Search

You may also like

E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
International Money Neiegkeeten

E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg

Wat viru 25 Joer als klenge Bicheroccasiounsmaart ugefaangen huet, ass

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!
International Money Neiegkeeten

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!

D’Police zu Indiana huet sech elo eppes ganz Besonnesches afale

D‘Reform vum Wahlgesetz dierft net allen entgéint kommen
International Money Neiegkeeten

D‘Reform vum Wahlgesetz dierft net allen entgéint kommen

Nodeems déi lénk dem Premierminister Xavier Bettel d‘lescht Woch hir

money

D‘EIB sträift de grénge Mäntelchen iwwer

Europäesch Investitiounsbank sträicht d‘Finanzementer a Relatioun mat fossillen Energien

D‘EIB sträift de grénge Mäntelchen iwwer

Ob et schonn eng „Revolutioun“ ass sief dohigestallt, mee de Schratt u sech schéngt weeweisend ze sinn. Déi europäesch Investitiounsbank (EIB) mat Sëtz um Kierchbierg, denkt seriéis driwwer no, bis Enn 2020 seng Investitiounen am Secteur vun de fossillen Energien anzestellen.

De Plang deen e Freideg virgestallt ginn ass, gëtt vun den Ëmweltorganisatioune begréisst, mee muss, fir kënnen ëmgesat ze ginn, vun den (nach) 28 ugeholl ginn. Dat dierft sech net bis Enn 2020 bewierkstellege loossen, wat net den Euroskeptiker mee de Klimaskeptiker zouzeschreiwen ass. An awer huet d‘EIB annoncéiert, sech verstäerkt fir déi energetesch Transitioun an der EU anzesetzen.

Via Twitter hat den ireschen EIB-Vizepresident Andrew McDowell erkläert, datt d‘Enn vun der Finanzéierung vu fossille Brennstoffer (Gas, Kuel a Pëtrol) sech géif mat den europäeschen Engagementer decken, déi am Kader vum Paräisser Accord (2015) geholl goufen. An dësem ass virgesinn, bis 2100 d‘Äerderwiermung 2°C ënnert de virindustriellen Niveauen ze halen.

Et dierften eigentlech maximal 1,5°C sinn, firwat d‘Mënschheet generell a virun allem massiv seng CO²-Emissioune reduzéiere muss. Eng drastesch Reduktioun vum Verbrauch vu fossillen Energien déi noutwenneg Konsequenz. Dofir brauch et finanziell Ureizer: gëtt et kee bëllegt Geld méi fir den Ausbau vu fossillen Energieträger, gi méi Finanzmëttel fir déi erneierbar an alternativ Energie fräi.

Zäit fir d‘Verännerung

Bleiwe mir also optimistesch a stelle mir eis vir, déi 28 géifen der Positioun vun der europäescher Investitiounsbank zouspriechen. Dat géif zu engem Paradigmewiessel bei der EIB féieren, deen et esou nach net ginn huet. Bis ewell war en esou Theme wéi Ëmweltschutz a Klimanoutstand bei der EIB um Kierchbierg net am Fokus vun den Entscheedungsträger. An dat léisst sech bezifferen…

2018 huet d‘EIB net manner wéi 2,5 Milliarden Euro a Projete gestach, déi sech all am Beräich vun der Notzung vu fossillen Energië befonnt hunn. De Gros heivunner wier an d‘Finanzéierung vu Gas-Pipeline gefloss heescht et. Domadder wier da generell Schluss, wann ee sech sollt eens ginn.

D‘ONG „Friends of the Earth Europe“ huet an engem Communiqué d‘Propositioun vum Andrew McDowell begréisst, verwonnert sech gläichzäiteg doriwwer, datt während déi national Regierunge keng Léisunge fannen an de Planéit bei der Däiwel gekéiert gëtt, et déi „ëffentlech EU-Bank“ ass, déi sech traut virzeschloen, d‘Finanzéierung vum Secteur vun de fossillen Energien ze sträichen.

Si ruffen dann och d‘Gouverneure vun den 28 EU-Memberlänner op, de Virschlag vun der EIB ze ënnerstëtzen. Déi kéinten – wann se da wéilten – dëse Changement unhuelen, well schliisslech huet d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen virun zéng Deeg den Deputéierten am EU-Parlament versprach, d‘EIB zu enger „Klimabank“ ëmbauen ze wëllen. D‘Äntwert am September…

Foto: © EIB

Related topics Andrew McDowellm, EIB, Europäesch Investitiounsbank, Fossil Energien, Klimawandel, Ursula von der Leyen
Next post Previous post