Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 4. op den 10. Januar 2021
Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech
Et ass eng grouss Erausfuerderung fir all d‘Acteure, déi net
D’Visitt vum Transportminister François Bausch zu Klierf an zu Äischer
All Joer fannen Enn September déi Europäesch Deeg vum Patrimoine (eng.: European Heritage Days) an alle Memberstaate statt. Zil ass et de Räichtum an d’Diversitéit vun der europäescher Kultur ervirzebréngen, wéi och den Interessi um kulturellen Ierwen ze fërderen. Fir 2020 huet ee sech d’Thema „Patrimoine a Bildung – Léiere fir d’Liewen!“ erausgesicht. Esou vereent een d’Educatioun mam kulturellen Ierwen, béides wäertvoll Ressourcen a materieller, immaterieller an digitaler Form fir all Bierger vun Europa.
D’Aktivitéiten, déi vum 25. September bis de 4. Oktober 2020 ugebuede ginn déngen der Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet. Virun allem de jonke Publikum kritt d’Wichtegkeet vum Schutz an dem Erhalt vun der limitéierter Ressource méi no bruecht. Verschidden Aktioune, wéi beispillsweis guidéiert Visitte vu Gebaier an historesche Sitten, Besich vu Muséeën, Atelieren a Workshops si virgesinn. Dobäi komme pedagogesch Sets, Konferenzen, Projeten zum Ëmgang mat neien Technologien, Concerten a villes méi.
De Kulturministère, zesumme mam Service fir den nationalen Denkmalschutz proposéieren allen interesséierte Persounen un der dësjäreger Editioun deelzehueeln. Säi Projet kann ee bis den 15. Mee areechen ënnert www.journeesdupatrimoien.lu oder journeespatrimoine@ssmn.public.lu.
All Projet, deen zeréckbehale gëtt, profitéiert vun enger immenser Siichtbarkeet a Promotioun duerch physesch an digital Publikatiounen. Donieft gëtt och Material zur Kommunikatioun an de Logo zur Verfügung gestalt. Ënnert verschiddene Konditioune kann eng finanziell Ënnerstëtzung accordéiert ginn.
Weider Informatioune ginn et ënnert www.journeesdupatrimoine.lu.
Opmaacherfoto © Andrés Lejona