Search

You may also like

Dem Monica säi „Fauxpas“
Neiegkeeten

Dem Monica säi „Fauxpas“

Als Politiker steet een ëmmer eppes méi „ënner Observatioun“ wéi

Dem politesche Pharisäer läit den Horesca-Secteur um Häerzen
Neiegkeeten

Dem politesche Pharisäer läit den Horesca-Secteur um Häerzen

Am Kontext vun der Froestonn un d‘Regierung, ass sech um

What the Fakt – den Internationale Fraendag
Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationale Fraendag

All Joer gëtt um 8. Mäerz den internationalen Dag vun

Andréck vum Europadag zu Schengen (Galerie)

Et war mat Ofstand een vun de trauregsten, an awer och de symbolträchtegste Feierdag, deen eist Land dëst Joer fir déi éischte Kéier zelebréiert huet. 70 Joer „Solidaritéit & Fridden“ feiere wann d‘Grenzen zum Noper zou sinn, dat geet wierklech nëmme wann een en iwwerzeegten Europäer ass. De Buergermeeschter vu Schengen, dee vu Pärel, jo esouguer de Lëtzebuerger Kardinol, all hu se ee grousse Plaidoyer fir Europa, d‘Groussregioun an d‘Frëndschaft tëscht den Natioune gehalen.

Groussen Undrang huet aus de bekannte a verständleche Grënn net ginn, dofir ass d‘Zeremonie live iwwert déi sozial Netzwierker iwwerdroe ginn. Eng Ganz flott Initiativ, déi zudeem gutt ugeholl ginn ass. Ob sech den däitsche Bundesinneminister elo erweeche léisst, an endlech d‘Grenzen nees opmécht? Dat dierft vum innepoliteschen Drock ofhängeg sinn. Mee et geet bei de Grenze jo elo och net ausschliisslech ëm eis däitsch Frënn, d‘Fransousen an d‘Belsch si leider keen Deit besser…

Fotoe(n): © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Europadag, Fridden, Groussregioun, Noperschaft, Schengen, Solidaritéit
Next post Previous post