zur Niewesaach ginn.

Wéi et ausgesäit notzt Frontex seng Positioun aus fir d’Gesetzer hire Wënsch no ze wurschtelen. Mënschleche Verloscht? Egal …

Et ass nämlech eng Tatsaach, datt si mat der libyscher Küstewuecht zesummeschaffen, fir dës bei illegale Réckféierungen ze ënnerstëtzen. Ma Flüchtend hunn och eng zweet Chance verdéngt. Si sollen net an e Land, an deem Krich a Noutstänn herrschen, zeréckgefouert ginn, mee déi noutwenneg (a versprachen) Ënnerstëtzung erhalen. Dobäi ass déi sougenannte libesch Küstewuecht fir zuelräich Doudeger verantwortlech, andeems si Flüchtlingsbooter zréck a Libyen dreiwen, op se schéissen, si erdrénke loossen – kuerz gesot: si halen absolut näischt vu Mënscherechter.

Hire gréissten Interessi ass Geld a Muecht a sécherlech keng Séinoutrettung. Dës verdeckten Zesummenaarbecht mat Frontex, déi scho gutt 4 Joer besteet, ass scho méi wéi ee Mol opgefall. Mee näischt ännert sech. Keen geet mam gudde Beispill virun. Domat mécht Europa sech zu Komplizen.

E kloert (a richtegt) Zeeche vun Europa wär Frontex ofzeschafen. D‘Europäesch Unioun soll sech endlech fir eng Säit entscheeden an de Budget, deen doduerch gewonne gëtt, fir ee sécheren Sich- a Rettungsprogramm notzen. Well déi momentan Situatioun sténkt. Aplaz elo schonn zanter Méint ze diskutéieren, misst gehandelt ginn. An zwar direkt! Mee dorop kënne mir nach laang waarden.

Dernières nouvelles