Search

You may also like

Zesumme fir Fridden an Ofrëschtung
International Neiegkeeten

Zesumme fir Fridden an Ofrëschtung

Virun 82 Joer, an der Nuecht zum 1. September 1939

Op der Sich no Chrëschtbeemercher
International Neiegkeeten

Op der Sich no Chrëschtbeemercher

Fir déi wanterlesch Zäit sicht de Service Parcs elo schonn

Hurrikan-Saison an den USA erëffent
International Neiegkeeten

Hurrikan-Saison an den USA erëffent

Iwwert dem Golf vu Mexiko huet sech e Samschdeg den

Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut

Portugal dominéiert zu Lëtzebuerg

Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut

Gutt 995.000 Persounen hunn 2016 d’Nationalitéit vun engem EU-Membersstaat ugeholl. Domat sinn se am Verglach zu 2015 (841.000) an 2014 (889.000) geklommen. Grad emol 12% dovunner kommen aus engem aneren EU-Land. D’Majoritéit vun hinne kommen vun ausserhalb der EU. Dëst erginn aktuell Zuele vun Eurostat.

Ënnert den am stäerkste vertrueden Natioune fënnt een Marokko (101.300 Persounen), Albanien (67.500 Persounen) Indien (41.700), Pakistan (32.900), Tierkei (32.800), Rumänien (29.700) an d’Ukrain (24.000). Wat Beweegungen innerhalb der EU ugeet, esou sinn virun allem d’Rumänen (29.700 Persounen) a Polen (19.800 Persounen) déi, déi am meeschten d’Nationalitéit vun engem aneren EU Land ugeholl hunn.

Am Fall vu Lëtzebuerg dominéieren allerdéngs EU-Länner ënnert den Top-3 vu Persounen, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn: Portugal (32,7%), Frankräich (11,6%) an d’Belsch (9,0%). Insgesamt hu laut Eurostat 3.315 Persounen 2016 d’Lëtzebuerger Nationalitéit krut. Dat waren der 4% méi, wéi d’Joer virdrun.

Déi stäerksten Erhéijung ass bei de Briten ze fannen

Méi wéi duebelt esou vill Briten ewéi nach 2015 hunn 2016 eng aner EU-Nationalitéit ugeholl. Ganzer 6.555 hunn sech decidéiert eng aner europäesch Nationalitéit unzehuelen, wat eng Hausse vun 165% duerstellt. Et gouf donieft nëmmen an dräi Memberstaaten e Réckgang. Am stäerkste war deen zu Irland ze fannen, wou 2015 nach 13.565 d’Nationalitéit ugeholl haten an 2016 der nëmmen 10.038.

Wat Abiergerungsquot ugeet, läit Kroatien un der Spëtzt. Op 100 Auslänner déi do liewen kommen 9,7 Abiergerungen. Schweden (7,9), Portugal (6,5), Rumänien a Griicheland (béid 4,2), Finnland an Italien (4,1) hunn do och relativ héich Quoten. Um aneren Enn fënnt een do Éisträich, Lettland an d’Slowakei mat 0,7. Lëtzebuerg kënnt op 1,23, wat am Verglach zu 2012 (2,04) e kloren Réckgang ass.

 

Related topics EU, Europa, Lëtzebuerg
Next post Previous post