En neie Stroossebelag fir de Rondpoint vun der Route d’Esch an der Rue de Hollerich (02-03.09.2020)
D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt de Rondpoint, deen duerch d’Route
D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt de Rondpoint, deen duerch d’Route
An Israel stellt sech den Inder ënnert de Varianten de
Nodeems nach am Dezember de neien Escher Buergermeeschter, Georges Mischo
Eng knapp Woch no sengem Besuch bei der britescher Premierministesch Theresa May war den Donald Tusk um Mëttwoch beim Xavier Bettel am Sennenger Schlass. Si hu sech hei iwwert de Brexit an den ugekënnegten Handelskrich vum Donald Trump ausgetosch.
„Mir wëlle keng Mauer bauen“, esou den EU-Rotspresident, dee seng Virschléi fir déi grouss Linne vun der spéiderer Relatioun mat Groussbritannien virgestallt huet. Schrëftleches hat den Donald Tusk net derbäi. Do muss ee wuel op de nächste klenge Sommet (22./23. Mäerz) waarden.
Fir de Premier Xavier Bettel ass et elo awer wichteg, datt sech déi verbliwwe 27 bewosst ginn, datt „Eenheet“ a „Solidaritéit“ d‘Schlësselbegrëffer vum neien Europa musse sinn. Et misst een och bedenken, datt d‘EU weiderhin a ville Beräicher e Partner vu Groussbritannien wäert bleiwen.
Dorausser léisst sech ofliesen, datt et beim Brexit kee Gewënner ka ginn. Den Donald Tusk bestätegt wuel, datt „d‘EU an d‘Gespréicher iwwert d‘Zukunft mat engem oppene Geescht“ wäert goen, mee London net u senge „roude Linnen“ ka festhalen, well da just e Fräihandelsaccord méiglech ass.
Esou e Fräihandelsaccord kéint all d‘Wueren aus alle Secteuren abezéien, dat mam Objektiv keng Tax oder quantitativ Restriktioun ze hunn. Dat zumindest ass de Gedanke vum Donald Tusk, dee mat senger Propose och drop wäert leet, datt déi europäesch Fëscher Zougang zu de britesche Gewässer hunn.
D‘Déngschtleeschtunge sinn och ernimmt ginn, mee ouni spezifesch Referenz un de Finanzsecteur. E Punkt, deen dann awer nees de Briten e ganz wichtegen ass, well si dee brauchen, fir och weiderhin Zougang zum europäesche Bannemaart ze hunn.

„Et ka kee Choix gemaach ginn, deen sech duerch eng sektoriell Approche auszeechent, well dat géint d‘Prinzipie vum EU-Bannemaart verstéisst“, esou den Donald Tusk. © Martine de Lagardère/moien.lu
Et ass also alles wéi net einfach, an de Choix net iwwer Detailer schwätzen ze wëllen, mécht et net einfach dat ganzt ze verstoen. Sécher ass bis ewell just, dat egal wéi et ausgeet, de Brexit kënnt an dat am Mäerz 2019.
Dem franséische Wirtschaftsminister Bruno Le Maire seng Ausso, datt een déi Finanzdéngschtleeschtungen net an e Fräihandelsaccord kann abannen, droen dann och net derzou bäi, dat d‘Verhandlunge méi einfach ginn.
Säi briteschen Homolog gesäit dat diametral anescht: „Finanzdéngschtleeschtungen an e Fräihandelsaccord anzebannen ass net nëmme méiglech, mee et läit och am gemeinsamen Interessi et ze maachen“.
An d‘EU-Parlament, dat wuel net mat verhandelt mee e Vetorecht zu all Ofkommes mat London huet, huet um Mëttwoch och seng „rout Linne“ gezunn. Dat mat enger Resolutioun, déi den 13. Mäerz ofgestëmmt gëtt.
De Guy Verhofstadt, als Koordinator vum Brexit fir d‘EU-Parlament, ass der Usicht, datt wann et de Briten eescht ass, si sech der Propose vun engem Associatiounsaccord net dierfte verspären. An och den EU-Parlamentspresident Antonio Tajani huet eng eege Meenung. Hie gesäit et als Méiglech un, e Fräihandelsaccord mat Groussbritannien ze fannen, deen iwwert déi mat Japan a Kanada erausginn.
mat AFP
Foto: Fir de Lëtzebuerger Premier ass et aktuell dat wichtegst, datt déi 27 zesummeréckelen an dozou bäidroen, datt et ee „gescheiten“, an net en „haarden“ oder “mëllen“ Brexit gëtt. © Martine de Lagardère/moien.lu