Search

You may also like

D’Porte-Ouverte goufen an 9 Lycéeën verluecht!
Kultur Neiegkeeten

D’Porte-Ouverte goufen an 9 Lycéeën verluecht!

Duerch den Dout vu S.A.R. dem Grand-Duc Jean, an der

Walfer Bicherdeeg 2019: De Lëtzebuerger Buchpräis geet un …
Kultur Neiegkeeten

Walfer Bicherdeeg 2019: De Lëtzebuerger Buchpräis geet un …

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg 2019 ass och bei

Wat geet eis Afghanistan un? (kommentéiert)
Kultur Neiegkeeten

Wat geet eis Afghanistan un? (kommentéiert)

Um 28. Februar 2020 huet dee charismateschste President deen d‘USA

Är Projeten fir d’Europäesch Deeg vum Patrimoine

Är Projeten fir d’Europäesch Deeg vum Patrimoine

Fir d’europäesch Deeg vum Patrimoine kreativ an originell ze gestalten, lancéieren de Kulturministère an de Service des Sites et Monuments en Appell, fir Projeten erageschéckt ze kréien. Zil ass et den Interessi um Kulturierwen ze fërderen, sou wéi déi kulturell Diversitéit an de Räichtum vun Europa ze weisen. An dësem Joer gëllt de Motto „Patrimoine fir jiddwereen“.

Vum 24. September bis den 3. Oktober 2021 sollen d’Deeg vum Patrimoine d’Bierger dozou ermuddegen, hiert Recht un alle kulturellen Offeren deelhuelen ze dierfen, auszenotzen. Ma, d’Projeten sollen dofir en ugepassten Accueil an d’Mediatioun vun engem diversifizéiertem Public sécherstellen an d’Wäerter vum Patrimoine ervirhiewen.

Vu guidéierte Visitten duerch Gebaier oder historesch Plazen, iwwert d’Presentatioun vu Muséeskollektiounen, hin zu Atelieren, Workshops a Konferenzen, dierfen dës Projeten mat traditionelle Mëttel an neien Technologien realiséiert ginn. Souwuel Institutiounen, Associatiounen an Organisatiounen aus dem kulturelle Beräich, wéi och Gemengen an Eenzelpersoune sinn dozou opgeruff, mat hirer Iddi dës Deeg ze beräicheren.

Bis den 11. Juni 2021 kënnt Dir dofir Är Projeten iwwer joureesdupatrimoine.lu oder per Mail un den journeespatrimoine@ssmn.public.lu eraschécken. Ausgewielte Projeten kënne vun der néideger Visibilitéit a Publikatiouen am gedruckte Programm, an och um Internet profitéieren. Kommunikatiounsmaterial an Ähnleches wäert zur Verfügung gestallt ginn. Wien d’Konditiounen erfëllt ka vu Subside vum Kulturministère profitéieren.

Informatiounen zu den Europäeschen Deeg vum Patrimoine ginn et och op europeanheritagedays.com.

Opmaacherfoto: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Appell, Europäesch Deeg vum Patrimoine, Kulturierwen, Kulturministère, Patrimoine fir jiddwereen, Projeten, Service des Sites et Monuments
Next post Previous post