Search

You may also like

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach
Neiegkeeten

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach

Mat der Dauerausstellung „The Luxembourg Story“ ass den fréieren Geschichtsmusée

…ganz am Zeeche vun der Inclusioun
Neiegkeeten

…ganz am Zeeche vun der Inclusioun

Déi lokal Kënschtlerin Alexandra McKell huet d’Wand, déi eng Zesummesetzung

Nei bei Editions Phi – Menschen ohne Adresse
Neiegkeeten

Nei bei Editions Phi – Menschen ohne Adresse

“Den Auteur erzielt dervun, ewéi wärend dem Krich Loscht nom

Opruff zur Participatioun: Europäesch Ëmfro zur digitaler Zukunft

Opruff zur Participatioun: Europäesch Ëmfro zur digitaler Zukunft

Déi digital Strategie vun der Regierung baséiert op engem mënschenzentréierten Usaz, deen d’Zil verfollegt d’Liewe vun der Bevëlkerung duerch nei Technologien ze verbesseren. An dësem Kader lancéiert de Medien- a Kommunikatiounsdéngscht eng ëffentlech an europäesch Ëmfro, déi digital Grondsätz zum Thema huet. Si leeft nach bis den 2. September 2021.

Dës ass net nëmme fir d’Bierger oppen, mee och fir Organisatiounen an Entreprisen. Konzentréiert gëtt sech dobäi op Grondrechter an d’Wäerter am digitale Raum, sou wéi ethesch Prinzipien. D’Ziel dobäi ass mënschenzentréiert Algorithmen, de Schutz vu Kanner an der Online-Welt sou wéi den Zougang zu digitalen Gesondheetsservicer.

Bei der Kreatioun vu séchere Raim wäerten d’Resultater vun dëser Ëmfro nawell hëllefräich sinn – si wäerten dozou bäidroen, gemeinsam Zieler am Kader vun der “Europäescher digitaler Dekade” ze definéieren. Dës Strategie ass am Fréijoer 2021 verëffentlecht ginn a weist Weeër fir eng digital europäesch Transformatioun bis 2030 op. An dat souwuel a Bezuch op digital Kompetenzen an Infrastruktur, wéi och Transformatioun vun den ëffentlechen Déngschter an Entreprisen.

Dës weidere weist de Medien- a Kommunikatiounsdéngscht op eng aner Ëmfro hin, déi nach bis den 3. August 2021 leeft. Hei gi Meenungen zum Thema „Digitale Kompass“ vun der Europäescher Kommissioun gefrot, dobäi ëmfaasst de Froebou ënnert anerem déi digital Transformatioun no der Coronapandemie an de Besoin un digitaler Kompetenz an Infrastruktur sou wéi allgemeng Froen zum Projet.

Opmaacherbild: © Randy Tarampi / unsplash

Related topics Consulatioun, Digitale Kompass, Digitaliséierung, Europäesch Ëmfro zur digitaler Zukunft, Technologie
Next post Previous post