Search

You may also like

Corona-Protest zu Berlin: Widderstand géint d’Infektiounsschutzgesetz
International Neiegkeeten

Corona-Protest zu Berlin: Widderstand géint d’Infektiounsschutzgesetz

Berlin – Wärend den Bundestag iwwer nei Infektiounsschutzgesetzer debattéiert, hunn sech an

Méi Hëllef fir den Horesca-Secteur
International Neiegkeeten

Méi Hëllef fir den Horesca-Secteur

No der Maniff vum Kollektiv „Don‘t forget us“ (Vergiesst eis

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!
International Neiegkeeten

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!

Och am Hierscht soll gefeiert ginn – A wéi kéint

Europäesch Impfziler gi verfeelt

Wat d‘EU-Kommissioun plangt an d‘Länner da sollen ëmsetzen, ass d‘Differenz tëscht „Theorie & Praxis“

Europäesch Impfziler gi verfeelt

D‘Kommunikatioun säitens der EU-Kommissioun ass mindestens esou problematesch, wéi déi eenzel Aussoe vu gewësse Kommissären. Eigentlech sollte bis gëschter, esou war et zu Bréissel festgeluecht ginn, mindestens 80% vun den iwwer 80 järege géint de Covid19 geimpft sinn. Et konnt sech net opgoen, an dat wousst d‘EU-Kommissioun esou och schon Mëtt Januar…

Esou ass bei eisen däitschen Noperen, d‘Lag jee no Bundesland ganz verschidden. Dat geet vu 26% a Schlesesch-Holstein bis 79% a Rheinland-Pfalz, woubäi nëmmen d‘Informatiounen zu néng vun de 16 Bundeslänner virleien. E vun der Problemer bei eisen Nopere berout och um Fakt, datt déi digital Barrière net iwwerwonne gouf an déi meeschte Verwaltungen nach mat Fax schaffen.

Bezitt ee sech op déi héchst bedauerlech Zuelen déi Bréissel virgeluecht huet, kann een dovunner ausgoen, dat guttwëlleg 60% vun der Zilpopulatioun eng éischt Dosis erhalen huet. Vollstänneg, also déi zwou Dose kéinten un 30% vun den iwwer 80 järege vergi gi sinn. Wéi een do den Thierry Breton statuéiere ka loossen, datt de 15. Juli alles iwwerstanen ass, erschléisst sech eis elo net.

Woubäi et dann awer déi gutt Schüler huet: Um Podium Malta mat bal 70%, Sëlwer fir d‘Dänen (52%) a Bronze fir Slowenien (47%). Ganz um Wupp vun der Skala: Bulgarien (0,7%) a Lettland (0,6%). Schold sinn awer weder déi politesch Acteuren zu Bréissel nach an de respektive Länner. Et gëtt sech op de Liwwerverzuch vun AstraZeneca beruff, an déi schleefend Produktioun allgemeng.

D‘Zuelen si wéi Politik: onzouverlässeg

Interessant och d‘Zuele betreffend d‘Impfstrategie vun den am Gesondheetsberäich beschäftegten. Hei hu ganzer 13 Länner hir Daten, deels onvollstänneg oder falsch opgeschlësselt, weidergeleet an dorausser ergëtt sech ee Mëttelwäert vun ënner 60%; an dat bezunn op déi éischt Dosis. Ganz gutt nees eis däitsch digital Weltmeeschter: den RKI huet guer keng Daten zum Gesondheetspersonal.

Wären den Experten a Wëssenschaftler d‘Hoer zu Bierg stinn, hu se an der EU-Kommissioun d‘Rou ewech: d‘Cheffin Ursula von der Leyen, mat der Kompetenz vun 13 Méint Pandemie, huet sech gëschter dann alt nees hanner den Handelskommissär gestallt an erkläert, datt et duerchaus realistesch wier, bis zum Summer 70% vun den erwuessene Bierger an der Unioun ze impfen.

Eleng dës Woch, esou d‘Kommissioun, sollten 107 Milliounen Dosen ausgeliwwert ginn: 67,2 Millioune vu Pfizer/Biontech; 29,8 Millioune vun AstraZeneca an nach emol 9,8 Millioune vu Moderna. Et geet ee weider dovunner aus, datt et am 2. Quartal besser gëtt. Bis Enn Juni, esou d‘Virstellung, sollen 300 Milliounen Dosen an der Unioun ausgeliwwert gi sinn. Theoretesch.

Dat géif viraussetzen, datt den US-Pharmakonzern Johnson & Johnson seng Bestellung vu 55 Milliounen Dosen honoréiert. Aus Grënn, gëtt et zur Stonn keng weider Diskussioun zu de Vaccinen aus Russland a China. Laut dem EU-Kommissär fir Pharmakonzerner, ass genuch „Stoff“ um Maart a mam Vaccin ass et wéi mam Gas, esoulaang wéi d‘USA liwwere kënnen, gëtt och do bestallt.

mat indymedia/bru/

Illustratioun: Wa mir eis Senioren net zäitno geimpft kréien, net gewësse Beruffer prioriséieren an d‘Pharmakonzerner hir Verträg net anhalen, riskéiert 2021 och Chrëschtdag nach emol auszefalen. © Mat Napo / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, EU-Kommissioun, Europäesch Impfziler, Impfstoffer, Theorie a Praxis
Next post Previous post