Search

You may also like

Hëllef fir d’Kanner am Südsudan – En Don fir d’Caritas Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Hëllef fir d’Kanner am Südsudan – En Don fir d’Caritas Lëtzebuerg

Mat Hëllefsprojete fir Kanner am Südsudan wëll d’Caritas Lëtzebuerg déi

Figure in Print: De Mënsch, seng Plaz an der Gesellschaft a seng Beweegungen
Neiegkeeten

Figure in Print: De Mënsch, seng Plaz an der Gesellschaft a seng Beweegungen

Mat der Expo Figure in Print gëtt d’Duerstellung vum Mënsch

Den Henri Kox an d’Sam Tanson hunn de Gesetzesprojet “Fichiers” virgestallt
Neiegkeeten

Den Henri Kox an d’Sam Tanson hunn de Gesetzesprojet “Fichiers” virgestallt

Den Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet an d’Sam Tanson,

D‘Europäesch Mobilitéitswoch steet virun der Dier

D‘Europäesch Mobilitéitswoch steet virun der Dier

Vum 16. bis den 22. September 2021 fënnt déi europäesch Mobilitéitswoch statt. Och Lëtzebuerg hëlt zënter 16 Joer un der Aktiounswoch deel a stellt domat déi nohalteg Mobilitéit an de Virdergrond. Kee Wonner also, datt een an dësem Joer d‘Thema „Sécherheet an eng gutt Gesondheet mat der nohalteger Mobilitéit“ gewielt huet.

Zuelräich Gemengen an Entreprisen invitéieren wärend enger Woch op e ganze Programm un Initiativen. Zum engen gëtt de Start mat der Aktioun „E Kaddo fir de Vëlo“ gemaach, zum aneren den 22. September dozou agelueden, sech en Dag ouni Auto fortzebeweegen an esou an de Genoss vum ëffentlechen Transport an der doucer Mobilitéit ze kommen.

Ma, an dësem Kader bitt d‘Stad Lëtzebuerg um kommende Weekend gratis guidéiert Visitten un. Zesumme mam Luxembourg City Tourist Office (LCTO) ginn Tier vun 2,5 Stonnen duerch eis Haaptstad, laanscht Péitruss, duerch d‘Parken an d‘Quartiere Pafendall, Clausen a Gronn ugebueden. Dobäi gëtt och op déi zuelräich Trëppel- a Vëlosweeër opmierksam gemaach.

D‘Visitte ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch ugebueden a fänke virum LCTO un. D‘Aschreiwung am viraus iwwert luxembourg-city.com ass obligatoresch.

De ganze Programm a weider Informatiounen zur europäescher Mobilitéitswoch zu Lëtzebuerg fannt Dir op www.mobiliteitswoch.lu.

Related topics Douce Mobilitéit, Ee Kaddo fir de Vëlo, Ëffentlechen Transport, Europäesch Mobilitéitswoch, Guidéiert Visitten, LCTO, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post