Search

You may also like

Een neien Direkter fir de Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg
International Neiegkeeten

Een neien Direkter fir de Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg

De Fuersécherheetszenter (Centre de Formation pour Conducteurs) huet elo annoncéiert,

Rise for Climate – et bleift net méi vill Zäit!
International Neiegkeeten

Rise for Climate – et bleift net méi vill Zäit!

Et bléiwen eis just 2 Joer fir radikal Moossname géint

CON-VINCE: Tester un asymptomatesche Persounen
International Neiegkeeten

CON-VINCE: Tester un asymptomatesche Persounen

Den Task Force COVID-19 vun der Initiative Research Luxembourg annoncéiert

Europa vereenegt sech géint den Extremismus

Beim virtuellen Treffe vun den europäeschen Inneminister ass sech op méi Zesummenaarbecht verstännegt ginn

Europa vereenegt sech géint den Extremismus

Am Kontext vun der leschter Terrorwell hunn d‘EU-Inneminister sech ee Freideg op eng méi enk Zesummenaarbecht verstännegt an ee besseren Datenaustausch vereenbaart. Et misst séchergestallt sinn, datt virun allem déi relevant Informatiounen an den Datebanke verfügbar sinn. Fir dem islameschen Extremismus entgéintzewierken, sollen d‘Kierchemänner an der EU forméiert ginn.

Viru genee fënnef Joer haten islamesch Terroristen zu Paräis 130 Mënschen ëmbruecht. Et war folgerichteg en Dag fir d‘Inneminister, deen och vun Emotioune gepräägt war. Um Enn vum virtuelle Sommet hunn d‘EU-Inneminister hir Pläng skizzéiert, mat deem si sech dem barbareschen Terror wëllen an de Wee stellen. Wéi ëmmer geet et dobäi och ëm eis Grondrechter.

Esou verlaangt den däitschen Heemechtsminister Horst Seehofer, datt d‘Autoritéiten an der EU (änlech wei dat an den USA Praxis ass) och sollen op verschlësselt Kommunikatioun sollen zougräife kënnen. An Däitschland gëtt jo och scho länger déi sougenannte „Staatstrojaner“ déi erwisenermoossen och géint Journalisten an Affekoten agesat goufen. Et geet also och ëm Kontroll.

Dat Terroruschléi an d‘Kriminalitéit am grousse Ganzen, ëmmer och eng gutt Ursaach sinn, fir dem eegene Vollek ënnert d‘Bettdecken ze kucken, ass bekannt. Pläng vun der EU-Kommissioun, de Plattforme wéi „WhatsApp“ oder „Telegram“ d‘Verschlësselung ze verbidden, haten Ufank der Woch fir eppes Gedauschs gesuergt. D‘Germanen haten dozou eng Resolutioun ausgeschafft.

Elo war den Text esou vag formuléiert, datt en net zeréckbehale ginn ass. Et dierf op dëser Plaz nach preziséiert ginn, datt den Horst Seehofer zwar keng Anung vun Informatik huet, mee dee weess datt et „nach“ dateschutzrechtlech a verfassungsrechtlech Grenzen an Europa gëtt, firwat seng Leit net am Detail drop agaange sinn, wéi verschlësselt Date sollen dechiffréiert ginn.

Wéi kënnt een un dem Bierger seng Geheimnisser?

An der gemeinsamer Erklärung heescht dann och, dat iwwer de Volet „Dateverschlësselung“ muss nogeduecht ginn, fir datt digital Beweiser vun den zoustännegen Autoritéite rechtméisseg kënnen erhuewen a genotzt ginn. Iert een sech allerdéngs dësem Punkt unhëlt, wieren d‘Inneminister gutt beroden emol den Datenaustausch bannent der EU ze verbesseren. Systemer misste vernetzt ginn.

Dat ass dann och den éischte Problem, well wann d‘Autoritéiten ëmmer alles wësse wëllen, esou ginn se nëmme ganz widderwëlleg déi eegen Informatiounen hir, et sief si géifen dobäi méi nei Informatiounen ergattere wéi se der mussen hierginn. Et wäert also nach vill Diskussioune ginn an de Protest aus Wëssenschaft, Wirtschaft a Politik ass och net ausbliwwen. De Widderstand ass do.

An der Ofschlosserklärung heescht et awer och, datt Police a Geheimdéngschter sollen Zougang zu de verschlësselten Noriichten am Kloertext erhalen. Gläichzäiteg verlaangt den Text, datt d‘Vertrauenswierdegkeet vun den op der Verschlësselungstechnologie baséierende Produkter an Déngschtleeschtunge muss gewoort bleiwen. Wéi dat soll goen, weess allerdéngs nach keen.

Schonn am um Méindeg geleakten Entworf vun de Conclusioune gëtt et eng Erklärung zur Police-Kooperatioun. Déi wëllen d‘EU-Inneminister am Dezember bei der offizieller Konferenz unhuelen. Et geet am Prinzip drëms ze kläre wéi een zu „Sécherheet duerch Verschlësselung a Sécherheet trotz Verschlësselung“ kënnt. Hei schéngt et eng Rei Optiounen ze ginn, déi all esou hir Problemer hunn.

Esou schwieft de Bréisseler Technokrate vir, datt d‘Ubidder/Bedreiwer sollen derzou verflicht ginn, den Autoritéiten eng Aart Generalschlëssel ze iwwerloossen, mat deem si sech onbemierkt a privat an aner verschlësselt Kommunikatiounen aschläiche kënnen. Dat ass ee flagranten Agrëff an eis Grondrechter, an et sollt een net dovunner ausgoen, datt esou eppes Attentater kéint verhënneren.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Charles Deluvio / unsplash

Related topics Dateschutz, EU-Inneminister, Grondrechter, Staatstrojaner, Terrorbekämpfung, Verschlësselung
Next post Previous post